Radioen

On air

De Moien  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Méi Pluralitéit an der Literatur!

Fräie Mikro

Méi Pluralitéit an der Literatur!

"La représentation de la diversité dans la littérature", dat war den Titel vun enger Konferenz, déi am Kader vum Projet "Visible" aus dem Nationalen Aktiounsplang fir Integratioun vum Familljen- an Integratiounsministère, e Samschdeg, den 30. Abrëll um Lampertsbierg stattfonnt huet. Am Fräie Mikro geet d'Antonia Ganeto, Spriecherin vu Finkapé a Member vun der Mënscherechtskommissioun, op d'Conclusioune vun dësem Austausch an.

auto_stories

3 min

Kennt dir dës Situatioun? Dir sidd an äert Liblingsbuch verdéift, duerchlieft mam Hanni a mam Nanni vill flott Momenter am Internat a stellt iech vir, wéi et wuel wier, dat mat hinnen z'erliewen. Dir äifert ären Helden no, stellt iech hir Welt vir, wéi et wier eng Frëndin vun hinnen ze sinn, auszegesi wéi si. Do klappt eppes net! Si gesinn net sou aus wéi ech! Ech kann net sou si wéi si. Dat ass ee Gefill, dat net nëmmen ech, mee vill Kanner hunn, well si an der Literatur net duergestallt ginn.

An der Konferenz "La représentation de la diversité dans la littérature", organiséiert vun Ally Book Club a Finkapé, an Zesummenaarbecht mam interkulturelle Bildungszentrum IKL, goung et genee dorëms. D'Bicher weisen eis ee Bild vun der Realitéit, un deem mir eis orientéieren. Si prägen eise Bléck op d'Welt. Dofir ass et der Rudine Sims Bishop no wichteg, datt Bicher e Spigel sinn, an deem mir eis erëm erkennen, an eng Fënster, wou mir Zougang zu anere Realitéite fannen an eis an d'Zukunft projezéiere kënnen.

Fort vu stereotypéierte Duerstellungen

D'Conférencière Elodie Malanda, déi sech mam Bild vun Afrika an der Kanner- a Jugendliteratur beschäftegt huet, seet, datt dat fir vill Kanner, déi der wäisser, heterosexueller, gesonder Norm net entspriechen, seelen de Fall ass. Hinne sinn Niewerolle virbehalen. Et sinn d'Helden aus der Geschicht, déi si retten.

Op der enger Säit féiert dat zu engem Mangel u Selbstwäertgefill bei deene Leit, déi ni duergestallt ginn. Op der anerer Säit ginn d'Perspektive vun deene Leit net duergestallt, well den Zougang zu de Wierker vu betraffenen Autor:innen schwéier ass.

Zougang zu aneren Realitéite schaafen, fir Toleranz an Empathie ze fërderen

Dofir huet déi aner Conférencière, d'Celestina Jorge Vindes, zu Bréissel eng Bibliothéik gegrënnt, mat Afro-karibescher Literatur. Hir geet et dobäi net drëm Literatur fir Minoritéiten unzebidden, mee fir sécherzestellen, datt jidderee Geschichte fënnt, an déi hatt oder hie sech projezéiere kann. Si seet, datt mir eng Offer brauchen, wou jiddereen sech representéiert fillt, fir eis kënnen eng Welt virzestellen, déi der Pluralitéit an där mir liewen, gerecht gëtt. Och d'Elodie Malanda huet betount, wéi wichteg et ass, fir d'Pluralitéit vun de Perspektiven duerzestellen, fir eng méi tolerant Gesellschaft ze schafen. Si warnt awer, datt dat kee Moudeeffekt dierf sinn.

Et ass kruzial, datt mir d'Pluralitéit vun der Realitéit an der Literatur duerstellen. D'Verläg hunn ugefaangen op dee Wee ze goen. Et deet sech eppes! Mir hunn awer nach ee wäite Wee virun eis!


Mam Zil fir déi ëffentlech Debatt ze fërderen, invitéiert de radio 100,7 am Fräie Mikro Leit aus der Zivilgesellschaft fir aktuell Theemen ze kommentéieren. De Fräie Mikro ass e Gaaschtbäitrag mat Richtlinnen, am Respekt vun eisem Cahier des Charges, ënner der finaler Responsabilitéit vum radio 100,7. Dëse Bäitrag gëtt d'Meenung vu sengem Auteur erëm an net vun der Redaktioun.