Radioen

On air

Tockcity  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Merde alors!

Zäithistoriker

Merde alors!

Den Zäithistoriker Denis Scuto setzt den Intermezzo tëschent dem Lëtzebuerger Ausseminister Jean Asselborn an dem italienesche Vizepremier Matteo Salvini an de gréissere Kontext vum auslännerfeindleche Populismus, deen an de leschte Joerzéngten erschreckend Proportiounen an Europa ugeholl huet.

auto_stories

6 min

Denis Scuto

Et gi Leit, deenen hir, wéi mir op gutt Lëtzebuergesch soen, Schnëss, kann ech einfach net gesinn. Ouni datt ech onbedéngt weess firwat. Ee vun hinnen, mat senger Schnëss, verfollegt mech zanter menger Vakanz an Italien dëse Summer. Ech ginn him net lass. Ech schwätze vum rietsradikalen Matteo Salvini, Chef vun der Lega Nord an zanter Juni italienesche Vizepremier an Inneminister.

Knapps war ech an Italien ukomm, do hunn ech seng Schnëss gesinn an héieren, soubal ech d'Tëlee ugemaach hunn. Dat war de 14. August. Am spéide Moie war de Ponte Morandi zu Genova, eng Haaptverkéiersachs net nëmme fir d'Stad, mee tëschent Nord- an Zentralitalien, op enger Längt vun 200 Meter zesummegefall an hat Dosende Mënschen ënner sech begruewen. 35 Doudesaffer goufe gemellt. 43 waren et der schlussendlech, a 16 zum Deel schwéier Verletzter.

Mat Betraffenheet hunn ech mir an den Deeg dono d'Spezialsendunge vun der RAI ugekuckt, op der Sich no Explikatiounen. Un den éischte Commentairen, déi de Salvini ginn huet, hunn ech do gemierkt, datt et vläicht awer Grënn gëtt, firwat seng Schnëss mir net passt. A senger éischter Reaktioun op d'Katastroph vu Genova huet hien zwou Remarke gemaach. Éischtens géif hie sech direkt op d'Sich no den Nimm a Virnimm vun de Schëllege maachen. An d'Regierung géif der Privatgesellschaft, déi ë. a. fir d'Gestioun vun der Bréck vu Genua zoustänneg war, Autostrade italiane, d'Konzessioun fir déi Autobunn ewechhuelen. Zweetens géif hie sech als italienesche Minister a Bierger net méi vun enger europäescher Finanzpolitik drun hënnere loossen, Schoulen, Stroossen a Bunnen ze renovéieren. Am Numm vum Recht vun den Italiener op Sécherheet, Liewen an Aarbecht.

Et gëtt kee Verantwortleche gesicht, mee e Schëllegen

De selwechten Dag, um 14 Auer, twittert de Salvini: "In una giornata triste, una notizia positiva." Op engem trauregen Dag, eng positiv Noriicht. Do begréisst hien, datt d'Rettungsschëff Aquarius, dat vun der italienescher Regierung gehënnert gouf, un engem italieneschen Hafen unzeleeën, op Malta geet, an d'Flüchtlingen net vun Italien, mee vu Spuenien, Frankräich, Lëtzebuerg, Portugal an Däitschland opgeholl ginn. Mee hien nennt déi Mënschen, déi aus dem Mëttelmier a Liewensgefor erausgefëscht ginn, net Flüchtlingen, mee "Immigrati". A jo, den drëtte Kommentar zur Bréck hat ech vergiess ze ernimmen. Niewebäi, et ass villen entgaangen, huet de Salvini drop higewisen, datt d'Stabilitéit vun der Bréck duerch déi ganz vill Camionen aus Osteuropa staark gelidden hätt.

Iwwer een dramatescht Evenement, een Interview an een Tweet krut ech an nëmmen e puer Stonnen déi déifgräifend Mutatioune vun der politescher Landschaft an Europa resuméiert. E Moment vun nationaler Trauer a Roserei huet de Salvini ausgenotzt, fir déi Theesen als Interpretatiounsschema dropzeleeën, déi d'postmodern Extrême-droite an de leschte Joerzéngte staark gemaach hunn: 1. Italiener, Deng Natioun gëtt bedroht duerch all déi supranational Organisatiounen, un éischter Stell natierlech d'Europäesch Unioun; 2. Duerch déi massiv Immigratioun, virun allem aus net-europäesche Länner ass Deng national Identitéit a Gefor; 3. Mir féieren nees e staarke Staat an, deen Dech beschützt an d'Feinden, zum Beispill déi béis Aktionäre vun Autostrade italiane, bestrooft. Net fir näischt sicht de Salvini no der Katastroph vu Genova net no Verantwortlechen, mee no Schëllegen. Implizit heescht dat, datt net Geriichter, also rechtsstaatlech Institutiounen doriwwer sollen entscheeden, mee d'Regierung. Wéi de Marco Damilano, Chefredakter vun der Wochenzeitung L'Espresso et formuléiert huet, soll hei e Sënnebock gesicht ginn an am Schnellverfahren oder carrement ouni Prozess bestrooft ginn.

Deen anere Vizepremier an der aktueller italienescher Regierung, de Lénkspopulist Luigi Di Maio, Chef vum Movimento 5 Stelle, hat de selwechten Dag schonn e Schëllege fonnt: Benetton, déi iwwer eng Finanzgesellschaft Autostrade per l'Italia kontrolléiert. Den Di Maio präziséiert, datt dës Finanzgesellschaft vu Benetton hire Sëtz zu Lëtzebuerg huet a keng Steieren an Italien bezilt. Benetton muss richtegstellen, datt se zënter 2012 hire Sëtz an Italien huet an do Steiere bezilt.

