D'Ministerin baséiert sech dobäi op aktuell Aussoe vun der EU-Kommissioun. Déi Lëtzebuerger Regierung géif keng Eegeninitiativ plangen iwwer d'Verhandlunge vun der EU-Kommissioun eraus Impfstoff ze kafen.
Bei der Decisioun, wéi eng Leit hei am Land prioritär solle geimpft ginn, soll der Entwécklung vun der Epidemie Rechnung gedroe ginn. International Recommandatiounen, wéi z.B. vun der Weltgesondheetsorganisatioun, sollen awer och mat afléissen.
Der WHO no gëlle vulnerabel Persounen a Leit aus de Gesondheets- a Fleegeberuffer als prioritär, esou d'Gesondheetsministerin.