Anit-Tubak Gesetz Méi Restriktioune fir Fëmmerten

Dat neit Anti-Tubak-Gesetz trëtt a Kraaft, a setzt eng deementspriechend EU-Direktiv ëm. D'Fëmmen a Präsenz vu Kanner gëtt ageschränkt. Fir Zigaretten ze kafe muss een 18 Joer al sinn an de Konsum vun elektroneschen Zigarette gëtt méi streng reguléiert.

Fanny Kinsch / ys

Jonke Mann fëmmt elektronesch Zigarett
D'elektronesch Zigarett gëtt mat der klassescher Zigarett gläichgestallt (Foto: Bigstock / Fedorovacz)

D'Fondation Cancer begréisst dat neit Anti-Tubak-Gesetz. Deen Text géif deelweis méi wäit goen, wéi vun der EU virgesinn. Zum Beispill, datt net méi op Spillplazen dierft gefëmmt ginn, seet d'Maiti Lommel vun der Fondation Cancer. Oder a Sports-Etablissementer, wa Jugendlecher ënner 16 Joer dobäi wieren, respektiv am Auto, wa Kanner ënner 12 Joer dobäi sinn. Och datt d'elektronesch Zigarett an d'Chicha mat der konventioneller Zigarett gläich gestallt wieren, begréisst d'Fondatioun.

D'Gefore vun der E-Zigarett

Zu Lëtzebuerg géifen nach net vill Leit elektronesch Zigarette fëmmen. Et wier awer gutt, datt de Konsum reguléiert gëtt, sou d'Maiti Lommel.

De Konsum vun elektroneschen Zigarette wier virun allem bei Jonke problematesch, seet d'Chefin vun der präventiver Medizin beim Gesondheetsministère, d'Dr. Simone Steil. "Dat kann nämlech eng Porte d'entrée sinn, fir de Tabagisme méi spéit." Etude géife weisen, datt vill Jonker mat der elektronescher Zigarett ugefaangen hätten, an duerno op déi klassesch Zigarett ëmgeklomme wieren.

Bei der Fondatioun Cancer ass een der Meenung, datt ee nach keng generell Aussoen zum Konsumverhale bei elektroneschen Zigarette kéint maachen. Et géifen nach net vill Etude ginn, a scho guer keng Laangzäit-Etuden, seet d'Maiti Lommel.

"Dat ass schonn eng Gefor, datt verschidde Leit vläicht duerch d'E-Zigarett herno op Zigaretten ëmsprangen. Mä a verschiddene Länner ass awer och gewise ginn, datt dat do net de Fall ass. A Frankräich zum Beispill."

Aromastoffer ëmstridden

Mam neie Gesetz ginn och d'Aromen an normalen Zigarette verbueden, net awer bei den elektroneschen Zigaretten. Dat kéint nach nokommen, wann d'EU et virgesäit, sou d'Dr. Simone Steil.

D'Maiti Lommel mengt, et wier schwéier Aromastoffer bei elektroneschen Zigaretten a bei Waasserpäifen ze verbidden. Dat wier en Deel vun der Attraktivitéit vun dëse Produkter.


De Bäitrag vum Fanny Kirsch vum 1. August 2017

Anti-Tubak-Gesetz

Méi zum Thema

Fra fëmmt E-Zigarett
Anti-Tubak

Zu Lëtzebuerg stierwen all Joer 1.000 Leit un de Suitë vum Tubak. Duerch déi geplangten Ännerungen um Antitubaksgesetz solle virun allem déi Jonk besser geschützt a vum Fëmmen ofgehale ginn.

Programm

  • Virum Dag

  • On air

    Moies-Magazin

  • Noriichten

  • Den 100,7-Klassesall

  • Iwwer Mëtteg

Praktesch Infoen

Dossieren

  • Coronavirus

    Den neiaartege Coronavirus Sars-CoV-2 breet sech ëmmer méi aus. De Virus léist d'Krankheet COVID-19 aus. Wéi eng Mesurë gi geholl, a wéi een Impakt huet en op Lëtzebuerg?

  • Gratis ëffentlechen Transport

    Den ëffentlechen Transport zu Lëtzebuerg ass vum 29. Februar u gratis. Dat haten d'Majoritéitsparteien Enn 2018 esou decidéiert. An eisem Dossier fannt Dir all eis Artikelen zum Theema.

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen