Radioen

On air

Notturno  |  John Cale - Mercy Feat. Laurel Halo

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Migratioun a Krichszäiten

Fräie Mikro

Migratioun a Krichszäiten

D'Flucht vu Millioune Leit aus der Ukrain virun dem Horror vum Krich huet gewisen, datt op der Flucht net jiddweree gläich ass. Mee amplaz dat just ze bedaueren, kéinte mir probéieren et als Chance ze begräife fir all Mënsch e besseren Accueil an Europa ze organiséieren, seet de Frank Wies, Affekot a Mënscherechtsaktivist.

auto_stories

4 min

Foto: Gilles Wunsch

De russeschen Ugrëff op d'Ukrain huet de Vereenten Natiounen no scho méi wéi véier Millioune Mënsche gezwongen hir Heemescht ze verloossen. Zum Verglach mat 2015, wat Verschiddener haut nach als dat Joer vun der "Migratiounskris" bezeechnen, haten 1,3 Milliounen Mënschen an der EU eng Asyldemandë gestallt. Dat weist d'Dimensioun vun der Migratioun déi déi russesch Aggressioun ausgeléist huet. Eng Massebeweegung wéi se den europäeschen Kontinent zënter dem Zweete Weltkrich net méi kannt huet.

Et ass nach net laang hier, datt just e puer dausend Refugiéeën op de Grenzen vun der EU mat Wäissrussland zu enger aussepolitescher Kris gefouert hunn, woubäi Wierder wéi "hybride Krich" an "Flüchtlingen als Waffen" gefall sinn. Ugesiichts der Virgeschicht ass déi iwwergräifend Solidaritéit mat där all d'EU-Länner op d'Flucht vun de Mënschen aus der Ukrain reagéiert hunn ëmsou méi ervirzehiewen.

E grousse Kontrast par rapport zu 2015

Keen huet nom Ugrëff vum 24. Februar no engem Zoumaache vun de Grenze geruff oder virun de vermeintleche Gefore gewarnt, déi vun den Mënschen op der Flucht géif ausgoen a géint déi ee sech misst wappnen. Am Géigendeel, Länner wéi Polen an Ungarn, déi bis elo net am Verdacht stoungen der Opnam vu Refugiéeë positiv gesënnt ze sinn, hunn zesumme bal 2,7 Milliounen Leit opgeholl.

Wat e krassen Ënnerscheed zu 2015, wou déi sougenannte Balkanroute, déi vun der Tierkei aus d'Fluchtroute bis un d'Baussegrenze vun der EU gefouert huet an duerch Ungarn, mat rouegem Applaus vun deenen aneren EU-Memberen, zougemaach gouf. Duerno ass dunn en Accord mat der Tierkei gemaach ginn, déi am Echange vu Finanzhëllefen a Milliardenhéicht versprach huet, de Gros vun de Refugiéeë bei sech ze halen.

Och d'Verdeele vun de Refugiéeën op déi verschidde Länner, wat am sougenannten Dublinreglement gereegelt ass, weist wéi ënnerschiddlech d'Schicksaler kënne sinn. Déi Leit déi iwwert déi klassesch Route wéi d'Mëttelmier oder déi tierkesch Grenz kommen, hu keng fräi Wiel vum Land an deem si hiert Recht op Asyl wëllen froen. Och Famillje kënnen net onbedéngt zesumme bleiwen, esou bal et iwwert d'Elteren, Kanner an de Partner eraus geet.

Si ginn oft gezwongen zeréck an dat Land ze goen, wou si als éischt de Buedem vun der EU betratt hunn. Egal ob hier Bridder, Kosengen oder soss wäitleefeg Famill schonn anzwousch anescht ënnerkomm ass.

E Beispill vu mënschlecher a pragmatescher Migratiounspolitik

Den Ëmgang mat de Flüchtlingen aus der Ukrain weist wéi onmënschlech an absurd de Ping-Pong mat Mënschen tëschent Memberlänner ob Basis vun deenen Dublinreegelen ass. Wou ass den Ënnerscheed tëschent enger Persoun déi virum Krich a Syrie fortleeft an deenen déi d'Bommen op d'Ukrain an d'Flucht geschloen hunn? A béide Fäll stinn d'Chancen net schlecht, datt et russesch Bomme waren déi hier Heemecht zerstéiert hunn.

Déi onkomplizéiert Manéier mat där Leit aus der Ukrain sech dat EU-Land hirer Wiel eraussichen a sech och schnell do op d'Sich vun enger Aarbecht maache kënnen, weist wéi eng mënschlech a pragmatesch Migratiounspolitik kann ausgesinn.

D'Reaktioun vu polneschen Douanieren, déi ukrainesch Kanner mat Spillsaachen empfänken, soll an eiser Erënnerung bleiwen, wann op anere Plazen an Europa Leit um oppene Mier ausgesat ginn, well se sech getraut hunn ouni Erlabnis a Griicheland Asyl ze froen. Oder wann a Rumänien d'Douanieren de Klëppel auspake fir mat Gewalt den Iwwertrëtt vun der Grenz ze verhënneren.

Och Leit vun anere Plaze mat Dignitéit empfänken

Et ass vläicht naiv a mengem onverbesserlechem Optimismus geschëlt, mee wéi sollen déi politesch Verantwortlech an Zukunft déi absurd Migratiounspolitik mat all hiren onmënschlechen Aspekter esou weider kënne féieren, ouni mam Verweis op dat ukrainescht Beispill, ausgelaacht an eppes Bessere beléiert ze ginn?

Wann een elo Mauere verréckelen a Bierger versetze kann, fir véier Millioune Leit aus der Ukrain mat Dignitéit ze empfänken, dann ass dat och méiglech fir Leit aus anere Regioune vun der Welt.


Mam Zil fir déi ëffentlech Debatt ze fërderen, invitéiert de radio 100,7 am Fräie Mikro Leit aus der Zivilgesellschaft fir aktuell Theemen ze kommentéieren.