Radioen

On air

De Moien  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Mënschlechkeet a Gerechtegkeet

Coronavirus

Mënschlechkeet a Gerechtegkeet

D'Ethikcommiteeë vun de Spideeler hu Richtlinnen ausgeschafft fir de Fall, wou d'Intensivbetter ze knapps gi fir all Patienten ze behandelen. Bis elo si genuch Better do, mee falls muss tëschent deem engem an deem anere Patient e Choix gemaach ginn, soll keen diskriminéiert ginn.

auto_stories

4 min

D'Mënschlechkeet a Gerechtegkeet, seet de President vum Ethik-Kommitee vum CHL, de Fernand Pauly, sinn déi iwwergeuerdent Prinzippien, no deenen all Decisioun geholl gëtt. "Well mir sinn hei net bei engem Algorithmus op der Bourse."

Souwuel am CHL wéi an de Hôpitaux Robert Schumann gëtt keen Dokter mat der Decisioun, op ee Patient beotemt gëtt oder net, eleng gelooss, mee an engem Kommitee entscheet. Den Armand Koch, de President vum Ethik-Rot vun den Hôpitaux Robert Schuman seet, wann e Choix tëschent deem engen oder deem anerer Patient misst gemaach ginn, da misst ee sech no bestëmmte Krittäre riichten.

"D'Mënsche sinn all d'selwecht vill Wäert, an et kann een net ee Liewen géint dat anert opweien. D'Dignitéit vum Mënsch muss erhalen bleiwen."

De Fernand Pauly mécht drop opmierksam, datt et och ëmmer nach Patiente mat anere Krankheete gëtt.

"Et ginn net zwou Kasten an enger Klinik, Kasten wéi an Indien, vun deenen déi Covid-positiv sinn oder Covid-negativ sinn. Jiddwereen, dir an ech, mir si méiglech Covid. A mir hunn och Recht, wa mer muer eng Césarienne brauchen, wa mer muer eis Kriibstherapie musse weiderféieren, wa mer muer en Hiereschlag maachen, datt mer weider behandelt ginn."

Gerechtegkeet, seet de Fernand Pauly, géif an dësem Fall heeschen, datt ee fir déi selwecht Iwwerliewenschancen och déi selwecht Mëttele mussen agesat ginn.

Keng Diskriminatioun

Dobäi misst net just gekuckt ginn, wien déi beschten Iwwerliewenschancen huet. Mee och, wien déi beschte Chance op déi selwecht Liewensqualitéit virun an no der Krankheet hätt, esou de President vum CHL-Ethik-Komitee. An dobäi dierft et keng Diskriminatioun ginn.

"Wann ech en Down-Syndrom hunn a meng Liewensqualitéit, déi ass mir gewinnt, ech maachen flott Experienzen, da muss ech déi selwecht Chance kréie wéi een, deen groussen Decideur an enger grousser Firma ass."

Eng Fro, déi an de leschte Woche fir vill Opreegung gesuergt hat, ass déi vun eelere Leit. Den Arman Koch seet, datt ee kee chronologeschen Alter géif akzeptéieren. Et wier net akzeptabel, fir Leit iwwer 80 Joer net méi ze reaniméieren oder ze beootmen. Et géif och an deem Fall d'Comorbiditéit gekuckt ginn, also wéi eng Gesondheetsproblemer et nieft dem Covid-19 gëtt. Generell sollt awer an engem Plan de traitement festgehale ginn, ob déi eeler Leit, de Fall gesat, iwwerhaapt nach wëlle beootment ginn, sou den Armand Koch.

"Wa si dat refuséieren a si wëlle keen Archarnement thérapeutique hunn, da sinn dat natierlech wichteg Facteuren, déi ee muss consideréieren."

De CHL huet mat deenen Dokteren, déi de Moment net sou vill Patienten hunn, eng speziell Ekipp gegrënnt, déi versicht, dës Froe mat de Famille vun Patienten ze klären, déi sech net méi selwer kënnen ausdrécken, wa si ageliwwert ginn. Dat och fir Reanimateuren ze entlaaschten. Fir eeler Leit huet den Ethik-Kommitee vum CHL keng spezifesch Recommandatioune gemaach, seet de Fernand Pauly, well mer alleguer biologesch méi oder manner al wieren.

Den nationalen Zesummeschloss vun de Spideeler ass wichteg

"Eeler Leit hunn oft vill méi kloer Iddien, wéi mir mengen, wat si sech als liewenswäert virstellen. A wann een hinne seet, wat passt besser bei iech, wat mécht fir Iech Sënn? Do ze bleiwen, wou Dir an dësem Moment wunnt an ärem gewinnten Ëmfeld an ëmgi vun Leit, déi Iech mënschlech fleegen oder an eng Intensivstatioun mam Risiko, datt Dir e puer Woche kënschtlech am Koma leit, fir kënnen beotemt ze ginn? Eng Rei vun deene Leit komme guer net bei eis un, well si sinn an hirer Iwwerleeung esou wäit, datt si an deem Fall an hirem Fleegeheim stierwen an ech weess och, datt déi Fleegeheimer a punkto soins palliatifs an Trousse d'urgence alleguerten hiert Bescht gemaach hunn, datt dat Stierwe sech kann a Konditioune maachen, wou d'Mënschlechkeet nach ëmmer grouss geschriwwen ass."

D'Richtlinne fir d'Spideeler goufe vun hiren Ethik-Réit ausgeschafft. Déi sinn am Spidolsgesetz virgesinn, bestinn also a konnten dowéinst séier reagéieren, seet den Armand Koch. Muss ee sech als Patient also froen, ob ee besser Chancen huet, jee nodeems a wéi eng Klinik d'Ambulanz mat engem fiert? D'Ofwäichungen an de Richtlinnen wiere minimal, betounen de Armand Koch an de Fernand Pauly. D'Spideeler géifen all Dag e concertéierte Monitoring vun hire Capacitéite maachen, sou den Armand Koch.

Et wier inakzeptabel, datt e Patient eng Behandlung net kéint kréien, well d'Spidol voll ass, wärend déi Méiglechkeet an engem anere Spidol nach méiglech wier. Dofir wier déi Zesummenschléissung um nationale Niveau ganz wichteg.