Radioen

On air

Iwwer Mëtteg  |  Jane Penny - Beautiful Ordinary

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Militärasaz am Afghanistan: "Et war e Versuch wäert"

No Victoire vun Taliban

Militärasaz am Afghanistan: "Et war e Versuch wäert"

Den DP-Europadeputéierte Charel Goerens hält et weiderhi fir richteg, datt Lëtzebuerg sech um NATO-Asaz am Afghanistan bedeelegt huet. Et wier "äussert bedauerlech", datt d'Taliban elo erëm d'Muecht u sech gerappt hunn, esou de Charel Goerens.

auto_stories

2 min

A sengen Ae wier et besser gewiescht, wann d'NATO-Zaldote méi laang am Afghanistan bliwwe wären. Sou hätt ee sech Zäit geholl fir eng Transitioun virzebereeden, déi d'Vollek ouni Defense der Brutalitéit vun den Taliban ausliwwert, esou de Charel Goerens. An awer wier et e Versuch wäert gewiescht der afghanescher Populatioun mat Hëllef vun engem Militärasaz méi Fräiheeten ze ginn.

Souguer "déi beschte Kenner vun deem Land" géife sech froen, ob et iwwerhaapt méiglech wier, ee Staat am Afghanistan opzebauen. D'Fro géif am Raum stoen, ob et méiglech wier déi Fräiheeten duerchzesetzen, déi bei eis selbstverständlech sinn, an déi dohanne vill Leit gären hätten."

"Déi 20 Joer sinn net duer gaangen, mee wann d'Alternativ dora bestanen hätt, nach méi laang ze bleiwen a wéinstens de Versuch ze woen aus de Feeler vun der Vergaangenheet ze léieren, an eng kritesch Introspektioun ze maachen - wann een dat gemaach hätt, da hätt een, mengen ech, besser do gestane virun der Weltëffentlechkeet. Amplaz, wéi elo, eng total Faillite viru lafende Kamerae mussen anzegestoen."

Eng schwaach EU

Bei der Eskalatioun an Afghanistan hätt een och gemierkt, wéi schwaach d'EU an d'Institutioune sinn, seet de Charel Goerens, a wéi minabel déi europäesch Aussepolitik ass.

"Mir waren am Afghanistan, well d'Amerikaner do waren. Mir hätte selwer net kënnen dohinner goen. D'Europäer si mol net amstand, datt se esou eng Opération de sauvetage um Flughafe vu Kabul selwer géifen organiséieren. Dat hu mer net. Mir hunn déi Kampfhubschrauber net, déi ee bräicht fir zum Beispill den internationale Flughafe vu Kabul ze protegéieren. D'Europäer wäerten och mierken, datt eng Aussepolitik, eng Politik muss sinn aus engem Goss, vis-à-vis vum Recht vun der Welt."

De Charel Goerens war Ufanks den 2000er Lëtzebuerger Verdeedegungsminister, wéi déi éischt Lëtzebuerger Zaldoten an den Afghanistan geschéckt goufen. Virun dräi Méint war den Asaz vun der Lëtzebuerger Arméi am Afghanistan op en Enn komm.