Fräie Mikro Mesuren an hir Konsequenzen
Moossnamen zur Bekämpfung vun engem Virus, dee wuel ni ganz verschwanne wäert, dierften also d'Normalitéit vun deenen nächste Jore bestëmmen. Mee wat méiglecherweis gutt ass géint de Virus a sécher e fonnte Friesse vun der Symbolpolitik duerstellt, schléit sech och negativ op eist Zesummeliewen an op eis Stëmmungen nidder. Moral, Aggressioun a Beschämung sinn elo Deel gi vun enger neier Normalitéit, déi vläicht kee wëllt, mee déi Verschiddener mat Enthusiasmus ausnotzen. E fräie Mikro vum Psychanalyst an Auteur Thierry Simonelli.
Zanter engem Mount ongeféier héieren ech ëmmer méi reegelméisseg Plainten a menger alldeeglecher psychoanalytescher Praxis iwwer d'Auswierkunge vun de sanitäre Mesuren. Et ass mer bei deene sëllegen Erliefnesser opgefall, wéi systematesch d'Moraliséierung vun de Mesuren am Zesummenhang mat Aggressioun a Erniddregung steet.
Nodeems ech versicht hunn dës subjektiv erlieften Zesummenhäng an Erklärungen a verschiddene Publikatiounen op hir allgemeng Begrëffer ze bréngen, gouf ech drop opmierksam gemaach, datt Begrëffer wéi déi vun der Moral, vun der Aggressioun oder vun der Scham esou abstrakt an theoreetesch sinn, datt se net ze verstoe sinn. Ech mengen dat awer net.
An dat kann ee mat engem kuerzen a markante Beispill weisen.
Ee Beispill vu villen
Ech krut vun enger Fra folgend Anekdot erzielt, déi ech hei mat hirem Averständnes reproduzéieren: d'Fra geet zanter Joerzéngten an e Bicherbuttek. De Buttek huet ee klenge Kaffie, an d'Fra huet sech en wéchentleche Ritual doraus gemaach, all Samschdeg Muere Bicher dohi kafen ze goen a bei Kaffie a Kuch e bëssen ze liesen.
Virun zwou Woche war si do an enger interessanter Lektüre versonk, wéi si sech nach séier wollt Zocker nohuelen. Spontan steet d'Fra dunn op, geet bei de Comptoir a gëtt do, zu hirem Erschrecken, vun engem Vendeur haart ugejaut, si misst hire Mask undoen.
Entsat huet d'Fra sech direkt fir hiert Vergiessen entschëllegt a goung hire Mask sichen. Mee de Vendeur huet sech net ginn: hien huet nach eng Couche drop geluecht a si esou haart ugejaut, datt d'Fra an Tréinen ausgebrach an aus dem Buttek geflücht ass.
Keen aneren Ugestallten a kee Client huet dobäi mat der Wimper gezuckt. Dat ass ee Beispill vun Dosenden, déi ech elo ëfters gezielt kréien.
Uechtung a Mëssuechtung vu Persounen
D'Moraliséierung besteet hei doran, datt sanitär Reegelen op eemol mat Uechtung a Mëssuechtung vu Persoune verbonne ginn. Wie sech drun hält ass eng gutt, verantwortlech Persoun a verdéngt Uechtung. Wie sech net drun hält, oder se och nëmme vergësst, ass schlecht oder béis a kann oder muss veruecht an an aller Ëffentlechkeet humiliéiert ginn.
D'Aggressioun an déi psychesch Gewalt drécke sech am Behuele vum Vendeur aus, deen eng Persoun verbal ugräift, si feindséileg vernennt a si - pardon fir den Ausdrock - zur Sau mécht, bis datt déi an Tréinen ausbrécht.
Moral, Gewalt a Scham
An d'Scham ass dat Gefill, dat bei der attackéierter Persoun ausgeléist gëtt, well si virun alle Leit als irresponsabel, onmoralesch a verantwortungslos verurteelt gëtt. Scham ass eng Form vun Angscht, déi mat Erniddregung an Ohnmacht zesummegeet, an déi engem d'Loscht gëtt am Äerdbuedem ze verschwannen.
An esou Situatiounen dierft den Zesummenhang vu Moral, Gewalt a Scham wuel liicht verständlech sinn.
Mee vläicht ass et awer och keen Zoufall, datt et trotzdeem schwéier bleift, dëst ze verstoen. Moral, Scham an Erniddregung provozéieren nämlech gären déi onbewosst gedanklech Hemmungen, déi hir Begrëffer dann onverständlech erschénge loossen.
Mam Zil fir déi ëffentlech Debatt ze fërderen, invitéiert de radio 100,7 am Fräie Mikro Leit aus der Zivilgesellschaft fir aktuell Theemen ze kommentéieren. De Fräie Mikro ass e Gaaschtbäitrag mat Richtlinnen, am Respekt vun eisem Cahier des Charges, ënner der finaler Responsabilitéit vum radio 100,7.