Radioen

On air

Notturno  |  Dana Gavanski - Word On A Wing

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ "Mir ginn net wéi Mënsche behandelt"

Flüchtlingskris

"Mir ginn net wéi Mënsche behandelt"

D'lescht Joer sinn 120.000 Flüchtlingen iwwert d'Mier an Italien ukomm. 3.100 Mënsche sinn am Mëttelmier ëmkomm. Déi grouss Majoritéit koum aus Libyen. Déi meescht vun hinne mat Originnen aus West-, Zentral- an Ostafrika. Si ginn a Lageren ënnerbruecht, ënnert deels katastrophalen Zoustänn. Op Missioun an Nordafrika huet sech de Lëtzebuerger Ausseminister Jean Asselborn mat enger Lëtzebuerger Delegatioun e Bild vun der Situatioun gemaacht.

auto_stories

8 min

E Minister, eng Dose Lëtzebuerger Diplomaten a Journalisten, schnallen zu Tunis am Fliger d'Ceinture fest, fir den Decollage Richtung Tripolis. Si gi Flüchtlingen a Migranten a Libyen kucken, e Lager an en Hangar - ënnert strenge Sécherheetsmesuren. Et wëllt ee sech en eegent Bild maachen. De Minister sicht a Libyen no Pistë fir eng Perspektiv an der Flüchtlings- a Migratiounsproblematik - eng Problematik, déi Europa déi aner Säit vum Mëttelmier wëllt halen.

Geschate 500.000 bis eng Millioun Mënsche sëtzen a Libyen fest, wëllen an Europa, oder op d'mannst eraus aus Libyen. Libyen ass d'Hell, erziele si am Lager Tarek al Matar, dat déi libesch Autoritéiten de Lëtzebuerger Ausseminister besiche loossen. Regelméisseg féiere mir Visiteuren hei hin, erzielt eis e private Sécherheetsbeamten, am blindéierte SUV.

Flüchtlinge virum OIM Camp zu Agadez. Foto: Mick Entringer.

Et ass eent vun den offizielle Lageren, déi besser solle sinn, wéi déi illegal vun de Milizen. Am Haff waarden d'Flüchtlingen, opgestallt fir de Minister a seng Delegatioun. Et géif een hei net wéi Mënsche behandelt ginn, mä wéi Déieren, esou ee vun de Flüchtlingen. "Ech hu keng Chancen doheem a mengem Land", seet en anere Refugié.

D'Léisung vun der Migratiouns- a Flüchtlingsproblematik léich an der politescher Stabiliséierung vu Libyen, krut d'Lëtzebuerger Delegatioun erkläert.

Constitution, Elections, Reconciliatioun, dräi Etappen net noeneen, mä zum selwechten Zäitpunkt, esou beschreift de Ghassan Salamé, den UNO-Spezialbeoptraagten an der Regioun, d'Erausfuerderung fir Libyen.

Status Quo war keng Léisung

Gläichzäiteg gëtt den Deckel op d'Land gehalen; d'Flüchtlinge solle Libyen net méi verloossen. Libyen ass dat Land, wou de Lëtzebuerger Ausseminister am Joer 2011 dofir war, datt déi selwecht international Communautéit, déi elo hëlleflos no Fridde sicht, d'Land bombardéiert. Jean Asselborn:

"2011 war et net fir beim Status Quo ze bleiwen. Ech soen dat ëmmer erëm. De Ghadaffi war am gaangen op seng eege Leit mat sengen eegene Fligere wierklech ze schéissen, Bommen ze geheien, an et konnt een net ewechkucken. Wann Europa deemools ewech gekuckt hätt, hätte mir ganz aner Reprochë gemaach kritt wéi déi, déi mir natierlech och elo gemaacht kréien."

Zënter der Chute vum Gaddhafi ass Libyen an op d'mannst dräi Deeler gespléckt: De Weste mat enger international unerkannter Regierung, den Osten ënnert dem Militäroffizéier Chalifa Haftar, de Süden ënnert der Kontroll vu Gruppe vum IS. Dotëscht eng Multitudë vu Milizen, déi mateneen a géintenee kämpfen. An tëscht all deem 500.000 bis eng Millioune Mënschen aus anere Länner, déi eraus wëllen, am Léifsten an Europa.

