Centre Hospitalier Neuro-Psychiatrique au Luxembourg Michel Nathan neie President vum CHNP-Verwaltungsrot

Bannent de leschten zwee Méint hu souwuel de President vum Verwaltungsrot wéi den Direkter vum Centre Hospitalier Neuro-Psychiatrique (CHNP) demissionéiert. Offiziell sinn d'Demissiounen op perséinlech Grënn zréckzeféieren. Hannergrond sinn 100,7-Informatiounen no awer Meenungsverschiddenheeten.

Jean-Claude Franck / Paule Rodesch / cbi

Exklusiv Centre Hospitalier Neuro-Psychiatrique
De Centre Hospitalier Neuro-Psychiatrique. Foto: CHNP.

Iwwer d'Hannergrënn vun den Demissioune vum CHNP-Generaldirekter Marc Graas, an dem President vum Verwaltungsrot Fons Mangen, hält d'Gesondheetsministesch sech bedeckt. Den Aarbechtskontrakt mam Generaldirekter wier no engem gemeinsamen Accord opgeléist ginn. De President hätt perséinlech Grënn fir seng Demissioun opgefouert, esou d'Lydia Mutsch.

Et wier um Fons Mangen, méi Informatiounen doriwwer ze ginn, wann hien dat da wéilt, mengt d'Gesondheetsministesch. Si hätt et awer zur Kenntnis geholl an hätt och d'lescht Woch dem Regierungsrot en neie President proposéiert, deen och ugeholl gi wier.

Den Dokter Michel Nathan, de fréieren Direkter vum Centre Hospitalier Emil Mayrisch, iwwerhëlt deemno de Poste vum President vum CHNP-Verwaltungsrot, sou d'Ministesch. Am Verwaltungsrot sollten elo och d'Kritären definéiert ginn, fir d'Ausschreiwungsprozedur ronderëm de Rekrutement vun engem neie Generaldirekter ze lancéieren.

Divergenzen am Verwaltungsrot

Ee vun de Grënn, déi zu der Demissioun vun Direkter a President gefouert hunn, waren 100,7-Informatiounen no Divergenze bannent dem Verwaltungsrot um Niveau vun de Fusiounspläng tëscht dem CHNP an dem Centre Hospitalier du Nord. Déi Pläng besti schonn zënter 2014, hu sech bis haut awer net konkretiséiert. D'Gesondheetsministesch confirméiert, datt et an der Vergaangenheet Schwieregkeete goufen. Op béide Säiten hätt et Stëmme ginn, déi net méi un esou eng Fusioun gegleeft hätten.

"Ech selwer hu virun engem Joer d'Initiativ geholl an eise Commissaire aux hôpitaux chargéiert, fir explizit erëm béid Säite beieneen ze bréngen, un e gemeinsamen Dësch ze kréien a mengem Wonsch nach eemol Ausdrock ze ginn, datt et soll zu enger Fusioun kommen, dat hat deemools net dee vu mir gewënschte Succès."

Eng nei Chance fir d'Fusioun

An Tëschenzäit géif et awer nees eng nei Dynamik an den Diskussiounen, well nom Wiessel vum President vum Verwaltungsrot am CHdN d'lescht Joer an de rezente Changementer beim Centre Hospitalier Neuro-Psychiatrique sech béid Verwaltungsréit nees méi oppe géife weise fir Gespréicher iwwer eng Fusioun.

Et géif een dovunner ausgoen, datt mam neie President erëm Rou an d'Haus géif kommen, an datt déi Gespréicher kënnen entaméiert ginn. "An et ass och decidéiert ginn, fir sech en Expert zur Säit ze huelen, fir dee Fusiounsprozess ze begleeden, sou datt ech entre-temps erëm ganz optimistesch sinn, datt et tatsächlech zu där Fusioun wäert kommen", seet d'Lydia Mutsch.

D'Fusioun vu béide Spideeler wier wichteg fir d'Nordregioun, mengt d'Lydia Mutsch, fir sech vis-à-vis vum Zentrum an dem Süden méi staark kënnen ze positionéieren. Méiglecherweis kéint et 2019 oder 2020 dozou kommen.


D'Paule Rodesch am Panorama de 7. Juni um 7 Auer:

Lauschteren

Méi zum Thema

Programm

  • The Benny Brown Show

  • On air

    Notturno

  • Notturno

  • Virum Dag

  • Moies-Magazin

Net verpassen

Dossieren

  • AutorInne-Lies

    D'Publikatioun PM 19 10 huet d'Valerija Berdi inspiréiert fir déi akustesch Athmospär fir d'Buch ze liwweren. Hatt huet sech dofir op de Wee gemaacht an eng ganz Rei Andréck bei Autorinnen an Auteuren doheem akustesch agefaangen.

  • #beethoven20

    De Jean Muller gëtt an 32 Episoden en déiwen Abléck an de Kosmos vum Ludwig van Beethoven senge Pianossonaten.

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen