Dat hätten Erfahrungen an der Stad gewisen: Zum Beispill géifen däitlech méi Gemengenaarbechter op den ëffentlechen Transport zeréckgräifen, zanter si gratis Abonnementer offréiert kréien.
"Als Stad Lëtzebuerg hu mir eise Mataarbechter bis d'lescht Joer den M-Pass fir 150 Euro d'Joer zur Verfügung gestallt. Dee Moment haten eng 500 Leit dovu Gebrauch gemaach. De neie Schäfferot huet, op meng Propositioun hin, alle Mataarbechter, dei et wëllen, den M-Pass gratis zur Verfügung gestallt. Wei vill Leit benotzen den M-Pass elo? Iwwer 3.000: 3.200."
Den Transportminister François Bausch hat virun zwou Woche gesot, hie géif net dovun ausgoen, datt de gratis Transport fir méi Passagéier suergt.
Finanziell Entschiedegung wéinst Chantier
Enn 2020 soll den Tram vun de Foireshalen um Kierchbierg bis op d'Gare fueren. Fir d'Streck auszebaue sinn e sëlleche Chantier an der Stad néideg. Et ass nach net kloer, ob Geschäftsleit, déi vum Tramschantier betraff sinn, finanziell entschiedegt ginn. D'Lydie Polfer seet dat misst an de nächste Méint vun engem Aarbechtsgrupp gepréift ginn.
"Am Projet de Loi vum Tram ass virgesinn, datt esou ee Comité kéint agesat gi fir ze kucken, wann ee besonnesch vill géif verléieren. Den ass och agesat ginn, an du sinn eng Rei Demande komm."
Mat wéi vill Remboursementer d'Geschäfter rechne kéinte géif vum Chiffre d'affaires ofhänken. Genee Kritäre géifen et nach keng ginn.
Weider wier et och eng Definitiounsfro, wou de Chantier ufänkt a wou en ophält. "Huelt de Chantier an der rue Aldringen. Dat ass en décke Chantier, den huet awer elo näischt direkt mam Tram ze dinn. Mee och déi Geschäfter, dei do sinn, haten natierlech elo e puer schwéier Joren. Duerno gëtt et dann ëmsou méi schéin.", esou d'Lydie Polfer.