Radioen

On air

Tockcity  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Méi Mëttel fir d'Giischtercher

Samir Djennas

Méi Mëttel fir d'Giischtercher

Méi Formatiounen a Sécherheetsequipementer fir all d'Giischtercher, dat si Fuerderunge vun der AAP, der Associatioun vun de Giischtercher. Schonn zanter e puer Jore froen d'Giischtercher eng Opwäertung vun hire Karriären an der Fonction publique. An deem Dossier wier bis elo nach net vill geschitt, betount de Samir Djennas, President vun der AAP, der Association des agents pénitentiers. Besoine géifen et och beim Gesondheetsschutz ginn.

auto_stories

2 min

De ganzen Interview lauschterenplay_arrow


D'Giischtercher plädéieren fir nei Basis-Equipementer fir hir Gesondheet besser kënnen ze schützen. Et bräicht een zum Beispill am Ëmgang mat den Detenuen anstänneg Händchen an dat géif fir d'Beamten am Allgemengen gëllen, dat heescht fir d'Giischtercher a fir de Groupe d'intervention pénitentier, betount de Samir Djennas.

" A punkto Material bräicht een eng Basisdotatioun. Een deen op de Chantier schaffe geet, kritt automatesch Sécherheetsschong a Sécherheetshelmer. Mir wëllen och Gesondheetsschutzequipementer. An esou Saache goufe bis elo nach ni un d'Läit verdeelt, déi bei eis schaffen oder bei eis ufänken."

An engem Communiqué hat d'Prisongsverwaltung präziséiert datt Equipementer fir de GRIP bestallt gi sinn, mee d'Liwwerung hätt wéinst dem Confinement an der Pandemie Verspéidung.

D'Giischtercherassociatioun betount awer datt fir all d'Beamten esou Schutzmaterial misst disponibel sinn. Et hätt een awer reegelméisseg Entrevuë a Gespréicher mat der Direktioun, ënnersträicht de Samir Djennas.

Zougang zu Formatioune garantéieren

D'Membere vum GRIP hätten der Associatioun vun de Giischtercher matgedeelt, datt si Formatioune proposéiert kréien. Zäitlech a personaltechnesch wier et net ëmmer méiglech reegelméisseg hire Recyclage kënnen ze maachen. Och d'Giischtercher missten den Zougang zu Formatioune garantéiert kréien, fuerdert d'AAP.

Éischt Hëllef a Gestioun vu Krisesituatiounen

Fir d'Sécherheet vun de Beamten ze verbesseren, misst et vun Ufank u spezifesch Formatioune ginn, erkläert de Samir Djennas.

"Ech denken do un een éischt Hëllef Cours, wou ee léiert wéi een d'Material ka benotzen. Jiddwereen deen am Prisong schafft kéint dovu profitéieren an am Eeschtfall eng Hëllef leeschten. Wichteg wier et Coursen unzebidden iwwert déi legitime Défense. Do kéinten d'Beamte léiere wat d'Proportionalitéit vun enger legitime Défense ass a wéi ee kann a verschidde Situatioune reagéieren, wann een dermat konfrontéiert oder ugegraff gëtt. Dat si fir ons Basisformatiounen déi wärend dem Stage scho missten ofgehale ginn."

An de nächste Jore rekrutéiert d'Prisongsverwaltung, esouvill Giischtercher ewéi nach ni virdrun. De Prisong fir Untersuchungshäftlingen um Uerschterhaff soll nämlech viraussiichtlech 2023 prett sinn. Do wier et extrem wichteg datt déi Formatiounen elo scho géingen ulafen, fuerdert de Samir Djennas.