Et gëtt zwou Enquêten, déi de President selwer a säin enke Krees a Gefor bréngen. Éischtens natierlech d'Russland-Enquête déi ënnersicht, ob d'Trump-Wahlequipe mat Russland zesummegeschafft huet fir d'Victoire 2016 an d'Defaite vun der Hillary Clinton ze erméiglechen. Déi Enquête mécht dem Donald Trump manner Suergen, si ass eng Hexejuegd, seet hien, a si huet effektiv nach kee klore Lien fonnt tëschent Russland an dem Resultat vun de Wahlen.
Dat heescht net, datt Membere vum Trump sengem enke Krees et net probéiert hunn all negativ Informatiounen iwwer dem Trump seng Géignerin ze sammelen, egal vu wou si koumen. Mee d'Russland-Enquête huet bis elo eppes aneres fäerdegbruecht: Si huet e puer vum Trump senge Finanzen a Geschäfter public gemaach.
Michael Cohen am Viséier
An do kennt dem President säi fréieren Affekot Michael Cohen un d'Ëffentlechkeet. Hien ass ee vu ville Businesspartner vum Donald Trump, déi virum Spezial-Enquêteur an der Russland-Affär, dem Robert Mueller temoignéiert hunn. Och dem Kongress huet de Cohen sech misse stellen. An do huet hie gelunn, iwwer dem deemolege Kandidat säin Interessi en Trump Tower zu Moskau ze bauen.
Mee dat ass fir den Ament niewesächlech. Well d'Russland-Enquête huet zu aneren Enquêtë gefouert, an déi wichtegst ass déi, déi zu dëser Prisongsstrof vun dräi Joer gefouert huet.
E Verstouss géint d'Wahlkampfgesetz
De Michael Cohen huet illegal Geschäfter am Numm vum Kandidat Donald Trump a vu senger Wahlcampagne gemaach, an déi goufe vum Donald Trump selwer gefuerdert. De Cohen ass schëlleg fir Verstéiss géint dat amerikanescht Wahlkampfgesetz.
Hien huet d'Detailer vun Affäre verstoppt, déi den Donald Trump gehat soll hunn. Dat ware Risenzommen, déi enger Porno-Schauspillerin an enger Zeitung iwwerwise goufen. Dat ass illegal, well déi Bezuelunge mam But gemaach goufen, dem Kandidat seng Chancen am Wahlkampf net ze beaflossen.
Wisou kënnt den Donald Trump net an de Prisong?
E Verstouss géint d'Wahlgesetz vun deem, deen déi Bezuelunge gemaach huet, mee och, normalerweis, vun deem deen d'Bezuelungen erméiglecht huet. Dat war den Donald Trump. Firwat kënnt hien net an de Prisong? Éischtens well et nach un e puer Beweiser feelt. Zweetens, an haaptsächlech, well den Trump President ass.
De President ass méi sécher a senger Positioun, wéi säi fréieren Affekot. Mee kéint hien no senger Zäit am Wäissen Haus ugeklot ginn? Theoretesch jo. Esou eppes ass nach ni an der amerikanescher Geschicht geschitt.