Radioen

On air

Notturno  |  Can - Moonshake

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Michèle Detaille: "Je dirais la même chose, plus poliment"

Industrie

Michèle Detaille: "Je dirais la même chose, plus poliment"

"Idiotesch a kontraproduktiv" wier d'Decisioun vun der Justiz gewiescht fir den Deputéierten Abléck an de Konzessiounsvertrag tëscht dem Staat an RTL ze ginn. Esou vill Transparenz wier u sech nëmmen an Diktaturen üblech. Fir déi Ausso an engem Interview virun engem Mount op RTL war d'Presidentin vun der FEDIL vill kritiséiert ginn.

auto_stories

2 min

D'Michèle Detaille ass Presidentin vun der FEDIL.

Dorop ugeschwat sot d'Michèle Detaille am 100,7 Interview, si géif zu där Ausso stoen ... och wa si se haut vläicht an aner Wieder apake géif. Si hätt wéilten de Lëtzebuerger Industriestanduert verteidegen, sou d'Michèle Detaille. Mee si géif et ëmmer nach problematesch fannen, datt Drëtter op déi Manéier Zougang zu Informatioune kréichen, déi u sech confidentiel misste bleiwen. Si werft d'Fro op, wéi eng Garantien Entreprisë kéinten hunn, datt Parlamentarier d'Informatioune wierklech fir sech géife behalen.

D'Frontalieren an den Industrie-Entreprisë ginn net zu Lëtzebuerg geimpft

Och wann d'Industrie manner ënner der Covid-Kris gelidden huet wéi aner Secteuren, bleift hir Aktivitéit gebremst, sou d'FEDIL-Presidentin. D'Carnets de commandë wieren zwar gutt gefëllt, mee um Niveau vun der Logistik (fir Matières premièren erbäi ze kréien an déi fäerdeg Produkter ze exportéieren) géifen et wéinst de Restriktiounen eenzel Schwieregkeete ginn. Och d'Industrie zielt elo op d'Vaccinatioun vun hire Mataarbechter, fir nees zréck an d'Normalitéit kënnen ze kommen. An deem Kontext géifen d'Betriber och gär eng Hand mat upaken, wann dat gewënscht wier, sot d'FEDIL-Presidentin.

"A savoir aussi qu'il y a un problème aujourd'hui, c'est que les frontaliers ne peuvent pas être vaccinés ici. Donc ça complique quand-même un peu la tâche pour les entreprises du privé de pouvoir vacciner les résidents et pas les autres. Mais bon, ça viendra sans doute."

Géint eng Fraequot

D'Michèle Detaille huet (laut Paperjam) vun allen ekonomeschen Acteuren hei am Land dee gréissten Afloss. Am 100,7-Interview seet si, si wier géint Frae-Quoten an der Politik a bei Entreprisen. Wat Féierungs-Poste fir Fraen a Betriber ugeet, hat d'Michèle Detaille dës Rotschléi.

"Je dis aux jeunes femmes, aux jeunes filles: Faites des études qui vont vous amener à prendre des responsabilités. On manque de compétence en technioque, en sciences, en mathématiques ... et bien: Faites ces études-là. Vous êtes capables de le faire puisqu'en médecine il y a plus d'étudiantes féminines que d'étudiants masculins. Donc ce n'est pas une question, comme on l'a dit pendant des siècles, que le cerveau de la femme ne peut pas avaler ce genre de matières. Allez-y, et là vous trouverez de quoi vous épanouir. Si vous le voulez."