Radioen

On air

Resonanzen  |  Johannes Brahms (Original Versioun rekonstruéiert vum Jorge Rotter) - Sérénade Nr.1 a Ré Majeur, Op. 11, IV. Menuetto I - II - Coda - Linos Ensembel

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Mënschrechter: wat fir eng Responsabilitéit fir Entreprisen?

Responsabilitéit vun Entreprisen

Mënschrechter: wat fir eng Responsabilitéit fir Entreprisen?

Wéi kënnen Entreprisë verflicht gi fir d'Mënscherechter ze respektéieren? 2011 hat d'UNO Richtlinnen dozou definéiert. Eréischt Enn Juni dëst Joer huet d'Regierung en deementspriechenden nationalen Aktiounsplang ugeholl - awer ouni rechtlech verflichtend Oplage fir d'Entreprisen. Dee Plang ass fir zwee Joer gëlteg, an et ass un der nächster Regierung fir en neien Aktiounsplang opzestellen. Wéi wäit ass d'Politik bereet an Zukunft ze goen? Dorëms goung et bei enger Table-Ronde, organiséiert vun der Initiative pour un devoir de vigilence au Luxembourg, eng Plattform un där 13 Organisatiounen aus der Zivilgesellschaft deel huelen. Vertrieder vu sechs Parteien hu sech positionéiert.

auto_stories

5 min

Entweder e gesetzleche Kader schafen oder et dem gudde Wëlle vun den Entreprisen iwwerloossen, wéi si dofir suergen, datt op der ganzer Linn vun hirer Wertschöpfungsketten, mat hire Filialen an Zouliwwerer, d'Mënscherechter respektéiert ginn. Dat ass d'Grondsazfro, an d'Meenunge vun de Parteien dozou sinn ënnerschiddlech.

D'ADR, déi Lénk an déi gréng fuerderen an hire Walprogrammer e verbindleche gesetzleche Kader fir de Respekt vun de Mënscherechter fir mëttel, grouss, a multinational Entreprisen. Fir de grénge Fraktiounschef Henri Kox misst den éischten nationalen Aktiounsplang, deen d'Richtlinne vun der UNO fir Entreprisen a Mënscherechter ëmsetzt fir d'éischt evaluéiert ginn. Fir hie perséinlech a fir déi gréng misst déi gesetzlech Basis geschafe ginn, "dat ass eng Obligation de Moyen", seet den Henri Kox.

"D'Obligation de résultat schéngt mir an dësem Punkt nach relativ komplizéiert ze ginn, mat der ganzer Chaîne d'approvisionnement."

CSV: Sensibiliséierung a Selbstverflichtung

D'CSV géif op Sensibiliséierung an op Selbstverflichtung setzen. D'Entreprisë misste sech un d'Regelen halen, seet den CSV-Generalsekretär. "A wann dat net geschitt, da setze mir op Legiferéieren, mat engem kloren Zäithorizont", seet de Laurent Zeimet.

En Zäithorizont, deen awer net am CSV-Wahlprogramm wäert dra stoen, mee wou de Laurent Zeimet sech zéng Joer Ofwaarde kéint virstellen. Et géife wahrscheinlech vill Saachen iwwer d'Lëtzebuerger Finanzplaz matfinanzéiert, déi der Gesellschaft net gefalen, seet den CSV-Generalsekretär. Elo géif sech d'Fro stellen, ob een dat duerch Kontrollen a Reglementatioun onméiglech maache wéilt, oder net. Dee Moment misst ee sech awer bewosst sinn, sou de Laurent Zeimet, datt "mir dann net méi an esou schéine Gebaier setzen, wéi mir am Moment setzen. Datt mir dann net an esou schéine Schoule wäerte Schoul halen, an datt mir net esou schéi Pensioune verdeelen, wéi mir dat am Moment maachen."

LSAP: Léisungen op europäeschem Plang sichen

Ähnlech Bedenken hat de Franz Fayot vun der LSAP. Lëtzebuerg wier eng kleng an oppen Ekonomie, mat villen Entreprisen, déi keng grouss Substanz am Grand-Duché hunn: Vill Holdingen oder Strukturen, déi just hiren Headquarter zu Lëtzebuerg hunn. Wann ee sou eng Regel géif aféieren, da wier de Risiko relativ grouss, datt dës Entreprisen dann och "ganz einfach ofzéien". "Déi sinn extrem mobil a mat zwou Decisioune sinn déi fort, an dann huet ee leider net immens vill geschafft."

D'LSAP wëllt dofir och net national legiferéiere fir e verbindlecht Suergfaltsrecht anzeféieren, seet den LSAP-Deputéierte Franz Fayot. Fir hie misst dat op europäeschem Plang geléist ginn.

déi Lénk: Lëtzebuerg muss Responsabilitéit iwwerhuelen

Dat léist d'Nathalie Oberweis, Kandidatin vun déi Lénk fir d'Chamberwahlen net esou stoen. Lëtzebuerg hätt eng Verantwortung, grad well esou vill Milliarde Suen iwwer d'Lëtzebuerger Finanzplaz transitéieren. Fir Lëtzebuerg wier et eng Flicht, fir ze definéieren, wat fir eng Entreprisen een zu Lëtzebuerg wëllt hunn.

D'Michèle Boz-Retter d'Kandidatin vun der ADR, huet en direkt Handele gefuerdert. Et wier net méiglech, fir d'Responsabilitéit op d'Europäesch Unioun ze drécken. Lëtzebuerg misst eng Decisioun huelen. Et géif sech awer natierlech d'Fro stellen, wie schlussendlech d'Responsabilitéit iwwerhëlt. "Mee als éischt ass et elo mol u Lëtzebuerg fir ze agéieren, mee net ze waarde bis 27 Länner sech eens ginn", seet d'Michèle Boz-Retter.

déi Lénk fuerderen, wéi déi gréng, an hirem Wahlprogramm, nieft engem nationale gesetzleche Kader, och en international verbindleche Rechtskader, ee Genre internationale Geriichtshaff, wou international Entreprisë kéinten zur Rechenschaft gezu ginn.

DP: kee gesetzleche Kader schafen, mee sensibiliséieren

D'DP envisagéiert zu dësem Zäitpunkt keng gesetzlech Oplagen a setzt op d'Eegereguléierung vun de Betriber. Den nationalen Aktiounsplang, deen zesummen mat Vertrieder vun ONGen an der UEL ausgeschafft gouf, wier en éischte Schratt an déi richteg Richtung, esou den DP-Deputéierten. D'Roll vum Staat an och vun den ONGe wier fir ze sensibiliséieren, seet den DP-Deputéierten.

Wann d'Sensibiliséierung net dee gewënschten Effekt hätt, kéint een iwwer aner Moossnamen, zesumme mat aneren Acteuren nodenken. "Dat funktionéiert grad mat ONGen déi sech asetzen, wéi fair Trade zum Beispill." Et misst ee wëssen, wou de Produit hierkënnt a Kanneraarbecht misst kënnen ausgeschloss ginn.

De Max Hahn vun der DP fuerdert méi ITM-Kontrolle vun auslännesche Betriber. Et géif net ëm de Bäcker ëm den Eck goen, mee ëm multinational Entreprisen, ëm Finanzgeschäfter, esou d'ADR Kandidatin Michèle Boz-Retter. Dofir bräicht ee Regelen a kloer Prozeduren, obwuel ee weess, datt een net déi ganz Wertschöpfungsketten an d'Fournisseure kontrolléiere kéint.

SOPARFIen: Net reglementéiert Gesellschaften

"De Problem ass, datt muench vun deene Strukturen einfach sougenannten SOPARFIen sinn, dat sinn net-reglementéiert Gesellschaften", seet de Franz Fayot. Dës Gesellschafte géifen net regelméisseg kontrolléiert ginn. Et misst ee sech iwwerleeën, ob een, wann een dat constatéiert, e Recht fir d'CSSF schaaft, fir sech anzeschalten oder eng aner Instanz wéi de Parquet.

Nächst Regierung muss en neien Aktiounsplang ausschaffen

D'Nathalie Oberweis vun de Lénke seet, et géif ëm eng gesellschaftlech Vue op d'Welt. Et misst ee Prioritéite setzen, "fir eis ass et ganz kloer, datt Mënscherechter an d'Allgemengwuel ëmmer iwwer Profitmaximéierung, iwwer ekonomeschen Interesse stinn".

Et ass un der nächster Regierung en neien nationalen Aktiounsplang fir d'Ëmsetzung vun den UNO-Richtlinne fir Entreprisen a Mënscherechter auszeschaffen. Initiative pour un devoir de vigilence au Luxembourg wëllt hiren Drock oprecht erhalen, fir d'Aféierung vun enger gesetzlecher Suergfaltsflicht fir Entreprisen, mat contraignanten Normen, mat Kontroll a mat Sanktiounen.