Radioen

On air

Iwwer Mëtteg  |  Sun Glitters - Secrets Feat. Drop The Gun

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Mënscherechter: "Let's make it happen"

Business a Mënscherechter

Mënscherechter: "Let's make it happen"

Kanneraarbecht, Sklaverei, Mënschenhandel. Verstéiss géint Mënscherechter sinn och Konsequenze vu der globaliséierter Konsumgesellschaft. Mee vill Konsumente wëlle keng Produite méi, déi zum Beispill vu Kanner produzéiert goufen; oder Suen a Betriber investéieren, déi Waffe produzéieren. Dowéinst integréiere vill Betriber de Respekt vu Mënscherechter fräiwëlleg an hir Business-Strategie. Et gëtt och e gewëssenen Drock, fir se gesetzlech méi dozou ze verflichten.

auto_stories

3 min

D'Lescht Woch war de Markus Löning zu Lëtzebuerg. De fréiere Mënscherechts-Beoptragte vun der däitscher Regierung huet 2014 eng Consulting Firma gegrënnt. "Löning - Human Rights and Responsible Business" beréit Entreprisen, déi an hire Corporate Social Responsability-Programmer, Mënscherechts-Standarde méi systematesch wëllen integréieren. Zu Lëtzebuerg huet de Markus Löning op senger zweeter Visite virun allem Vetrieder aus dem Banken- a Finanzsecteur begéint.

Finanzinstituter hätte ganz vill Afloss, well si vill Sue verléinen an an aneren Entreprisen investéieren. A wa si an eng Firma investéieren, da kéinte si déi Firma och opfuerdere sécherzestellen, datt d'Mënscherechter an hirer Liwwerketten agehale ginn, seet de Markus Löning.

Investmentfongen an aner Finanzproduite kënne Labelen oder Certificate kréien, wa se als gréng oder nohalteg gëllen - zu Lëtzebuerg mécht d'Agence Luxflag esou Zertifikatiounen.

Wandel vu Wäerter

D'Demande dofir géif och klammen. Mat de Millenials, also deenen, déi no 2000 gebuer sinn, kéim eng nei Generatioun vu Konsumenten an Investisseuren. De Markus Löning schwätzt vun engem Wandel vun de Wäerter. Jonk Mënsche géife vill méi staark fuerderen, datt Entreprisen am generellen an hiren Employeur Verantwortung fir dat iwwerhuelen, wat se maachen.

Entreprisë reagéieren op dëse Wandel vun de Wäerter, engersäits well se der Demande vum Maart nokommen. Gläichzäiteg lafen um politesche Plang Initiativen, fir Betriber zu Transparenz an eenheetleche Standarden, och fir Mënscherechter, ze verflichten. Do wiere Progrèse gemaach ginn, mengt de Markus Löning. An der Schwäiz hätten Affer vu Mënscherechtsverletzungen d'Recht viru Geriicht ze kloen - och wann d'Mënschrechtsverletzungen déi si erlidden hunn, an engem anere Land geschitt sinn.

Verschidden Initiativen a Gesetzer solle Mënscherechter garantéieren

En anert positiivt Beispill wier de Modern Slavery Act a Groussbritannien. Dëse géif Firmen dozou verflichten ze soen, wat si géint modern Sklaverei an hirer Liwwerkette maachen. Déi Berichtsflicht géif et och no der EU-CSR-Richtlinn ginn, an déi géif och fir lëtzebuergesch Firme gëllen.

Zu Lëtzebuerg gëtt et zanter Mäerz 2018 d'Initiativ Pour un Devoir de Vigilance. 13 Organisatiounen aus der Zivilgesellschaft sinn do regroupéiert. Si fuerderen e gesetzleche Kader, fir datt Entreprisen - och transnationaler, mat Filialen zu Lëtzebuerg - op der ganzer Linn vun hirer Wäertschöpfungsketten d'Mënscherechter respektéieren. Datt Lëtzebuerg esou e Gesetz bräicht, wier rezent nach emol bewise ginn, seet de Jean-Louis Zeien, Member vun der Initiativ. International Zeitungen hunn e méigleche Lien tëschent enger Firma zu Lëtzebuerg an dem Mord vum saudi-arabesche Journalist Jamal Kashoggi gezunn. Konkret gëtt eng Lëtzebuerger Filial, déi an de Verkaf vun enger Spionagesoftware implizéiert ass, déi mam Doud vum Journalist ze di soll hunn, seet de Jean-Louis Zeien.

Lëtzebuerg um richtege Wee, mee weider Efforten néideg

Am Koalitiounsaccord vun der neier Dräierkoalitioun steet, d'Regierung wier op d'mannst bereet, d'Méiglechkeet vun engem Gesetz fir en "Devoir de diligence" ze studéieren. Hie weist och op den nationalen Aktiounsplang hin, deen d'Regierung 2018 ugeholl huet, fir d'UNO Richtlinnen iwwer Entreprisen a Mënscherechter vun 2011 ëmzesetzen.

"Wa mir dat eescht menge mat der Kandidatur vu Lëtzebuerg fir 2022 fir an de Comité des droits de l'homme vun de Vereente Natiounen ze kommen, mee dann - let's make it happen."

Mat méi strenge Reegele fir de Respekt vun de Mënscherechter, kéint dat klengt Lëtzebuerg an der globaliséierter Wirtschaft also e groussen Ënnerscheed maachen.