Radioen

On air

Kultur um 5  |  "A Comparative Dialogue Act" - de Lëtzebuerger Pavillon op der 60. Konschtbiennale zu Venedeg

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Migratioun à la carte

Politik

Migratioun à la carte

Dësen EU-Sommet markéiert ee Revirement an der EU-Politik. An der Schlussdeklaratioun huet sech däitlech de Langage vun enger méi repressiver Migratiounspolitik duerchgesat. Den Accent op d'Protektioun vun de Grenzen an op Mesure, déi dofir suergen, datt manner Migranten an d'EU kommen. Dobäi ass zimlech onkloer, wéi eng vun de Mesure jeemools wäert ëmgesat ginn. Kloer ass, datt d'Solidaritéit ënner de Memberlänner net obligatoresch, mee fräiwëlleg ass. Dat kéint nach laang esou bleiwen.

auto_stories

5 min

De politesch riets-konservative Bord zitt ee positive Bilan vun deem Sommet. Ganz zefridde war zum Beispill den éisträichesche Bundeskanzler Sebastian Kurz, fir deen Accenten an déi richteg Direktioun gesat goufen. "Ech si frou, datt et zu enger Trendwend koum op dësem Sommet, an datt et fir d'éischte Kéier eng Zoustëmmung gouf fir Flüchtlings-Zentere baussen der EU opzeriichten", sou de Sebastian Kurz. De But wier et, d'Zuel vun deenen, déi an der EU ukommen ze reduzéieren.

Virun allem eng politesch Kris

Déi Zuel ass an de leschte Jore massiv zeréckgaangen. Dowéinst ass dës Kris méi politesch wéi reell, dat hunn um Sommet eng Partie Leadere betount. Dës Erkenntnis huet awer net dozou gefouert, déi repressiv Mesuren an de Konklusiounen net matzedroen.

Een dovun: de Lëtzebuerger Premier Xavier Bettel. Hie géif net vu Freed an d'Luucht sprangen, bei deem, wat do erauskoum. Trotzdeem schwätzt hie vun engem Duerchbroch, schonn eleng well et iwwerhaapt een Accord gouf. "Verschidde Leit wollten eng Mauer ronderëm d'EU bauen a kee méi eraloossen. Mir soen, de Kontinent muss op sinn, mee et musse Regele ginn."

Wéi eng Zort Flüchtlings-Campen?

D'Fro, wat op dësem Sommet konkret decidéiert gouf, ass net esou einfach ze beäntweren. Dem Konklusiounstext ass däitlech unzemierken, datt an der Nuecht e bëssen iwwerstierzt Formulatioune gesicht goufen, déi probéieren deels kontradiktoresch Iddien an ee Saz ze quëtschen.

Als Beispill huele mir emol de Paragraph 6 eraus. Do heescht et, datt déi, déi gerett goufen, (am Mier gerett, dat muss ee sech do derbäi denken, well dat steet net am Text) - déi also déi gerett goufen, sollen a kontrolléiert Zentere gefouert ginn, déi an engem EU Land opgeriicht ginn, op fräiwëlleger Basis. Wou genee, dat steet net do, och soss ass den Text esou vag gehalen, datt jidderee seng eegen Interpretatioun maache kann.

Dem Xavier Bettel seng geet esou: "Dat sinn Hot Spoten, wéi mir se elo schonn a Griichenland, zum Beispill op Lesbos hunn. Si lafen ënner griichescher Kompetenz. An Zukunft solle se vun der EU organiséiert ginn."

Fir de Kommissiounspresident Jean-Claude Juncker wieren déi nei Zentere par konter keng richteg Hot Spotten. "Déi sinn e bëssen anescht gestréckt, wéi déi Hot-Spotten, déi sechs, déi mir bis elo a Griichenland oder fënnef, déi mir an Italien hunn. Dat si méi oppen Zenteren. Wann d'Memberstaate sech op volontairer Basis an deem Beräich engagéieren huet dat vläicht méi Chancen, wéi wa mir dat duerch Zwang maachen."

Bis elo huet keen EU-Land sech gemellt

Tatsaach ass awer, datt bis elo keen de Fanger gewisen huet, fir esou ee Camps bei sech opzeriichten. Dofir hunn der awer schonn eng Partie ofgewonk. Frankräich zum Beispill.