Italien ass ee vun den Haaptbeneficiaire vun EU-Gelder

Als Lëtzebuerger Zäithistoriker hunn ech e bësse misse schmunzelen, well Lëtzebuerg an Italien effektiv iwwer Autostrade per l'Italia enk verbonne sinn. D'italienesch Autobunn, virun allem déi 755 km vun der Autostrada del Sole, vum italienesche Staat gebaut vun de 60er Jore, éier se vill spéider - mat Benedictioun iwwregens vun der Lega Nord a vum Salvini - privatiséiert gouf, mat sengen Autogrill, sengen Tankstellen, senge Brécken an Tunnelen war ee vun de Symboler vum italienesche Wirtschaftswonner an den 1960er Joren. Mee finanzéiert gouf dee Bau duerch déi éischt Euro-Obligatiounen, den éischten Eurobond, grad fir d'italienesch staatlech Entreprise Autostrade 1963, en Emprunt vu 15 Milliarden Dollar, deen op der Lëtzebuerger Bourse kotéiert gouf, mat der BIL als Agent financier. Den Opschwong vun Italien hänkt also mat den Ufäng vu Lëtzebuerg als Bankeplaz zesummen. Mee dat interesséiert weder Salvini nach Di Maio.

D'EU, iwwer hire Kommissiounspresident Juncker huet drun erënnert, datt Italien ee vun den Haaptbeneficiairen vun EU-Gelder ass, grad wat d'Infrastrukture betrëfft, an datt am Abrëll 2018 weider 8,5 Milliarden EU-Gelder fir d'Land deblockéiert goufen. Mee dat huet de Salvini net getwittert. An och net, datt e gläich e Verfahren op der Panz huet fir Hannerzéiung vu 50 Millioune vu senger Partei. De Staatsanwalt vu Genova huet zu Lëtzebuerg, (kuck elei), dono siche looss.

Zeréck zu Lëtzebuerg war ech frou, dem Salvini lass ze sinn. Bis, merde alors, ech seng Schnëss nees an alle Lëtzebuerger Medie gesinn hunn. De Jean Asselborn hat d'Chance oder de Pech, am Géigesaz zu mir, virun der Tëlee an Italien, zu Wien op enger interministerieller europäescher Reunioun, direkt op seng Aussoe kënnen ze reagéieren. Ouni ze wëssen, datt hien dobäi vu Mataarbechter vum Salvini mam Handy gefilmt gouf.

Natalistesch Theorië si keng Léisung

Seng spontan Roserei konnt ech méi wéi novollzéien. An an engems déi ganz Ohnmacht, wann ee gesäit, wéi wäit d'Banaliséierung vu rietsextreme Parteien fortgeschratt ass, an datt hir Theorien an Discourse mëttlerweil gedroe gi vu Regierungsparteien an Ost-, West- a Südeuropa. Kuckt Iech de ganze Video un a wat de Salvini priedegt. De Salvini weess ganz genee, datt d'Italiener haut a muer net méi Kanner wäerte maachen an Italien en Immigratiounsland bleift. (Déi natalistesch Theorië sinn iwwregens och zu Lëtzebuerg nach an de 70er Joren, net vu rietsextremen, mee vun alle Parteie verbreet ginn. Ouni datt d'Gebuertstauxen an d'Luucht gaange wieren.) De Salvini schléit dat awer als Léisung vir, well et him drëms geet, eng ethnesch an net liberal an demokratesch definéiert Konzeptioun vun der Natioun, vum Staat ze verbreeden.

De Verglach, deen de Jean Asselborn dono tëschent Salvini a Faschismus gemaach huet, gräift vläicht ze kuerz. De Rassismus vu Salvini & Co ass net méi dee vun de Faschisten an den Nazien, en ass méi subtil ginn. Grad an der Flüchtlingsfro mobiliséieren si nobel Causë wéi Kooperatiounspolitik an d'Mënschlechkeet, fir hir Auslännerfeindlechkeet ze verstoppen. De Salvini erzielt zu Wien, datt en deene aarmen Afrikaner eng Existenz als Sklaven an Europa, z. B. zu Lëtzebuerg, wëllt erspueren. A weist mat dëser ofschätzeger Bemierkung iwwer Mënschen op der Flucht grad seng Friemefeindlechkeet. Semantesch verwësche si permanent d'Grenzen tëschent Asylrecht an Immigratioun, andeems si Flüchtlinge Migranten nennen. An hinne sou eigentlech e systemateschen Asylmëssbrauch ënnerstellen. Déi Rhetorik fanne mir jo mëttlerweil och bei enger rietspopulistescher Lëtzebuerger Partei am Wahlkampf erëm.

Merde alors! C'est le cas de le dire, soen ech mir wierklech no dësem Summer. Wou déi lescht Illusiounen zerbrach sinn. Illusiounen doriwwer, datt déi historesch militäresch a politesch Nidderlag vum Faschismus a vum Nationalsozialismus viru 75 Joer och d'Verschwanne vum Rietsradikalismus aus der politescher Landschaft bedeit hätt. De Rietsradikalismus a seng Haasspriedegte sinn nees do an hu sech beschtens dem postmoderne Kommunikatiounszäitalter ugepasst. Héich Zäit doriwwer nozedenken, firwat se souvill Succès hunn a wéi ee se ka bekämpfen.