Flüchtlinge ginn net all unerkannt

Libyen huet déi international Konventioun vu 1951 iwwert de Statut vun de Flüchtlingen net ënnerschriwwen. Flüchtlinge gi just aus enger Handvoll Länner unerkannt. Déi aner sinn illegal Migranten, a ginn dowéinst agespaart. A legalen oder illegale Campen.

Déi international Organisatiounen OIM an UNHCR versichen zënterhier d'Flüchtlingen erauszekréien. Dofir gëtt et eng Klassifikatioun: Eng Hitparad vum Misär. Déi, déi viru Krich fortlafen, kommen an Tëschelager, fir begleet vum UNHCR enzwousch Asyl unzefroen, an da vläicht awer an Europa landen.

De Roberto Mignone, vum UNHCR, dem Héije Flüchtlingskommissar vun de Vereenten Natiounen zielt, datt een deene Leit Prioritéit gëtt, déi hiert Liewen hu misse retten an dowéinst am Prisong sinn. Virun allem misst ee Fraen, Kanner, Famillen, Mënsche mat Behënnerung an eelere Leit hëllefen.

Migrante ginn zeréckgeschéckt

Nieft de Flüchtlingen, déi offiziell Flüchtling genannt däerfe ginn, ginn et déi, déi virum Honger fortlafen, virun der Iwwerbevëlkerung an dem Klimawandel. Si heesche Migranten. Déi iwwerhëlt d'OIM a bréngt si nees wou si hierkommen. Gewäsch a mat neiem Gezei.

Flüchtlingen am Hangar vun der OIM. Foto: Mick Entringer.

Et gëtt de Journalisten an de Migranten erzielt, si hätten doheem eng Perspektiv, a Sue fir en Neistart, an en Integratiounsprogramm fir eng besser Zukunft. Esou richteg gleewen d'Flüchtlingen et net, an d'Journalisten och net wierklech.

EU ass mat verantwortlech

ONGe wéi Amnesty International a Human Rights Watch maachen d'EU mat verantwortlech fir dat, wat mat de Mënschen aus West-, Ost- an Zentralafrika a Libyen geschitt.

Sophia, Sagesse, heescht déi multinational militäresch Operatioun vu der EU, déi den Optrag huet, de Mënscheschmuggel a Mënschenhandel tëscht Italien an der Küst vun Nordafrika ze bekämpfen. Zënter 2016 zielt och d'Ausbildung vun der libescher Küstewach dozou.

D'lescht Joer ass d'Zuel vun de Migranten a Flüchtlinge staark zeréckgaangen. E Succès, erkläert e franséische Kommandant vun der EUCAP Missioun am Niger - der drëtter Etapp vum Jean Asselborn senger rezenter Afrikatour. D'Route fir Flüchtlingen a Migrante vum Niger Richtung Libyen wier elo zou, seet de Polizist. De Flux hätt sech verlagert iwwert Marokko a Richtung Spuenien.

Lëtzebuerg drëttgréissten Donateur

Am Joer 2015 huet den Niger den illegalen Trafic vu Migrante per Gesetz verbueden, op Drock vun der EU. Am Géigenzuch fléisst Geld, fir Kooperatioun. Bilateral sinn et vu Lëtzebuerg fir d'Joren 2016-2020 85 Milliounen Euro, keng Kreditter, mä reng Subventiounen an d'Beräicher Educatioun an Zougang zu propperem Waasser. Zënter 30 Joer ass déi Lëtzebuerger Kooperatioun am Niger aktiv. Lëtzebuerg ass den drëttgréisste bilateralen Donateur am Niger. Beim offiziellem Optrëtt erënnert de Minister do drun.

Lëtzebuerg ënnerstëtzt awer och déi regional G5-Sahel Militärtrupp. Mat engem Militärspidol, krute mir op Nofro hi gesot. D'Sécherheet ass eng vun den éischte Prioritéite fir den Niger an d'Länner südlech vun der Sahara. Zënter de Mahamadou Issoufou 2011 President vum Niger ass, stäipen d'USA an déi europäesch Länner déi Sécherheet intensiv mat Suen a Militär. De Niger ass an der Sahelzon dat politesch stabilst Land a steet virun enormen Erausfuerderungen.

