Radioen

On air

Notturno  |  Jarvis Cocker & Chilly Gonzales - Room 29

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Mikrofinanzéierung huet eng sozial Missioun

Mikrofinanzéierung zu Lëtzebuerg

Mikrofinanzéierung huet eng sozial Missioun

Mikrofinanzéierung ass e Konzept, dat ee virun allem mat Drëtt-Welt-Länner associéiert. De bengaleschen Ekonomist Mohammed Yunus hat d'Iddi fir Leit, déi keen Accès op de klassesche Bankesystem hunn, duerch ganz kleng Kreditter aus der Aarmut ze hëllefen. 2006 krut hien dofir de Friddensnobelpräis. Zënter e puer Joer gëtt d'Mikrofinanzéierung awer och zu Lëtzebuerg benotzt, fir klengen Entrepreneuren a Betriber ze hëllefen.

auto_stories

6 min

D'Mikrofinanzinstitutioun Microlux ass am Mäerz 2016 an Zesummenaarbecht tëschent der Bank BGL BNP Paribas, dem europäeschen Investitiounsfong an den Associatiounen Appui au Développement Autonome an Association pour le droit à l'initiative économique gegrënnt ginn.

D'Associatiounen ADA an Adie hate well Erfahrunge mat Mikrofinanzen am Ausland. Den Europäeschen Investitiounsfong stellt duerch de sougenannte Juncker-Plang Sue fir Projeten zur Verfügung, déi kleng Entreprisen ënnerstëtzen. D'BGL finanzéiert Microlux zu 80 Prozent a stellt der Mikrofinanzinstitutioun all Joer eng Millioun Euro fir Kreditter zur Verfügung, während den europäeschen Investitiounsfong d'Garantië fir Microlux iwwerhëlt, erkläert de Samuel Paulus, ee vun de Manager vu Microlux.

D'Leit brauche Begleedung

Microlux vergëtt Kreditter vu bis zu 25.000 Euro an adresséiert sech u Leit, déi kee klassesche Kredit bei enger Bank kréien, esou de Samuel Paulus. Wat ass d'Demarche, fir e Kredit ze kréien?
Wann ee sech wéilt selbststänneg maachen oder seng Entreprise entwéckelen, géif ee fir t'éischt Microlux kontaktéieren. An der nächster Etapp schwätzen déi Responsabel vu Microlux mat de Leit iwwer de Projet a kuckeN, wéi wäit si scho sinn. Vill Leit hätten eng Iddi, mä beispillsweis nach kee klore Businessplang. Si wéissten nach net, wéi vill Sue sI genee brauchen. Mircolux begleet dës Leit mat engem Reseau vu Coachen, fir de Projet besser ze strukturéieren.

Während den éischte Jore stellt Microlux de Leit weiderhi Berodung zur Verfügung, och fir ze verhënneren, datt d'Leit sech verschëlden, esou de Samuel Paulus. D'Leit hu véier Joer Zäit, fir de Kredit zréckzebezuelen. Et géif een net streng kontrolléieren, firwat d'Leit Sue géife benotzen, et géif een hinne vertrauen. Bis elo hätt ee gutt Erfahrunge gemaach. Den Zënssaz läit bei néng Prozent, méi héich also wéi bei enger Bank. Well d'Kreditter esou kleng wieren, géif dat awer nëmmen e ganz klengen Ënnerscheed maachen, sou de Samuel Paulus.

Bis ewell huet Microlux gutt 30 Kreditter verginn, 20 dovunner un nei Entreprisen, déi et och ëmmer nach ginn.

Mikrofinanzéierung huet eng sozial Missioun

Et géif ee vill Restauranten, kleng Butteker an Epicerien ënnerstëtzen. Dat wier ee Secteur, wou et méi einfach wier, fir unzefänken. Och e puer Flüchtlinge géif ee mëttlerweil ënnerstëtzen, esou de Samuel Paulus. Zu Esch zum Beispill afrikanesch Butteker. Et géif een awer och eng Coiffeuse an eng Danzschoul mat engem Mikrokredit ënnerstëtzen. Mä och en Här, dee Smartphonë reparéiert an een deen Autoe keeft an erëm verkeeft.

70 Prozent vun de Leit, déi e Kredit kréie géifen, wieren am Chômage oder géife mam garantéierte Mindestloun liewen. Déi meescht, déi eng Aarbecht hätten an ee klenge Kredit bräichten, kréichen deen och bei der Bank, sou de Samuel Paulus.

Fir de Samuel Paulus huet d'Mikrofinanzéierung deemno och eng kloer sozial Missioun. Och wann d'Entreprisë laangfristeg kee Succès hätten, kéint d'Erfahrung hinnen hëllefen, zréck op den éischten Aarbechtsmaart ze kommen, mengt de Samuel Paulus.

