Radioen

On air

De Moien  |  Sam Evian - Stay

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Merci a Respekt fir Ären Asaz!

Fräie Mikro

Merci a Respekt fir Ären Asaz!

Den 8. Mäerz ass den Dag vun de Fraen. Gläichberechtegung tëscht Mann a Fra ass d'Theema vum Dag. Dëst Joer huet d'Plattform JIF decidéiert, d'Fraen aus dem Botzsecteur an de Fokus ze setzen an domat op déi dacks onwürdeg Aarbechtskonditiounen hinzeweisen, ënner deene si musse schaffen. E Fräie Mikro vun der Laura Zuccoli.

auto_stories

4 min

D'Laura Zuccoli ass Presidentin vun der ASBL ASTI, der Association de Soutien aux Travailleurs Immigrés. Foto: Archiv

Am Botzsecteur si ronn 11.000 Leit beschäftegt, dorënner 83 Prozent Fraen, woubäi déi meescht Salariéen an Entreprisë sinn, an déi aner stonneweis fir Privatstéit schaffen. D'Zuel vun den Aarbechtsplazen am Botzsecteur ass an de leschte Jore reegelrecht explodéiert, well Lëtzebuerg eng Ekonomie vu Servicer ass, an déi sëllege Bürosfläche musse gebotzt ginn.

Botzen ass e schlecht bezuelte Beruff mat wéineg Perspektiv fir mat der Zäit besser ze verdéngen. D'Botzfrae si virun allem Auslännerinnen, déi hei zu Lëtzebuerg wunnen oder als Frontalière hin- an hier pendelen. Sie all schaffen ënner ustrengenden Aarbechtskonditiounen, renne vun enger Botzplaz op déi aner, iessen dotëscht am Auto an hunn an der Reegel enorm Schwieregkeeten hiert Familljeliewen an hir Aarbechtszäiten ze harmoniséieren.

Eng schwéier Aarbecht

Fir ze botze brauch ee keng Schoule gemaach ze hunn, mee et muss een zéi sinn, physesch schwéier an zu onreegelméissegen Zäite schaffen a laang Joren duerhale kënnen - egal, ob ee Gesondheetsproblemer huet oder net.

Vill Frae mat wéineg Qualifikatioun hu soss keng Alternativ fir hier Famill iwwer Waasser ze halen. Hieren Asaz ass fir eis Gesellschaft eng Selbstverständlechkeet ginn, ouni Unerkennung. Sou gëtt et am Botzsecteur zwar e Kollektivvertrag, mee un deen halen sech déi wéinegst Firmen oder Privatstéit.

D'Pandemie huet Veronsécherung mat sech bruecht

Am éischte Lockdown virun engem Joer gouf hir wäertvoll Aarbecht an de Spideeler oder Altersheimer ernimmt, mee dunn erëm schnell vergiess. Et gëtt vill vum onermiddlechen Asaz vum Fleegepersonal geschwat, an dat ass gutt esou.

Mee et gëtt kaum iwwer d'Botzfrae geschwat. Dobäi si grad just si et, déi dofir suergen, datt d'Aarbecht vum Fleegepersonal ënner hygienesche Konditioune stattfanne kann. Datt de Gesondheetsministère elo mam Hiwäis op d'Knappheet vum Impfstoff decidéiert huet, d'Botzpersonal an den Alters- a Fleegeheimer net ze impfen, well dat net zum Stammpersonal gehéiert, mee vun Drëttfirme gestallt gëtt, ass respektlos, ongerecht an e Schlag an d'Gesiicht vun all dëse Fraen, déi net gezéckt hunn, fir hir Aarbecht trotz dem Virus weider ze maachen.

D'Pandemie huet d'Botzfraen an hir Employeure veronséchert, besonnesch déi a private Stéit. Ouni kloer sanitär Richtlinnen ass et hinnen iwwerlooss, wéi si sech schützen. Et zerbrécht kaum ee sech de Kapp iwwer den héijen Ustiechungsrisiko, deen hir Aarbecht dacks op verschidde Plaze mat sech bréngt.

De Staat hëlleft net

Déi Botzfraen, déi net ugemellt waren, hu vun haut op muer hiert Akommes verluer, well de Patron se einfach heemgeschéckt huet. Si hu misse kucke fir iwwer d'Ronnen ze kommen, hate keen Usproch op Hëllef vum Staat an hu missen eens gi fir hir Käschte weider ze decken.

Eng Rëtsch vun dëse Frae schaffe schonn zanter Jore schwäerz - an de Caféen, an de Restauranten, mee och a ville Privatstéit, heiansdo ouni gülteg Openthaltspabeieren. Sie bezuele fräiwëlleg an d'Krankekeess fir ofgeséchert ze sinn.

Mee ouni Aarbecht kënne si sech dat net méi leeschten. De Staat hëlleft wärend der Pandemie de Betriber andeems en hir Beiträg un d'Krankekeess aussetzt. Firwat ass dat net méiglech bei Persounen, déi fräiwëlleg an d'Krankekeess abezuelen? Well et verléiert een all Rechter, wann een zwee Méint laang kee Beitrag bezuelt huet. Obwuel de Minister vun der Sécurité Sociale op dës Tatsaach higewise gouf, ass d'Ofsécherung vun dëser Populatioun fir hien offensichtlech keen Theema.

D'Pabeiere vun de Mënschen accordéieren

Mënschen ouni Pabeiere brauchen eng Openthaltsgeneemegung. Op d'mannst deenen, déi e feste Patron noweise kënnen, sollte mer an dëse schwéieren Zäiten hir Pabeieren accordéieren. Dat wier dach en zolidd Argument fir déi Lëtzebuerger Kandidatur fir e Sëtz am Mënscherechtsrot vun de vereenten Natiounen.

Merde alors!


Mam Zil fir déi ëffentlech Debatt ze fërderen, invitéiert de radio 100,7 am Fräie Mikro Leit aus der Zivilgesellschaft fir aktuell Theemen ze kommentéieren. De Fräie Mikro ass e Gaaschtbäitrag mat Richtlinnen, am Respekt vun eisem Cahier des Charges, ënner der finaler Responsabilitéit vum radio 100,7. Dëse Bäitrag gëtt d'Meenung vu sengem Auteur erëm an net vun der Redaktioun.