Eng Panoplie vun Erausfuerderungen

Am Nigeria, am Tschad, am Mali an a Libyen hu sech d'Islamisten ausgebreet, souwéi Waffen-, Mënschen- an Drogenhandel. D'Sécherheet ass déi gréisst Erausfuerderung fir den Niger. Dobäi kënnt de Klimawandel; all zwee Joer kennt d'Land eng Dréchent. D'Demografie explodéiert: Am Duerchschnëtt huet eng Fra am Niger siwe Kanner. Investéiert gëtt an Educatioun, d'Formatioun an an eng aktiv Fraepolitik, seet de Premier.

E grousse Problem ass den Zougang zu Drénkwaasser, an den Ausbau vun der Gesondheet. An nieft all deem gëtt et d'Migratioun. Aus dem Niger géif kee sech op de Wee maache fir an Europa, ënnersträicht de Premierminister. Am Niger huet och seelen een d'Moyene fir Passeuren ze bezuelen. Den Niger ass dat zweet äermste Land op der Welt.

Eng Dréischeif fir Migratioun a Mënschenhandel

Agadez, am Zentrum vum Land, war bis viru Kuerzem eng Dréischeif fir Migratioun a Mënschenhandel. Aktuell kommen der vill aus Algerien a Libyen zréck. D'OIM, déi international Organisatioun fir Migratioun, hëlt si am Niger op a Campen, fir si zréck an hir Ursprongslänner ze rapatriéieren. Iwwert 780 Leit, 17 Nationalitéiten, waren am Camp.

D'Flüchtlinge kommen aus ville verschiddene Länner. Foto: Mick Entringer.

Firwat maachen déi Honnertdausenden Afrikaner sech op de Wee, wou si dach am digitalen Zäitalter wëssen, wat si erwaart? Nieft Krich, Dréchent, an Honger, Demografien déi explodéieren, Klimawandel, Korruptioun an ongläicher Verdeelung vu Räichtum, sinn och déi strukturell Ongläichgewiichter responsabel, déi Europa den afrikanesche Staaten opgezwongen huet. Landwirtschaftlech Bëllegprodukter aus Europa, déi déi lokal Mäert zerstéiert hunn an europäesch Fëschflotten, déi d'Küstegewässer eidel fëschen. Honnertdausenden Afrikaner hu keng Perspektiven op hirem Kontinent.

Tomate planze fir eng Perspektiv ze kréien

Bei 40 Grad Hëtzt an der praller Sonn, planzen op engem Feld zu Agadez eng Dose Jugendlecher kleng Tomateplanzen an de roude Buedem. Si sinn dat geléiert ginn an engem Formatiounszenter, e Lëtzebuerger Kooperatiounsprojet. Fir datt déi Jonk zu Agadez net an de kriminelle Reseau rëtschen, fir e puer Su ze verdéngen, solle si hei eng Perspektiv kréien. Fir sech selwer z'ernähren, a vläicht eppes dovun um Maart ze verkafen.

Op d'Fro un de Lëtzebuerger Expert a Representant am Niger, den Eric Dietz, wiem d'Land da gehéiert fir unzeplanzen, ass et d'Äntwert, dat wier leider e grousse Problem. Dat géif nëmmen engem vun enger grousser Famille gehéieren. Dacks kéim et dowéinst zu Streit. Hien huet awer Hoffnung fir d'Land.

E battere Bilan

Op Tëschestopp zu Gardaia an Algerien zitt de Lëtzebuerger Ausseminister Jean Asselborn Bilan vu senger Afrikatour.

"Effektiv, mir waren an dräi Länner, an ech mengen den Dénominateur commun ass, datt et deenen dräi Länner e wéineg méi schlecht geet wéi Europa, a wéi Lëtzebuerg. (...) Alles wat sech do ofspillt. Mir gesinn d'Leit, déi am Mier erdrénken, wat jo dramatesch ass. D'lescht Joer nach 3.000 Leit, mä mir gesinn net d'Zuel an och net dee Misär, deen Debakel vu Leit, déi praktesch heiansdo ausgesat ginn an d'Wüst, an do erdiischteren oder anerwäerts ëmkommen."

De Jean Asselborn ass komm, huet gekuckt, nogelauschtert, an ass erëm gaangen. Vläicht mam Fazit, datt um Enn alles nach vill méi komplizéiert ass wéi geduecht.