Radioen

On air

Resonanzen  |  Joseph Haydn - Sinfonie Nr.87 a La Majeur, IV. Finale Vivace - Orchestre de chambre de Paris, Douglas Boyd (Dir.)

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ "Member vun der EU ginn, ass fir d'Ukrain de Wee fir heem"

WOLODYMYR SELENSKYJ ZU BREISSEL

"Member vun der EU ginn, ass fir d'Ukrain de Wee fir heem"

De Wolodymyr Zelenskyj huet zu Bréissel virun allem Merci gesot fir déi grouss Ënnerstëtzung fir säi Land vun der EU. Hie gesäit positiv Signaler vu verschiddene Staats- a Regierungscheffe fir weider Waffeliwwerungen.

auto_stories

3 min

Foto: picture alliance / SvenSimon-PressServiceOfUkraine | Press Office of Ukraine

Lauschterenplay_arrow


Member vun der Europäescher Unioun ze ginn, ass fir d'Ukrain de Wee fir heem ze kommen - dat sot den ukrainesche President Wolodymyr Zelenskyj um Donneschdeg Moien am Europaparlament zu Bréissel.

No senger Visitt gëscht zu London an zu Paräis war hien dee ganzen Dag an der belscher Haaptstad op Besuch. Och um EU-Sommet huet hie virun de 27 EU-Staats- a Regierungscheffen eng Ried gehalen. De Wolodymyr Zelenskyj huet all Kéiers d'Gemeinsamkeeten tëscht der Ukrain an der Europäescher Unioun ervirgestrach an an éischter Linn Merci gesot, fir déi grouss Ënnerstëtzung, déi säi Land zanter bal engem Joer kritt.

Keng offensiv Demande fir Kampfjet

Mat offensiven Demanden huet hie sech awer am Contraire zu senger Interventioun zu London éischter zeréckgehalen. Et war d'Parlamentspresidentin, déi sech ouni grouss Ëmweeër op eng vun den Haaptrevendikatioune vum ukrainesche President bezunn huet.

"D'Länner mussen elo séier déi Laangstreckerakéiten a Kampfjette liwweren, déi dir braucht fir de Krich ze gewannen", sou d'Roberta Metsola.

No senger Ried virun de Staats- a Regierungscheffen, sot de Wolodymir Zelensky, hien hätt d'Gefill krut, datt déi 27 wéi hien dovun iwwerzeegt sinn, datt et ee laangfristege Fridden an der Ukrain nëmme ka ginn, wann d'Land Member vun der Europäescher Unioun gëtt.

EU-Bäitrëttsgespréicher nach 2023

Déi Memberschaft wier nieft der Souveränitéit an dem Wonsch no Fridden ee vun de Grënn fir seng Truppe virun ze kämpfen. An d'Bäitrëttsgespréicher misste sou séier wéi méiglech ufänken, sou den ukrainesche President direkt un d'Adress vum Conseilspresident Charles Michel.

"Dëst Joer, dat heescht 2023, Charles", sou den ukrainesche President am Laachen.

"Mir musse nach méi maachen", sot d'Kommissiounscheffin Ursula von der Leyen. Ausser der Annonce, datt een zéngte Sanktiounspak géint Russland um Wee ass, krut de Wolodymyr Zelenskyj awer keng konkret Zousoen.

"Hie kéint net mat eidelen Hänn zeréckkommen", sot dozou den héije Gaascht aus dem Krichsland an huet op Nofro an éischter Linn London ernimmt an d'Annonce vun engem britteschen Ausbildungsprogramm fir Pilote vu Kampfjetten.

Et hätt awer vun der Säit vun den EU-Staats- a Regierungscheffe positiv Signaler ginn. Déi misste sech nach konkretiséieren, sou den ukrainesche Leader, dee bis an de spéiden Nomëtteg Gespréicher mat eenzele Staats- a Regierungscheffen, dorënner dem Xavier Bettel, a klenge Gruppen hat.