"Mir erfëllen d'Critèren net, fir en normale Kredit"

Den Argentinier Rodolfo an d'Japanerin Mihoko hu fir hir Danzschoul Dance Factory e Mikrokredit vu Microlux kritt. Si haten hir Entreprise scho gegrënnt, awer si hunn e Kredit vun 10.000 Euro opgeholl, fir hire Cliente méi kënnen unzebidden. E Kolleg, dee beim Staat geschafft huet, hat si op Microlux opmierksam gemaach.

"Mir sinn onofhängeg a mir hu keen TVA- a Steiererklärungshistorique. Mir erfëllen d'Critèren net, fir en normale Kredit bei enger Bank. Fir esou een ze kréie muss een noweisen, datt een e fest Akommes huet oder datt een e puer Joer Steiererklärunge gemaach huet, fir ze beweisen, datt een de Kredit och zréckbezuele kann. Dat heiten ass eng nei Entreprise, et ass onméiglech fir e laangen Historique ze hunn."

Dee méi héijen Zënssaz huet de Rodolfo net gestéiert, well d'Zommen, déi all Mount zréckbezuelt musse ginn, relativ niddereg sinn. Zënter datt si de Kredit ugefrot haten, goufe si vun engem vun den Expertë vu Microlux begleet a si sinn och zefridde mat der Berodung.

D'Konkurrenz bei den Danzschoule wier zu Lëtzebuerg relativ grouss, well et schonn eng Rei etabléiert Schoule ginn, esou de Rodolfo. Mam argentineschen Tango hätten hien a seng Fra Mihoko awer eng Nisch gefëllt, well et an der Groussregioun net vill Tango-Dänzer op hirem Niveau géife ginn. Eng kleng Entreprise zu Lëtzebuerg ze grënnen hätt Vir- an Nodeeler, esou de Rodolfo.

Zu Lëtzebuerg wieren d'Basisausgaben den Haaptproblem. Si hätten eng gutt Plaz am Zentrum vun der Stad. Am Verglach mat anere Stied an der Groussregioun, wéi Metz oder Tréier, wier de Loyer zu Lëtzebuerg awer dräi mol méi deier. Op där anerer Säit wier d'Akommes stabel, wat gutt fir hir Entreprise wier, sou de Rodolfo.

Mikrokreditter och fir Handwierker?

Microlux gëtt et eréischt zënter e bësse méi wéi engem Joer, dofir wier et nach schwéier anzeschätzen, wéi gutt de Projet fonctionnéiert, seet de Samuel Paulus, ee vun de Manager vun der Mikrofinanzinstitutioun. Bei der Handwierkerfederatioun mengt een net, datt am Handwierk e grousse Besoin fir esou kleng Kreditter do wier. Normalerweis bräichten d'Leit méi grouss Zommen, fir eng Entreprise ze grënnen. Bei der Handwierkerkammer gesäit een dat anescht, sou de Generaldirekter Tom Wirion.

Am Handwierk géifen et ganz vill Leit mat ville gudden Iddien, déi och ee grousse Savoir-faire hunn an déi hire Beruff beherrschen. Mä d'Maîtrise vum Beruff géif dacks net duergoen, fir sech kënne selbststänneg ze maachen. Eng ganz Partie Leit hätte keng Garantien a wieren dowéinst och net intressant fir Banken. Fir déi Leit z'ënnerstëtze wier et wichteg, datt et aner Moyenen, wéi zum Beispill Mikrokreditter, géif ginn, sou den Tom Wirion.

Duerch d'Mutualité des PME kréie kleng a mëttelgrouss Betriber eng finanziell Ënnerstëtzung a Begleedung. Hei geet et bis ewell awer ëm méi grouss Kreditter wéi bei Microlux. Firwat net och an dësem Kader mat Mikrokreditter schaffen?

Am Kader vun de Mutualitéite wier dat awer sécher eng Iddi, sou den Tom Wirion. Nieft Microlux géif et awer och d'FUSE, d'Fondation des Universités en Sciences économiques, déi d'Chambre des Métiers ënnerstëtzt. Dës géifen och eng Rei Mikrokreditter erausginn. Konkret Zuele géifen dem Tom Wirion awer net virleien.

De Projet Coup de pouce vun der FUSE vergëtt kleng Kreditter vu bis zu 5.000 Euro un Entrepeneuren an Entreprisen.

Mikrofinanzéierung wier zu Lëtzebuerg nach e relativ neie Phenomen an et géife beim STATEC, bei der Zentralbank a bei der Finanzopsiicht bis ewell nach keng Zuelen dozou ginn, esou nach de Generaldirekter vun der Handwierkskammer Tom Wirion.