Radioen

On air

Concert  |  Exil in L.A.

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Meris Sehovic: "Et wier arrogant d'Akzisen ze erhéijen"

Neie President vun déi Gréng

Meris Sehovic: "Et wier arrogant d'Akzisen ze erhéijen"

Den neie Co-President vun Déi Gréng gesäit d'Coronakris net als Chance fir d'Klimapolitik. De Lockdown hätt virun allem gewisen, wéi d'Klimapolitik net dierft ausgesinn, esou de Meris Sehovic. "Staatlech veruerdnete Verzicht" an "d'Leit doheem aspären" wiere keng Léisungen. Et bräicht de Staat, deen e Kader setzt mee och Solidaritéit, Zesummenaarbecht, Zesummenhalen, sou den neie Co-President vun Déi Gréng.

auto_stories

2 min

Den neie Co-President ënnersträicht, Klimapolitik dierft net arrogant sinn, mee si misst d'Leit mathuelen. Hie géif et dofir onsozial fannen, wann een an der Kris d'Akzisen um Sprit géif erhéijen, esou de Meris Sehovic. D'Prioritéit wier elo dofir ze suergen, datt aus der sanitärer Kris keng sozial Kris gëtt.

"Et kéint een och soen: Elo, wou de Präis esou niddreg ass, mierkt keen, wa mer lo e puer Cent an d'Luucht ginn. Ech géif dat onsozial fannen, an ech géif et och arrogant fannen. Mir kënne jo net esou maachen, wéi wann hei näischt passéiert wier. Mir kënnen net esou maachen, wéi wa mer net an enger Kris wären."

Klimapolitik dierft net arrogant sinn, mee se misst d'Leit mathuelen, esou de Meris Sehovic. Dofir wier et wichteg, datt een déi konkret Realitéite vun de Leit am Bléck behält.

Et war schonn net méi esou richteg dru gegleeft ginn, mee wéinst dem Lockdown, wäert Lëtzebuerg seng Klimaziler fir dëst Joer wuel awer areechen. De Meris Sehovic wiert sech géint d'Behaaptung, datt a Saache Klimapolitik wärend der Kris näischt geschitt wier. Den Energieminister an d'Klimaministerin hätte wärend der Kris hire Klima- an Energieplang finaliséiert a virgestallt. D'Mesuren aus dem Klimapak déi konkret finanziell Hëllefe virgesinn hätt ee lo op den Dësch geluecht. "An dat ass och net vu Muttwëll, well dat de Kär ass vun der Relance, déi mer elo brauchen", sou de Meris Sehovic.