Radioen

On air

Tockcity  |  Everything Everything - The Mad Stone

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ "Mir gi vu verschiddene Säiten attackéiert"

Syrien

"Mir gi vu verschiddene Säiten attackéiert"

De Rami Abdulrahman ass d'Gesiicht vum syreschen Observatoire fir Mënscherechter, enger ëmstridden Organisatioun, op déi sech déi westlech Medien zënter Joren am Syrien-Krich beruffen. De Michel Delage huet sech den 21. Mäerz op der Leipziger Buchmesse mat him ënnerhalen.

auto_stories

3 min

Michel Delage: De syreschen Observatoire fir Mënscherechter war laang déi eenzeg Source fir iwwerhaapt ze wëssen, wéi vill Mënschen an deem Krich gestuerwe sinn. Wat sot Dir zu de Kritiken, déi et gouf an ëmmer nach gëtt iwwer d'Zouverlässegkeet vun ären Informatiounen?

Rami Abdulrahman: Mir sinn ëmmer nach déi wichtegst Plaz fir Berichter iwwer Verstéiss géint d'Mënscherechter a Syrien. Am Nordoste sinn eng Rei Journalisten op der Plaz, do gëtt et nieft dem Observatoire och e puer Sourcen. Mee fir de Rescht vu Syrien sinn mir ëmmer nach déi eenzeg Plaz, déi zouverlässeg Informatiounen verbreet.

Dir sot jo selwer, datt Dir zënter 20 Joer an England lieft. Wéi schafft Dir iwwerhaapt? Zesumme mat engem Reseau vun Informanten, déi op der Plaz sinn? Wéi vill Leit sinn dat? Huet sech dat mat der Zäit entwéckelt?

Den Observatoire huet 236 Mataarbechter. An da gëtt et nach een Netz vun Aktivisten, déi eis informéieren. A mir verbreeden d'Informatioun. Bestëmmte Medien, beispillsweis Russia Today, hunn eis verbal ugegraff, wéi mir massiv d'Mënscherechtsverstéiss duerch Ugrëffer vu Russland dokumentéiert haten. Firwat gi mir attackéiert? Mir gi vu verschiddene Säiten attackéiert well mer d'Verstéiss géint Mënscherechter vun alle Krichsparteien dokumentéieren. All Krichspartei wëll hiren eegenen Observatoire hunn an nëmmen d'Mënscherechtsverletzunge vun där anerer Säit dokumentéieren, an dat wëlle mir net.

Haut [21. Mäerz] hu mir zum Beispill iwwert déi Doudeg duerch déi amerikanesch anti-IS-Koalitioun an och duerch déi russesch Aviatioun zu Idlib bericht.Dat ass de Grond, firwat déi verschidde Säiten eis ëmmer erëm ugräifen. Mir wëssen, datt mir eis iwwerall op engem Terrain voller Minne beweegen. Mee mir musse schéin an der Mëtt bleiwen an alles dokumentéieren.

Ech weess, datt wann ech beriichten, ech menacéiert an erpresst ginn. Dofir trieden ech perséinlech an der Ëffentlechkeet op, fir datt ech meng aner Mataarbechter, Frënn, Aktiviste ka schützen. Dacks baséieren d'Kritike géint eis net op Fakten. Et si perséinlech Attacken, allgemeng Attacke fir eis schlecht ze maachen.

Wie finanzéiert iwwerhaapt Är Organisatioun? Et war scho mol vu Katar rieds...

(laacht) Zënter 2012 kréien ech verbuede fir beim Fernsehsender Al-Jazeera, dee vum Katar finanzéiert gëtt, opzetrieden. Nee, also vum Katar iwwerhaapt net. Ech gräifen all Dag d'Roll vum Katar a Syrien un. Also keen Cent aus dem Katar! Ganz am Ufank hunn ech mech selwer finanzéiert. Elo ginn ech vun europäeschen Institutiounen, private Mënscherechtsorganisatiounen ënnerstëtzt, fir datt mer kënne weidermaachen. Mir mussen natierlech ëmmer spueren, mat wéinege Mëttelen eens ginn, fir eng gutt Aarbecht ze leeschten.

Sidd Dir Iech iergend enger politescher Beweegung a Syrien méi no? Net onbedéngt enger Krichspartei...

Ech si géint all déi, déi géint d'Mënscherechter verstoussen an ech sinn e Frënd vun all deenen, déi d'Mënscherechter respektéieren. Praktesch all d'Krichsparteien a Syrien hu Krichsverbriechen a Mënscherechtsverletzungen ze veräntwerten. Ech wëll all d'Mënschen a Syrien a Schutz huelen, dofir suergen, datt hir Rechter net verletzt ginn.

Vum Regimm kréien ech virgeheit, een Islamist oder Radikalen ze sinn. Vun der Oppositioun heescht et, ech wier een Alawit, also vum Assad-Clan.D'Tierkei reprochéiert mir, ech wier vu kurdescher Origine, ee Kurd... Ech sinn de Mënschen a Syrien loyal, ech hätt gären, si géife geschützt ginn.

Wéi schätzt Dir d'Situatioun a Syrien de Moment an?

Et ass en Duercherneen a Syrien, ech gesi kee Liicht um Enn vum Tunnel. Et gëtt vill Acteuren - regionaler, internationaler -, ech weess bis op Weideres net wat geschéie wäert.Trotz allem ass et wichteg, all d'Verstéiss géint d'Mënscherechter ze dokumentéieren. D'Täter däerfen net dovun ausgoen, datt si net bestrooft ginn. Et ka keng Versöhnung, keng Gerechtegkeet ginn, soulaang d'Täter net zur Rechenschaft gezu gi sinn.