Héichwaasser Mesurë géint extrem Wiederevenementer

D'Donnerwiedere mat de schroe Konsequenzen an der Nuecht vum 1. Juni am Mëllerdall an op anere Plazen am Land wiere lokal immens schwéier virauszegesinn, esou d'Analyse vun der Waasserverwaltung. Den Directeur adjoint vun der Administration de la gestion de l'eau Luc Zwank schwätzt vun enger ganz ongewinnter Wiederlag, déi zu extrem héije Reequantitéite gefouert hätt.

Serge Kesseler / cbi

Iwwerschwemmungen

60 bis 80 Liter Ree wieren a kierzester Zäit gefall, esou de Luc Zwank vun der Waasserverwaltung. Hien erënnert un déi orange Warnung vu Meteolux vum Owend vun 31. Mee, déi am Laf vun der Nuecht op rout gesat gouf. Et wier eng ongewinnte Wiederlag gewiescht, déi lokal immens schwéier virauszegesi war.

D'Topographie vum Mëllerdall oder zu Iechternach mat den enken Däller hätt och dozou gefouert, datt d'Waasser "vun den Héichten erof quasi geschoss kënnt a sech säi Wee da sicht an dann alles mat ewech hëlt, wat do ass", esou de Luc Zwank.

Kleng Mesurë géint Waasserschied

De Vertrieder vun der Waasserverwaltung huet an der Chamber-Ëmweltkommissioun Informatiounen iwwer déi rezent Wiederen ginn, déi zu Iwwerschwemmunge gefouert hunn. Fir eppes géint d'Konsequenze vun esou Wiederphenomer ze maachen, géif d'Verwaltung elo scho bei Neibau-Gebidder verschidde Mesurë fuerderen, ënner anerem, datt d'Reewaasser vum Ofwaasser getrennt gëtt, datt d'Flächen net versigelt ginn, oder och d'Baue vu Retentiounsbasengen oder vu Gréngdiecher.

All dës kleng Mesurë kéinten esou ee grousst Evenement zwar net verhënneren, géifen awer zu enger "Ofpufferung vum Oflaf vum Waasser" féieren a géifen domadder och d'Schied, déi d'Waasser ka maachen, verréngeren.

Manner Buedem versigelen

Och de Problem vun der Versigelung gouf an der Chamber ugeschwat, esou den DP-Deputéierte Gusty Graas. Et wier ënner anerem diskutéiert ginn, datt an Zukunft eng Strëpp vun zéng Meter laanscht d'Flëss fräi gelooss misst ginn. Hei dierft et dann och keng Aktivitéit méi ginn, fir datt de Floss kéint verbreet ginn.

D'Versigelung ass fir de Gusty Graas op engem Niveau ukomm, wou et net méi esou weider kéint goen. Et misst an Zukunft manner Buedem versigelt ginn. An der Vergaangenheet wier ze vill zoubetonéiert ginn, fënnt den DP-Deputéierten. Dat kéint een och um private Plang gesinn, wou d'Leit och ronderëm hir Haiser géifen ufänken, ëmmer méi Bëtong a Steng ze maachen. Et misst ee sech awer bewosst sinn, datt dat natierlech och am klenge Mooss géif dozou bäidroen, datt d'Waasser net méi op eng natierlech Aart a Weis kéint offléissen, mä a konzentréierter Form an den nächste Gulli géif fléissen.

Renaturéierungen och fir Privatleit

Der Ëmweltministerin no géif et dorëm goen, fir genee ze analyséieren, wéi eng Mesurë kënne geholl ginn, fir déi "katastrophal Zoustänn" ze reduzéieren. Et hätt een awer ni d'Garantie, datt ee bei esou extremen Ereegnesser alles erreeche kéint, esou d'Carole Dieschbourg. Villes wier awer schonn op de Wee bruecht ginn.

Bei der Ännerung vum Waasserschutzgesetz hätt een et erméiglecht, datt net nëmme Gemenge kéinte renaturéieren, mä och Privatleit, ebe well ee gesinn hätt, datt do nach vill Sputt no uewe wier. Trotzdeem wier et néideg, weider Efforten an dësem Beräich ze maachen, esou d'Ministesch.

Et hätt een an de leschten 30 Joer gemierkt, datt déi Evenementer vill méi dacks géife kommen. Däitsch Versécherunge géife vun enger Verdräifachung schwätzen. An Europa géif et dräi bis véier Mol esou vill extrem Wiederevenementer ginn, an et wiere grad déi, déi geféierlech fir d'Leit sinn. "Mir si frou, datt dës Kéier kengem eppes geschitt ass", esou d'Carole Dieschbourg.

An der Mediathéik:

Aktuelles / / Serge Kesseler
Lauschteren

Méi zum Thema

Futtis Autoen
Héichwaasser

An deene Regiounen, wou et d'lescht Woch Iwwerschwemmunge gouf, gëtt nach ëmmer opgeraumt. Déi betraffe Leit sollen sech elo bei hirer Assurance mellen, fir z'evaluéieren, wéi se kënne rembourséiert ginn.

Iwwerschwemmungen
Héichwaasser 1. Juni 2018

Wéinst dem ville Reen an der Nuecht vun Donneschdeg op e Freideg, virun allem am Mëllerdall, ass d'Krisen-Zell vum Haut Commissariat à la protection nationale aktivéiert ginn. Een Iwwerbléck, Hannergrondinformatiounen a Reaktiounen.

Dossieren

  • Sozialwahlen 2019

    Am Mäerz si Sozialwahlen. A ronn 3.500 Betriber, an deene méi wéi 15 Leit schaffen, ginn d'Personaldelegatioune bestëmmt. An déi 60 Vertrieder an der Salariatskammer ginn nei gewielt.

  • Pierre Werner

    "Pierre Werner, e Mënsch a sengem Joerhonnert" ass eng nei Podcast-Serie, déi de radio 100,7 zesumme mam Center for Contemporary and Digital History vun der Uni.lu entwéckelt huet.

Communiquéen

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen