Duerch d'Reform gëtt de Stage am Fondamental, grad wéi am Rescht vun der Fonction publique, op zwee Joer reduzéiert.
Ënner verschidde Konditioune kann déi Dauer nach eng Kéier gekierzt ginn. Am Secondaire hunn d'Fonctionnairen och d'Méiglechkeet vun enger Reduktioun vun engem Joer op zwee Joer, wa si während de Studien eng praktesch Erfarung hunn. Och do gëtt de Memoire ofgeschaaft. Si mussen awer ënner anerem ee pedagogesche Fuerschungsprojet virweisen.
Neireegelung vun de Formatioun während dem Stage
Während dem Stage gëtt d'Formatioun reforméiert. Bis elo ware 84 Stonne virgesinn, dobäi koume 24 Stonnen iwwer d'Legislatioun. An Zukunft kréien d'Enseignanten an der Grondschoul 30 Stonne Gesetzgebung operluecht, an 30 Stonnen Ausbildung, déi un de Besoine vum Enseignant ugepasst sinn.
Mam Kanner- a Jugendschutz an den Autorerechter ginn zwou nei Thematiken ageféiert. D'Gesetz trëtt schonn am Hierscht a Kraaft. Eng Iwwergangsreegelung fir déi Enseignanten, déi schonn am Stage sinn, ass och an deem Gesetz virgesinn.