Radioen

On air

Trendscheif  |  Nilüfer Yanya - Like I Say (I Runaway)

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Méiglechen Opkaf vu Luxair-Parten: François Bausch äussert sech net

Luxair-Parten

Méiglechen Opkaf vu Luxair-Parten: François Bausch äussert sech net

Huet de Staat Wëlles d'Luxair-Parte vun der BIL ze iwwerhuelen, wann d'Bank dës verkeeft? De gréngen Transport-Minister François Bausch wëllt sech dozou op Nofro hin net äusseren. Nach hätt d'BIL d'Intentioun fir hir Luxair-Parten ze verkafen den aneren Aktionären net offiziell matgedeelt - et wier also ze fréi dat ze kommentéieren.

auto_stories

1 min

Den Transportminister François Bausch. Foto: Archiv

Datt d'BIL aus dem Aktionariat vun der Luxair kéint eraus klammen, wier schonn zu sengem Amtsuntrëtt als Transportminister 2013 am Gespréich gewiescht.

De François Bausch seet, d'Luxair wier fir Lëtzebuerg systemrelevant. De Staat wier dowéinst ëmmer bereet dëser Entreprise duerch eng Kris ze hëllefen.

Datt elo iwwer ee méigleche Verkaf vun de Parten ëffentlech diskutéiert gëtt, wier "speziell", fënnt de Minister. Bei der Luxair géifen et Statuten a Reegele ginn an et wiere Prozeduren en place, wéi ee seng Parte kéint verkafen, respektiv wien ee Virkafsrecht huet.

"Dat muss einfach alles respektéiert ginn. All Bank, oder jiddwereen, wou Aktionär ass, mécht, wat e fir richteg oder falsch hält. Mee selbstverständlech: ech ginn awer an d'Chamberkommissioun an do wäert ech kloer d'Positioun vertrieden, déi mir als Regierung wëllen anhuelen 'le moment venu'. Mee den Ament steet dat alles net un."

De radio 100,7 hat d'lescht Woch gemellt, datt d'BIL hir 13 Prozent vun de Parte vun der nationaler Fluggesellschaft wëll verkafen. De BIL-President Luc Frieden huet déi Informatioun confirméiert. Konkret Gespréicher an och een Zäitplang géifen et awer nach net ginn.