Datt de Lëtzebuerger Staat gratis Gebaier fir international Institutiounen stellt, ass keng ongewéinlech Prozedur. Et wier gutt, datt Lëtzebuerg alles géif maachen, fir d'Europäesch Bankenopsiicht an d'Land ze kréien, sou d'CSV.
Trotzdem stellt den CSV-Deputéierte Laurent Mosar sech Froen:
"Geet de Staat elo e Compromis mam Proprietär vun deem Immeuble maachen? Gëtt hei eng Locatioun gemaach? A wéi ass et, wann déi Bank dann en fin de compte net op Lëtzebuerg kënnt?"
Et wier normal, wann d'Chamber op déi Froe géif Äntwerte kréien.
Dat neit Gebai mat enger Surface vu 4.200 Quadratmeter op fënnef Stäck soll op der Areler Strooss entstoen. Bis Enn 2018 soll d'Constructioun fäerdeg sinn a Plaz bidde fir bis zu 244 Mataarbechter.
Indirekten Impakt duerch Formatiounen
Och wann d'Europäesch Bankenopsiicht kee sou e groussen, reellen Impakt hätt wéi zum Beispill d'Europäesch Zentralbank zu Frankfurt, wier et eng wichteg Institutioun, seet de Carlo Thelen vun der Chambre de Commerce.
"Den indirekten Impakt ass net negligeabel. Well déi EBA och Coursen organiséiert, notamment Cours de supervision banquaire. Do goufen et zum Beispill 2016 zu London iwwer 1.200 Participanten. Dee ganze Volet Formatioun ass en Zeeche vu Qualitéit a Spezialisatioun, wou och eis CSSF kéint deelhuelen."
D'Kandidatur fir d'Europäesch Bankenopsiicht op Lëtzebuerg ze kréie wier virun allem och wichteg fir d'Finanzplaz ze festegen. Där Meenung ass de Serge Decilia vun der Bankenassociatioun ABBL.
"Fir ze weisen, datt mir international sinn, awer och am Beräich vum Reglementaire gutt opgestallt sinn. An et mécht och Sënn am Verglach zu aneren europäeschen Institutiounen, déi schonn zu Lëtzebuerg sinn, an deem Beräich. Notamment d'Europäesch Investitiounsbank, den Europäeschen Investitiounsfong an de Stabilitéitsmechanismus ESM."
Nieft dem Grand-Duché hu siwen aner Stied hir Kandidatur gestallt: Frankfurt, Paräis, Bréissel, Wien, Prag, Warschau an Dublin. Bis Enn September soll d'EU-Kommissioun d'Demanden auswäerten. Den 19. Oktober sollen d'EU Staats- a Regierungscheffen da viraussiichtlech iwwert de Sëtz vun der EBA diskutéieren.
Link: Kandidatur um Site vun der Regierung
De Bäitrag vum Maxi Pesch vum 2. August 2017: