Radioen

On air

Notturno  |  Mutiny On The Bounty - Ice Ice Iceland

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Méi Steiere fir grouss Entreprisen

Steierpolitik

Méi Steiere fir grouss Entreprisen

D'Staatsbeamtegewerkschaft fuerdert e méi gerechte Steiersystem. Grouss international Entreprisë géifen am Verglach mat Privatpersounen net genuch Steiere bezuele, seet de Romain Wolff.

auto_stories

2 min

Lëtzebuerg dierft sech net um internationale Steierdumping bedeelegen, fuerdert de President vun der CGFP. Et géif ëmmer probéiert gi fir "schéi Konditiounen" ze schafen, sou datt Fongen a grouss Entreprisen op Lëtzebuerg kommen. "Am beschte keng Steiere méi bezuelen. Mee da muss ee sech awer froen, wéi een dat Ganzt um Lafe wëllt behalen, well da sinn et jo herno d'Personnes physiques, déi alles bezuelen." Dat wiere Leit aus dem Privatberäich, mee och Leit, déi beim Staat a bei de Gemenge schaffen, seet de Romain Wolff.

Erofsetze vun der Stagezäit

D'Staatsbeamtegewerkschaft CGFP begréisst, datt d'Stagezäit am ëffentlechen Déngscht gekierzt gëtt. Wien ufänkt beim Staat ze schaffen, muss an Zukunft just nach zwee Joer Stage maachen, a keng dräi Joer méi. Den CGFP-President Romain Wolff fënnt dat eng gutt Saach, et kéint awer och zu Schwieregkeete féieren.

Bei verschidde Verwaltunge wier et méi schwiereg, "well do d'Matière méi vast ass". Hei misst een d'Gespréich sichen a kucken, wéi een dat kéint reegelen, datt net ze vill Schwieregkeeten optauchen, mengt de Romain Wolff. Grad bei Leit, déi momentan nach am Stage sinn, misst een dann eng Léisung fannen, well een de Stage net einfach kéint ofbriechen. "Wéi dat da konkret soll ausgesinn, kann ech och am Moment net soen." De Romain Wolff denkt hei spezifesch u Verwaltungen, notamment d'Steierverwaltung.