Radioen

On air

Iwwer Mëtteg  |  Cornelius - Sparks

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Migratioun: Nach ëmmer keng Eenegung tëscht Memberstaaten

EU-Sommet

Migratioun: Nach ëmmer keng Eenegung tëscht Memberstaaten

Um EU-Sommet zu Bréissel huet den éisterräichesche Kanzler Sebastian Kurz den Donneschdeg gefuerdert, datt d'Europäesch Unioun d'Iddi vun engem obligatoreschen Ophuele vu Flüchtlinge fir all Memberstaaten definitiv soll fale loossen. Néideg wier een Auswee aus der Sakgaass, esou de Kurz an der belscher Haaptstad. De Lëtzebuerger Premier Xavier Bettel huet op een neits gewarnt, e Präis fir Refugiéen auszerechnen an de Staaten d'Méiglechkeet ze gi fir sech kënne fräi ze kafen.

auto_stories

2 min

De Xavier Bettel um EU-Sommet zu Bréissel

D'Iddi vun enger obligatoresche System vu Solidaritéit gouf den Donneschdeg zu Bréissel nach eng Kéier diskutéiert, a si wier op een neits bei enger Rei vu Staaten op daf Ouere gestouss, esou de Xavier Bettel nom EU-Sommet. Doropshi wier d'Iddi komm, fir sech finanziell oder mënschlech kënnen ze bedeelegen, wann e Staat keng Flüchtlingen ophëlt.

Hien hätt um EU-Sommet gewarnt, datt hien et "katastrophal" géif fannen, wann et eng Echelle géif ginn, wat e Migrant kascht. Net jiddwereen am Sall hätt den éisträichesche Kanzler awer fir seng Propose kritiséiert.

"Ech soen Iech perséinlech, datt ech dat eng Propose fannen, déi net déi Wäerter representéiert, fir déi mir stinn", sou de Xavier Bettel. D'Lëtzebuerger Regierung géif fir Solidaritéit stoen. De Wäert vun engem Flüchtling dierft een net op eng konkret Zomm vu Sue festleeën. "Stellt Iech mol vir, wann een dat géif ufänke fir ze soen, wat ass e Flüchtling wäert? Du solls der 200 kréien. Du hues keng 200 geholl, dat muss du bezuelen. Du kriss eng Rechnung geschéckt als Kompensatioun fir Leit, déi s Du solls unhuelen."

Gemeinsam Repartitiounsregele bescht Léisung

D'EU-Staats- a Regierungschefen hunn den Donneschdeg och eng Bestandsopnam gemaach, vum aktuelle Stand vun der Migratioun. Verschidde Staate géife fäerten, datt de Migratiounsdrock aus Afrika ëmmer méi grouss géif ginn, huet de Premier erkläert.

Eng eventuell nächst "Flüchtlingswell" kéint Europa "just packen", wann ee gemeinsam Repartitiounsregele géif schafen, esou de Xavier Bettel.

Op dësem EU-Conseil gouf decidéiert, datt Enn Februar d'nächst Joer een éischte Sommet tëschent den 28 EU-Staaten an de Staate vun der Arabescher Liga wäert organiséiert ginn. Dem Xavier Bettel no, soll dobäi net nëmmen iwwert d'Thema Migratioun geschwat ginn.

Start vun ASEM

No dem EU-Sommet huet en Donneschdeg zu Bréissel d'Asien-Europa-Treffen (ASEM) ugefaangen: mat dobäi sinn d'Staats- a Regierungscheffen aus 51 europäeschen an asiatesche Staaten, dorënner China, Japan a Russland. Et geet ëm d'Zesummenaarbecht tëschent béide Kontinenter, zum Beispill an de Beräicher Handel, Klimapolitik a Kampf géint Terrorismus a fir Cybersécherheet.

Lëtzebuerg ass duerch de Premier Xavier Bettel vertrueden. ASEM-Sommete sinn all zwee Joer, ofwiesselend an Europa an an Asien.