Radioen

On air

De Moien  |  Yves Stein

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ "Migratioun war definitiv d'Haaptthema"

Bundestagswahl 2017

"Migratioun war definitiv d'Haaptthema"

Fir ZEIT ONLINE huet d'Vanessa Vu d'Wahlprogrammer vun de wichtegsten däitsche Parteien zum Thema Migratioun analyséiert. Während de Sujet bei der CDU relativ kleng gehale gëtt, hëlt e bei der AfD eng däitlech méi grouss Roll an. Och wann eng Rei Parteien sech just op klenge Punkten differenzéieren, dierft een se awer net gläichstellen.

auto_stories

4 min

Fir déi däitsch Bevëlkerung ass d'Migratioun dat wichtegst Thema bei der Bundestagswahl. Deementspriechend vill hunn och déi politesch Parteien an hire Wahlprogrammer iwwer Migratioun geschwat. "Et ass awer kee Fait, datt et dem Land wéinst de Refugiéeë géif méi schlecht goen. D'Leit hunn net reell u Sue verluer", seet dozou d'Vanessa Vu. "Mee d'Gefill an der Populatioun huet sech verännert - an dat huet d'Politik opgegraff."

Vanessa Vu: Wéieng Roll huet d'Migratioun am Wahlkampf gespillt?play_arrow

Fir ZEIT ONLINE huet d'Vanessa Vu d'Wahlprogrammer vun de wichtegsten däitsche Parteien zum Thema Migratioun analyséiert - ee Volet "Migratioun" gëtt et awer u sech net. De Sujet zitt sech éischter duerch ganz verschidden Themeberäicher. "An de Beräicher Bildung a Sécherheet, Aussepolitik oder och Aarbecht kënnt d'Migratioun op. Bei bal all de Parteien gëtt ganz ëmfaassend doriwwer geschwat."

AfD: Vill geschwat, wéineg konkret

Am Meeschten wier d'Migratioun am Wahlprogramm vun der AfD opgetaucht, seet d'Vanessa Vu. "D'AfD huet ganz vill Gedanken doriwwer, wéi Saache net funktionéiere sollen. Hir eege Proposen sinn awer zum Deel onméiglech ëmzesetzen." Sou wëll d'AfD d'Asylrecht ofschafen - d'Recht op Asyl ass awer ënnert anerem an der däitscher Constitutioun verankert. "Dat ofzeschafen ass ganz schwéier."

Vanessa Vu: Iwwer d'Propose vun der AfD zum Thema Migratiounplay_arrow

D'Proposë vun den anere Parteien sinn zum Groussdeel méi realistesch - an och méi no beieneen. "CDU an SPD hunn zum Beispill méi Gemeinsamkeeten, wéi Differenzen. Allerdéngs wieren d'Sozialdemokraten manner defensiv. "Béid Parteie wëllen d'Flüchtlingszuel erofkréien. Mee d'SPD konzentréiert sech awer méi dorop, datt d'Menscherechter vun de Flüchtlingen respektéiert, an och déi marginaliséiert Gruppen ënnert de Refugiéeën, wéi d'Fraen, besser geschützt ginn."

Integratioun jo, mee wéi vill?

Bei der Integratioun leien d'Regierungsparteien nees méi no beieneen. Alle béid wëllen, datt Sproochecoursen prioritär vun deene Leit beluecht ginn, déi eng dauerhaft Perspektiv hunn an Däitschland ze bléiwen. "Déi Gréng, d'Lénkspartei an och d'FDP hunn do een anere Point de vue. Si vertrieden d'Positioun, datt jiddereen, soubal en an Däitschland ukënnt, an Integratiouns- a Sproochecoursen ze goen huet." Déi liberal FDP géif sech awer nach verstäerkt dofir asetzen, datt Refugiéë séier op den Aarbechtsmarché kéinten.

Vanessa Vu: Wéi stinn d'Parteien zu der Integratioun?play_arrow

Et dierft een awer net de Feeler maachen, datt déi grouss Parteië quasi déi selwecht Positioune géife vertrieden. "An der Praxis hunn déi kleng Ënnerscheeder awer e groussen Impakt. Weini een dierf an en Däitschcours goen, ob ee seng Famill nohuelen dierf, wéini een tatsächlech wees ob ee kann dauerhaft bléiwen - do ënnerscheeden sech d'Parteien dann awer staark."

Rassismus am Wahlprogramm

Wéi ZEIT ONLINE d'Analyse vum Vanessa Vu verëffentlecht huet, koumen och Reaktioune vun AfD-Supporteren. "Ech hu geschriwwen, datt d'AfD d'Asylrecht wéilt ofschafen. Doropshin hu Leit kommentéiert, dat géif net stëmmen an d'Medien géifen d'AfD schlechtmaachen. Mee, d'AfD schréift dat schwarz op wäiss an hirem Parteiprogramm, dat kann een alles noliesen."

Och d'Partei selwer wiert sech oft géint d'Virwërf, si géif rassistesch Positioune vertrieden. "Mee si distanzéiert sech net vum Rassismus." Sou steet am AfD-Wahlprogramm zum Beispill, datt een an däitsche Schoulen net vun den "Awanderersproochen" dierft zréckgedréckt ginn.

Vanessa Vu: Wéi grouss sinn d'Differenzen tëscht de Parteie wierklech?play_arrow

Fazit?

Ofgesi vun der AfD hätten d'Parteien sech vill Gedanke iwwert Migratioun an Integratioun gemaacht, stellt d'Vanessa Vu an hirer Analyse fest. Mee: "Déi Leit, déi scho virun der Flüchtlingskris 2015 heihinner koumen an och vu Rassismus an Diskriminéierung betraff sinn, iwwer déi gëtt bal guer net geschwat."

Et wier däitlech, datt d'Migratiounspolitik vun de Parteien sech just op déi "nei" Flüchtlinge géif konzentréieren. "Dat ass awer geféierlech, well an e puer Joer sinn déi an der selwechter Situatioun, wéi déi aner. An op laang Dauer kann een esou e groussen Deel vun der Bevëlkerung net ignoréieren."

Vanessa Vu: De Fazit vun der Analyseplay_arrow