D'Aidë wieren dacks u Konditioune gebonnen, déi nëmme schwéier nozevollzéie sinn, an déi eng ganz Rei méiglech Beneficiairë vu vir era géifen ausschléissen. Virun allem kritiséiert d'Alexa Ballmann, datt et keen Ersatzgehalt fir Independante gëtt fir hiren Akommesverloscht wärend der Dauer vum Lockdown, nom Modell vum Chômage partiel fir déi Beschäftegt, ze kompenséieren.
D'Independante misste weiderhin hir Cotisatioune bezuelen. "Dat ass jo awer e klenge Witz", kritiséiert d'Alexa Ballmann.
Eng gestaffelt Hëllef
Si weist drop hin, datt een déi eemoleg Primm vun tëschent 3.000 a 4.000 Euro, déi d'Regierung virun zéng Deeg decidéiert huet, just kritt, wann ee sech e Salaire vu maximal zwee an hallef mol de Mindestloun ausbezilt. Wann een driwwer fält, da géif een näischt kréien. D'Associatioun "Jonkt Handwierk" géif dohier fuerderen, datt dës Aidë gestaffelt ginn.
"Mir hätten einfach gär e Recht. Wéi de Salarié säi Chômage partiel kritt, hätte mir gär en Ersatzgehalt zu deene selwechte Konditiounen. Och e Chômage partiel ass gedeckelt, och do kritt een net à l'infini. Deen ass op 2,5 mol de Mindestloun gedeckelt."
D'Alexa Ballmann fënnt et net akzeptabel, datt wann ee méi wéi 2,5 mol de Mindestloun géif verdéngen, keng Aidë vum Staat soll kréien.
Et wier decourageant ze liesen, wéi vill Aiden et géife ginn. Den normale Bierger géif da mengen, datt d'Independante gehollef kréien. "Mir kréie guer näischt", seet d'Alexa Ballmann. "Mir fillen eis komplett ignoréiert a mir fillen eis absolut onfair behandelt."
Lex Delles schwätzt vun Amalgammen
"Et gëtt eng Panoplie vun Aiden, wou och den Independant eligibel ass", esou de Mëttelstandsminister Lex Delles (DP) a senger Reaktioun op d'Kriticke vun Presidentin vu "Jonk Handwierk" Alexa Ballmann. "Ech mengen, datt do ganz vill Amalgamme gemaach gëtt, tëschent verschiddene Saachen", esou de Minister.
De Lex Delles huet och dorun erënnert, datt bis elo schonn iwwer säi Ministère am Ganzen 285 Milliounen Euro Hëllefen - also Steiergelder - ausbezuelt goufen, wéinst de Konsequenze vun der Corona-Pandemie.