"La France n'est pas un pays de première arrivée", seet de franséische President Emmanuel Macron. Déi international Regele fir Leit am Mier ze rette wiere kloer, et wier dat Land, dat am nooste läit, dat ee Schëff misst uleeë loossen.

Och Éisträich ass kee Kandidat fir ee Flüchtlingszentrum opzemaachen, erkläert ganz däitlech de Sebastian Kurz. Och hie verweist drop, datt Flüchtlingen, déi an d'EU kommen, net als éischt an Éisträich ukommen, "ausser si géife mam Fallschierm erofsprangen, an dat kënnt seele vir".

Italien wénkt of

D'Länner um Mëttelmier sinn awer och net dobäi. Italien wëllt kee vun deenen neien Zenteren, Spuenien seet och Nee. D'Interpretatioune vun deene Länner an där éischter Rei ass souwisou eng aner. Fir si kënnen déi nei Campen iwwerall an der EU opgemaach ginn.

Datt sech keen drëm rappt, déi neie Léisungsproposen ëmzesetzen, läit vläicht och dorun, datt ee riskéiert, sech do eng Virwëtztut anzehandelen.

Well wat dono mat deene Migranten soll geschéien, déi an déi zoue Campen agespaart géifen, ass och net kloer. Och hei soll nämlech kee forcéiert ginn, der opzehuelen. Op deem Punkt hu sech déi véier Visegrad-Länner, also Polen, Ungarn, Tschechesch Republik an d'Slowakei duerchgesat.

Ëmverdeelung bleift fräiwëlleg

Si blockéieren och d'Reform vum gemeinsamen Asylsystem. Déi muss op alle Fall am Konsens gemaach ginn. Éisträich huet duerchgesat, dat am Text festzehalen. Woumat se also de facto elo vum Dësch ass. Ouni dee gemeinsamen Asylsystem, bannen deem d'Fro vun der Ëmverdeelung vu Refugiée sollt tranchéiert ginn, bäisst sech deemno bei der Iddi vun de fräiwëllege Zenteren d'Kaz an de Schwanz.

Och d'Iddi vu Campe baussent der EU, wou Migrante kéinten an Nordafrika opgefaange ginn, ass net ganz realistesch. Souguer de Kommissiounspresident ass do net ganz optimistesch. "Mir kënnen net iwwer d'Nordafrikaner verfügen a mir kënnen net den Androck entstoe loossen, datt mir hei eng Aart Neokolonialismus géife praktizéieren."

Rietsruck bei den etabléierte Parteien?

Wéi ee roude Fuedem huet sech déi innepolitesch Kris an Däitschland duerch dëse Sommet gezunn. Och wann de Lëtzebuerger Premier Xavier Bettel sot, et géif net drëm goen, d'Angela Merkel ze retten, huet dës Kris mat Sécherheet zu enger Verschäerfung vu verschidde Formuléierunge bäigedroen.

Domat, datt elo d'Droite den Toun ugëtt, ass allerdéngs de Jean-Claude Juncker net d'accord. D'Ausdrocksweis géif der Kommissioun an d'Konzept passen. Si hätt schonn 2008 proposéiert, fir d'Baussegrenze besser ze schützen. "Hätt een deemools drop gelauschtert, wier een haut net op deem Punkt, wou mir elo sinn", sou de Jean-Claude Juncker.

"Nee", seet och de Xavier Bettel - deen op d'Visegrad-Länner verweist. "Wann ech d'Staats- a Regierungscheffe vun de Visegrad Länner kucken, hunn ech der vun all Partei: ee vun der polnescher PIS-Partei, ee Chrëschtdemokrat, ee Sozialist an ee Liberalen, et ass also net d'Droite."

An deem Fall wier et jo net d'Droite, mee et wieren déi etabléiert Parteien, déi am gaange sinn, weider no riets ze réckelen. Vu verschiddene Säite war ze héieren, datt si Angscht vun den nächsten Europawahlen hunn, do kéinten déi eurospektesch Parteie massiv zouleeën an d'Parlament a wichtegen Decisioune blockéieren.