Radioen

On air

De Weekend  |  Leen - Running

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Ministere schwätze vu "Rekord"

Denkmal- an Haiserschutz

Ministere schwätze vu "Rekord"

Den Denkmalschutz gëllt zënter Joren als Stéifkand vun der Lëtzebuerger Kulturpolitik. Dat hätt sech och mat dëser Regierung net geännert, seet de Jochen Zenthöfer vun der Associatioun Sauvegarde du patrimoine. Déi zwee Regierungsmemberen déi fir den Denkmalschutz zoustänneg sinn, soen awer, si hätten an der leschter Legislatur Rekordresultater erreecht.

auto_stories

4 min

Den Inneminister Dan Kersch verstoppt net, datt hien houfreg ass ob dat, wat an de leschte Jore geleescht gouf. Souwuel vum Guy Arendt, dem Staatssekretär am Kulturministère, mä virun allem och um Gemengenniveau, dee senger Responsabilitéit ënnersteet. Et wieren nach ni sou vill Gebaier kommunal klasséiert ginn, wéi ënnert dëser Regierung. Fir seng Behaaptung z'ënnermaueren nennt den LSAP-Inneminister Zuelen. Iwwer déi lescht 18 PAGen, déi säi Ministère approuvéiert huet, wiere 7642 Gebaier kommunal geschützt ginn. Wann een déi virleefeg Etüden zu de PAGen, déi dem Ministère aktuell virleien dobäistellt, da sollen um Enn 28.000 Gebaier am ganze Land kommunal geschützt sinn.

Rekord?

"1.341 Objeten ënnerleien de Moment enger nationaler Protektioun", seet de Guy Arendt. Ënnert der aktueller Regierung wieren 300 Objeten dobäi komm. 200 an de Joren 2017 bis haut. Dat wier e Rekord a géif beweisen, datt de Patrimoine dëser Regierung um Häerz leit.

Kann een tatsächlech vu Rekord schwätzen? De Jochen Zenthöfer, Vize-President vun der Denkmalschutz-Associatioun Sauvegarden du patrimoine relativéiert. Op nationalem Niveau wier an de leschte Jore sécher méi geschützt gi wéi déi Jore virdrun. Mä et géif awer nach laang net duergoen. Hie mécht e Verglach mam Ëmweltschutz.

Wann déi al Regierung dräi vun 30 verknaschte Flëss propper gemaacht hätt an déi nei Regierung fënnef, dann hätt ee schlussendlech nach ëmmer 22 Flëss, déi knaschteg wieren, seet de Jochen Zenthöfer.

Mat der Kultur wier et genee d'selwecht. Déi aktuell Regierung géif soen, datt se méi geschützt hätt, wéi déi al. Dat wier de falschen Usproch. Dat wier Politikerdenken. Zil misst et sinn, fir déi komplett schützenswäert Baukultur ze schützen. Dat entsprécht ronn 5.000 Gebaier.

Differenz tëscht Haiserschutz an Denkmalschutz

Datt de kommunalen Haiserschutz an den nationalen Denkmalschutz zwee verschidden Dossiere sinn ass net nei. Fir de Jochen Zenthöfer steet de Schutz, deen um Niveau vun de Gemengen assuréiert gëtt, a bei deem et zum Beispill dacks ëm d'Ästhetik geet, kloer ënnert deem Schutz deen um nationale Plang gemaach gëtt, an duerch dee Kulturgidder solle geschützt ginn.

Dat wat een zu Lëtzebuerg als kommunalen Haiserschutz géif bezeechnen, géif an Nordrhein-Westfalen als "Verunstaltungsverbot" gelten. Dat Verbuet géif iwwerdeems fir all Gebai gëllen, an net nëmme fir een Deel. Richteg geschützt wier e Gebai nëmmen dann, wann et op der nationaler Schutzlëscht géif stoen.

Haiserschutz wier kee "Wunschkonzert" seet den Inneminister Dan Kersch da mat Bléck op d'Gemengen. Säi Ministère hätt déi schwiereg Aufgab eng ganz Rei vun Interête matenee mussen ze kombinéieren. De Bestandsschutz wier just ee vu ville Critèren, déi a sengem Haus missten iwwerpréift ginn, wann eng Gemeng ee PAG erareecht.

Zousätzlech zum Kritär vum Bestandsschutz, gëtt et urbanistesch Kritären, seet den Dan Kersch. Et misst een op de Flächeverbrauch oppassen. Et misst een d'Kritäre vum Schutz vum Environnement anhalen, a kucken ob ee rationellen Energieverbrauch méiglech ass. Doriwwer eraus misst een eng anstänneg Liewensqualitéit fir d'Leit garantéieren, déi dono an deene Gebaier solle wunnen.

Reform läit um Dësch

De Vize-President vu Sauvegarde du patrimone, Jochen Zenthöfer seet, hie kéint déi Argumentatioun novollzéien. An der Politik géif et natierlech drëm goen, verschidden Interêten zesummenzebréngen.

Wéi kann also een Denkmalschutz am Sënn vun der Allgemengheet ausgesinn? Sécher ass, eng Reform vum Gesetz vun 1983, op déi laang gewaart gouf, läit elo um Dësch. Wéi den Avant-Projet am Detail ausgesäit wëllt den zoustännege Staatsstekretär net soen. Et misst ee nach verschidde Consultatiounen ofwaarden, ier den Text vum Regierungsrot kéint ugeholl ginn, seet de Guy Arendt.

Virgesi wier deemno, datt d'Prozedure solle vereinfacht ginn an de Patrimone mobilier, immatériel an archéologique sollen och hier Plaz am neien Text fannen.

Denkmalschutz reng national reegelen?

Eng Fro déi awer op bleift, ass déi ob eng reng national Reegelung vum Denkmalschutz net zu enger Vereinfachung géif bäidroen. Den Inneminister Dan Kersch verschléisst sech där Diskussioun net, weist awer drop hin, datt dat zu dësem Zäitpunkt, wou vill Gemengen nach am gaange sinn un hirem PAG ze schaffen, schwiereg wier. "Ech ka mer schlecht virstellen, datt mer elo erëm zwou Zorte vu PAGen zouloossen."

De Staatssekretär am Kulturministère weist sech manner oppen a verweist op eng kloer Trennung tëscht béide Beräicher, déi sech géifen ergänzen.

Och de Jochen Zenthöfer ass der Meenung, datt kommunalen a nationalen Denkmalschutz nieftenee sollte kënne bestoe bleiwen. Konditioun misst awer sinn, datt et nieft dem Haiserschutz an de Gemengen een nationalen Denkmalschutz gëtt, dee wëssenschaftlech fondéiert wier. An datt et ee Service des sites et monuments gëtt, deen effikass schaffe kann.