Radioen

On air

E-Lodie  |  E-Lodie

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Méi streng Waasserschutzzonen um Stauséi

Waasserschutz

Méi streng Waasserschutzzonen um Stauséi

Um Stauséi sollen zousätzlech restriktiv Waasserschutzmoossnamen an der Landwirtschaft gëllen. D'Gemengen an d'Landwirtschaftskammer kritiséieren déi nei Oploen, se kéinten an der Praxis net agesat ginn. D'Ëmweltministesch ass op fir den Dialog a fir no gemeinsame Léisungen ze sichen. D'Zil ass et, den Drénkwaasser-Reservoir ze schützen.

auto_stories

3 min

De Stauséi huet eng Capacitéit vu ronn 60 Millioune Meter Cube Waasser. 40 Prozent vum Drénkwaasser, dat am Grand-Duché consomméiert gëtt, kënnt aus Stauséi. Dofir gëtt et an de sechs Gemenge ronderëm Waasserschutzzonen.

Iwwer e Règlement grand-ducal ginn zousätzlech Schutzmoossnamen opgelëscht, déi awer schwéier ëmzesetze wieren, seet de Buergermeeschter vu Rammerech, den Antoine Rodesch. An de Wisen, duerch déi eng Baach leeft, missten d'Baachleef ëmzonkt ginn. Dat wier machbar, et wier awer eng grouss Contrainte fir d'Baueren, déi déi Wise benotzen, well d'Wis doduerch an zwou Parzelle gespléckt géif ginn, sou den Antoine Rodesch. "Dat ass net grad fërderlech, well d'Béischten net méi dierfen drénke goen. Dann ass och d'Haltung vun de Päerd ee Problem, déi dierften am Wanter net méi op d'Wis, wat géint d'Natur ass vun deene Béischten."

Déi sechs Gemengen, déi duerch d'Waasserschutzzone concernéiert sinn, hunn dat geplangtent groussherzoglecht Reglement dowéinst verworf. Am Ganze gouf et 335 Stellungnamen zu deem Reglement. D'Ëmweltministesch Carole Dieschbourg huet bei engem Treffe mëndlech versprach, déi Texter géife geännert ginn. Et géif een op den Dialog setzen, esou den Antoine Rodesch.

An den nächste Woche wäert een nach enge Kéier Kontakt mat de Gemengeresponsabelen ophuelen, fir Ännerunge virzeschloen, wat d'Hëllefe fir d'Baueren ugeet, seet d'Ëmweltministesch Carole Dieschbourg. Dat wier mam Landwirtschaftsminister Romain Schneider ofgeschwat. Dono géif d'Reglement dann am Regierungsrot ugeholl ginn.

Divergenzen iwwer Ursprong vun Nitrat a Phosphat

Reegelméisseg entwéckele sech um Stauséi Bloalgen, déi schiedlech fir d'Gesondheet sinn. De Phosphor am Waasser wier eng Erklärung dofir. D'Landwirtschaftskammer huet an hirem Avis zu de Waasserschutzzone ronderëm de Stauséi kritiséiert, datt et keng genee Analysen iwwer d'Waasserqualitéit am Allgemenge géif an och net gekläert wier, wouhier den Nitrat an de Phosphor stamen. D'Ëmweltministesch Carole Dieschbourg kontestéiert dat, däitsch a Lëtzebuerger Instituter hätten déi Analyse gemaach.

D'Mossnamen, déi an de leschte Jore geholl goufen, géifen iwwerdeems Friichten droen, seet d'Carole Dieschbourg, dat géifen Analysen och bestätegen. "Mir gesinn haut schonn, datt mir ee Réckgang hunn, doduerch datt mir mat der Landwirtschaft schonn éischt Schrëtt gemaach hunn."

De Phosphor spillt keng sou eng grouss Roll bei der Düngung, seet den Antoine Rodesch. Déi landwirtschaftlech Aktivitéite wieren deemno nëmmen zum Deel dru Schold. D'Ofwaasser vun de Privatstéid missten och mat betruecht ginn, seet de Pol Gantenbein vun der Landwirtschaftskammer. "Ronn 95 Prozent vum Phosphor, deen am Stauséi fonnt gëtt, kënnt net aus der Landwirtschaft. A wann ee seet, d'Landwirtschaft misst an der Phosphordüngung zeréckschrauwen, dann deet dat de Bauerebetriber scho wéi, mee dat bréngt der Qualitéit vum Stauséiwaasser näischt. Dat heescht, et muss ee Moossnamen ëmsetzen an do usetzen, wou d'Pollutiounen entstinn", sou den Antoine Rodesch.

Sedimenter begënschtegen Algewuesstum

Ee weidere Problem stellen d'Sedimenter duer. Bei der Misères-Bréck hu sech Sedimenter ugesammelt, déi och Phosphater a Phosphor enthalen. Den Ëmweltministère hat ugekënnegt, datt déi sollten entsuergt ginn. Déi niedeg Etüde wieren am Gaangen, sou d'Ëmweltministesch Carole Dieschbourg.

Wéinst deene Sedimenter ass de Stauséi op deene Plazen net déif genuch, sou datt d'Alge sech duerch d'Liicht méi séier kënnen entwéckelen, seet den Antoine Rodesch, Buergermeeschter vu Rammerech.

Prinzipiell géif sech awer wéinst deene geplangte Restriktiounen d'Fro vun de landwirtschaftlechen Aktivitéite stellen, seet de Pol Gantenbein.