Radioen

On air

Notturno  |  Brian Eno - Needles In The Camel's Eye

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Méi Länner an den Euro an een EU-Wirtschaftsminister

Etat de l'Union

Méi Länner an den Euro an een EU-Wirtschaftsminister

Bei der Ried zur Lag vun der Europäescher Unioun huet de Komissiounspresident Jean-Claude Juncker vill Reformen ugekënnegt. Seng Proposen zur Erweiderung vun der Eurozon dierft fir Diskussioune suergen. Iwwer Migratioun huet hie wéineg geschwat.

auto_stories

2 min

D'Situatioun an der EU ass haut méi positiv wéi nach d'lescht Joer, sot de Jean-Claude Juncker a senger Ried zur Lag vun der Europäescher Unioun. Zu Stroossbuerg huet den EU-Kommissiounspresident dozou opgeruff, dee positive Wand ze notzen. Säin Zil ass et, bis Mäerz 2019 méiglechst markant Reformen op de Wee ze bréngen. Dat ass kuerz ier Groussbritannien aus der EU austrëtt.

Zanter datt den Donald Trump President vun den USA ass, wéilt jidderee mat der EU Handelsverträg ofschléissen. An d'Europäesch Unioun sollt dat och maachen, notamment mat Japan, Mexico, Australien an Neiséiland, sou de Jean-Claude Juncker. Fir laangwiereg Verhandlungen ze vermeiden, sollen zukünfteg Verträg net alles ofdecken. Si sollen ofgespeckt ginn. Kriddeleg Sujete wéi Schiidsgeriichter kënnen ausgeklamert ginn.

Europäesche Wirtschafts- a Finanzminister

Wat d'Zukunft vun der EU an notamment der Eurozon ugeet, sollte sech méiglechst all EU-Länner dem Euro uschléissen, sou de Jean-Claude Juncker. Hien huet sech géint een "Europe à deux vitesses" ausgeschwat, an och géint d'Iddi vun engem extrae Budget fir d'Eurozon.

Konkret proposéiert den Kommissiounspresident, datt een neie Poste vun engem Europäeschen Wirtschafts- a Finanzminister geschaaft gëtt. Dee Posten géif dem Wonsch vun der Kommissioun no e Vizepresident vun der Kommissioun iwwerhuelen, deen dann och President vum Eurogrupp wier. De Jean-Claude Juncker proposéiert och, datt de Poste vum Conseilspresident an dee vum Kommissiounspresident fusionéiere sollen. Mat manner Presidente wier Europa méi einfach ze verstoen.

Wéineg zu Migratioun

Migratioun huet genee aacht Minutte vum Jean-Claude Juncker senger Ried vu ronn enger Stonn ausgemaach. Hien huet virun allem drop gepocht, datt legal Weeër fir d'Migratioun misste fonnt ginn. Konkretes sot hien an deem Kontext awer net.

Et gouf kaum Kritik u Länner déi keng Refugiéen ophuelen. Nom Uerteel vum Europäesche Geriichtshaff, dat der Komissioun de Réck stäerkt, hätt een dat kéinten erwaarden. De Jean-Claude Juncker ass allerdéngs op d'Wichtegkeet vum Europäesche Geriichtshaff agaangen. D'Memberlänner hätte sech verflicht Uerteeler unzëerkennen a si missten dat och maachen.


D'Danièle Weber, den 13. September live vu Stroossbuerg:

Lag vun der Uniounplay_arrow