Radioen

On air

Den Nomëtteg  |  Great Mountain Fire - Look Up

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Mir däerfen den Affer ni d'Schold ginn

Fräie Mikro

Mir däerfen den Affer ni d'Schold ginn

Nees huet ee presuméierte reliéise Fanatiker a Frankräich Menschen embruecht. Den Andrew Copson, Chief Executive vun Humanists UK a President vu Humanists International fënnt et ekleg a falsch den Affer vu Gewalt och nemmen eng Deelschold wellen ze ginn. Dat fënnt och de Bob Reuter, President vun AHA Lëtzebuerg, an dofir well hien iech haut dem Andrew Copson seng Iwerleeungen mat op de Wee ginn.

auto_stories

4 min

De 29. Oktober goufen a Frankräich dräi Zivilisten vun engem presuméierte islamisteschen Extremist ëmbruecht - erstach a gekäppt. Eng grujeleg, schockéierend an ze veruechtend Dot, mee keng isoléiert. Si ass passéiert knapps zwou Wochen nodeems de Samuel Paty, e Proff, ëmbruecht gi war, well hien a sengem Unterrecht iwwer Meenungsfräiheet an iwwer d'Ugrëffer op Charlie Hebdo geschwat hat.

Den Andrew Copson fënnt, datt Frankräich deemools op déi eenzeg Aart a Weis reagéiert hätt, wei eng mënscherechtsfrëndlech Republik äntwere kann. D'Recht op fräi Meenungsäusserung gouf verdeedegt, inklusiv der Publikatioun vu Materialien déi als beleidegend kéinten ugesi ginn.

Dës rezent Morde goufen, vun aneren, op eng eekelerreegend Aart a Weis als "Vergeltung" fir d'Verdeedegung vu Meenungsfräiheet a säkularer Bildung duergestallt, wéi wann et den Affer hier eege Schold wier.

Karikature rechtfäerdege kee Mord

Nee! Meenungs- a Glawensfräiheet ass kee Verbriechen. Mord ass et awer ganz sécher!

Et gëtt keng moralesch Equivalenz tëschent dem Zeechnen vu Karikaturen oder der Verdeedegung vu kënschtlerescher Fräiheet op där enger Säit a gewaltsame Mord a Käppen op där anerer Säit! Ze maache wéi wann dat de Fall wier ass einfach eekleg! Et ass kee Verbriechen fir reliéis Gefiller ze verletzen. A wien dat mëscht huet scho guer net verdéngt ëmbruecht ze ginn. An dann vun Islamophobie ze schwätzen ass schäinhelleg. Deene Stëmmen geet et net drëms géint Diskriminéierung a Virurteeler virzegoen, et geet drëms fir Zensur oder Selbst-Zensur via Blasphemie-Gesetzer z'etabléieren.

Blasphemie-Gesetzer féieren zu nach méi Gewalt duerch Selbstjustiz

Et gëtt awer kee gudde Grond deenen ze gleewen déi behaapten, dass Gesetzer géint Beleidegen vu reliéise Gefiller d'Gewalt stoppe géifen. Au contraire, an deenen Länner wou et esou Blasphemie-Gesetzer gëtt, wei Pakistan, Saudi-Arabien, Nigeria a Bangladesch, gesäit een, dass des Zorte vu Gewalt géint déi wou eppes aneres gleewen reegelrecht opbléien. Des Gesetzer ginn den Selbstjustizler carrement nach Legitimitéit well se wëssen, dass genuch Leit fannen, dass Gewalt eng akzeptabel Äntwert wär fir géint déi virzegoen déi si beleidegen a well se wëssen, dass se oft keng Strof ze fäerte brauchen.

Wa mer awer de Wee géife goen fir Beleidegung vu reliéise Gefiller ze veruechten, da géife mer nach méi Bluttvergéissen a Grausamkeet bewierken. Dat wär begleet vum Aushillegen vun eiser Fräiheet, och géigeniwwer Autoritéiten d'Wouerecht däerfen ze soen. Et géif zur Aschränkung vun der Villfalt vu Kultur a mënschlechem Liewen féieren.

Widderspriechen ass néideg

Wat kënne mer maachen, wa mer vu sou enger Onmënschlechkeet a Barbarei erausgefuerdert ginn a vun dëse verréckte Versich fir des och nach ze rechtfäerdegen ?

Mir mussen äntweren! Mat Fakten. Mat Argumenter. An och nolauschteren an der Réi no äntweren. Et geet net drëms ze punkten mee drëms fir Denkweisen an Astellungen ze änneren. Well et geet em eppes ganz Wichteges: d'Zukunft vu der Gedankefräiheet, der Meenungsfräiheet an eisem Recht op Liewen.

Dat bedeit, dass mir alle Scholdzouweisung un d'Affer widderspriechen musse wou mer se héieren. Dat ka bedeiten, dass mer mat Frënn streide mussen, wa si des falsch Gläichsetzung bedreiwen. Et kann heeschen, dass mer eis beschwéiere mussen, wa Journaliste sech dozou entscheeden "déi zwou Säiten" als schëlleg duerzestellen: op där enger Säit verréckte Mäerder an Leadere vun Halleftheokratien an op där anerer Säit Staatscheffen, Bierger a Proffen, déi sech op d'Rechtsstaatlechkeet an d'Mënscherechter beruffen.

Dat däerfe mer net duerchgoe loossen!


Mam Zil fir déi ëffentlech Debatt ze fërderen, invitéiert de radio 100,7 am Fräie Mikro Leit aus der Zivilgesellschaft fir aktuell Theemen ze kommentéieren. De Fräie Mikro ass e Gaaschtbäitrag mat Richtlinnen, am Respekt vun eisem Cahier des Charges, ënner der finaler Responsabilitéit vum radio 100,7.