Radioen

On air

Kultur um 5  |  Okkervil River - Black

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ D'Monica Semedo huet just eng Geldstrof kritt...

MeTooEP

D'Monica Semedo huet just eng Geldstrof kritt...

MeTooEP - eng Beweegung, déi sech mat den Theme Mobbing a sexuell Belästegung am Europäesche Parlament befaasst - kritiséiert net nëmmen, datt et esou laang gedauert huet, bis d'Presidentin Roberta Metsola eng Strof géint d'Monica Semedo ausgeschwat huet. Si ass och onzefridden domat, wéi déi Strof ausgefall ass.

auto_stories

2 min

Foto: Twitter MeTooEP

Ugangs der Woch war d'Lëtzebuerger Europadeputéiert jo scho fir d'zweet bannen eppes méi wéi zwee Joer wéinst psychologeschem Harcèlement vu Mataarbechter sanktionéiert ginn.

Eng ze harmlos Strof

Eng Vertriederin vum MeToo-Grupp am Europaparlament kritiséiert, datt den Ënnerscheed virun allem dës Kéier dora läit, datt et just eng Geldstrof wier. Bei der leschte Kéier wiere net nëmmen d'Dagesgelder fir eng gewëssen Zäit gestrach, mee och den Ausschloss vum parlamentaresche Liewen Deel vun der Strof gewiescht. D'Vertriederin vum MeToo-Grupp schléisst do raus, datt obwuel et eng Widderhuelung wier, d'Strof vill méi harmlos ausgefall wier.

Ob matgespillt huet, dass déi éischt Sanktioun eng Äntwert op d'Reklamatioun vun dräi Mataarbechter war, an et dës Kéier nëmmen ëm een Assistent goung, dee sech beschwéiert hat, konnt d'Vertriederin vu MeToo am Europa-Parlament net soen.

Gutt Virsäz, wéineg Suitte

D'Europa-Parlament huet an de leschte sechs Joer dräi Resolutioune gestëmmt, an deenen et sech virgeholl huet, d'Reegele fir den Ëmgang mat den Theme Mobbing a sexuell Belästegung am eegenen Haus méi effikass ze maachen. Mee déi gutt Virsätz hunn nëmme wéineg Suitte kritt.

Eng Vertriederin vum Me-Too Grupp am Europaparlament argumentéiert, datt et een Ënnerscheed géif ginn ob een no baussen eppes géif soen oder ob intern d'Reegele geännert géife ginn. D'Systemer an d'Administratioune wieren oft zimmlech lues. Heiansdo géif et schonn duer goen, wann eng Persoun op der richteger Plaz dogéint ass.