Radioen

On air

Den Nomëtteg  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ "Mir applizéieren d'Regele vum Privatsecteur"

Luxtram

"Mir applizéieren d'Regele vum Privatsecteur"

Vum 27. Juli u wäert den Tram vun der Rouder Bréck bis op d'Stäreplaz fueren. Deen Datum huet den Nohaltegkeet- an Infrastrukturminister François Bausch gëschter annoncéiert. Op zwee Kilometer sinn dann déi dräi nei Statiounen Theater, Faiencerie a Stäreplaz a Betrib. An enger éischter Phas, bis de 16. September, kënnen d'Leit dann och nees gratis mam Tram fueren.

auto_stories

2 min

De Generaldirekter vu Luxtram, den André Von der Marck

Anescht wéi um Kierchbierg gëtt den Tram an der Stad net iwwer Uewerleitungen ugedriwwen, mä iwwer Batterien, déi op all Statioun nei geluede ginn, an dat bannen 20 Sekonnen. Dat wier esou gemaach ginn, fir d'Bild vun der Stad net ze vill ze beaflossen.

De Chantier duerch d'Avenue de la Liberté géif esou gestallt ginn, datt een esou mann wéi méiglech Impakt huet op d'Geschäfter an d'Mobilitéit vun de Persoune soll hunn.

Geschäftsleit finanziell dedommagéieren

Geschäftsleit, déi eventuell duerch de Bau vum Tram Perten hunn, kënne finanziell dedommagéiert ginn, seet de Generaldirekter vu Luxtram. D'Geschäftsleit kënne sech un eng "Indemnisatiounkommissioun" adresséieren, wou all Fall eenzel gekuckt géif ginn, seet de André Von der Marck:

"Lauschtert, all Dossier wäert individuell gekuckt ginn. Mir hunn eng Datebank, wou mir genee wëssen, wat fir Aarbechte wéini, virun all Geschäft gemaach gi sinn. All Commerçant huet d'Méiglechkeet en Dossier ze presentéieren, fir seng Argumenter ze presentéieren an eventuell e Verloscht vu sengem Ëmsaz festzestellen. D'Kommissioun wäert dann un Hand vun all deenen Elementer eng Decisioun huelen, iwwer eng eventuell Entschiedegung."

D'Relatioun tëscht Luxtram, dem Bedreiwer vum Tram an dem Stater Geschäftsverband wier gutt, esou den André Von der Marck.

Zéi Verhandlunge vum Kollektivvertrag

Aktuell gëtt bei Luxtram e Kollektivvertrag verhandelt. Den André Von der Marck seet, et hätt een e gutt Klima an der Entreprise mat de Personalvertrieder. Et hätt een d'Gewerkschaften opgeruff fir de Sozialdialog erëm opzehuelen. Zwou Gewerkschaften haten an der Tëschenzäit de Verhandlungsdësch verlooss.

D'Bedreiwergesellschaft vum Tram kritt Sozialdumping virgeworf. Hir gëtt reprochéiert, 40 Prozent manner Salairen ze bezuele wéi am ëffentleche Secteur an 13 Stonnen obligatoresch Presenz den Dag fir d'Chaufferen. Den André Von der Marck seet, datt d'Chaufferen aacht Stonnen den Dag géife schaffen.

Wann d'Chauffere missten 13 Stonnen disponibel sinn, da wier dat eng Ausnam, déi ee bis zwee Mol de Mount géif virkommen. An dësem Fall géif de Chauffer eng zousätzlech Primm vun 100 Euro kréien. Et géif een d'Regele vum Privatsecteur applizéieren an net déi vum ëffentleche Secteur, well Luxtram eng privat Entreprise wier. Deemno kéint een d'Salairen och mat deene vu private Lëtzebuerger Entreprisë vergläichen.