De Responsabele fir d'Infrastruktur vu Creos Alex Michels widderhëlt ëmmer nees, datt den Tracé fir déi Verbindung mam däitschen Héichspannungsnetz bis elo just e Stréch op enger Kaart wier, well d'Varianten am Kader vum der Ëmweltimpakt-Studie gepréift géifen. De Bureau d'étude, deen d'Studie mécht, géif Récksprooch mat de concernéierte Parteien huelen (Gemengen a Bierger) a froen, wat gepréift soll ginn. Doropshi géifen Alternative gepréift, sou den Alex Michels. "Wann d'Gemengen elo gären hätten, datt déi eng oder aner Alternativ soll gepréift ginn, da ginn déi am Kader vun der Ëmweltimpaktetüde gepréift."
Also och net ier de Projet der Ëffentlechkeet virgestallt gëtt, wéi d'Buergermeeschter vun de Gemenge Steesel a Luerenzweiler dat e Méinden zesumme gefuerdert haten.
Freet een de Alex Michels, ob d'Leitungen also herno iwwer aner Gemenge kéinte féieren, äntwert hien: "Mir hu keng Plaz fonnt."
Déi eenzeg Virgab déi een hat wier, fir net iwwer bebaute Gebitt ze bauen, well dat net erlaabt ass, sou den Alex Michels.
D'Leitungen ënnerierdesch ze verleeën, wéi Steesel an Luerenzweiler dat fuerderen, géif op mannst fënnef Mol esou deier ewéi Iwwerlandleitungen. Déi Käschte ginn herno op all d'Utilisateuren, Menagen inclus, verdeelt. Ob d'Auswierkungen dovu manner grouss op d'Ëmwelt wieren an ob et eng Méiglechkeet géif, fir d'Umspannwierk um Heeschdrefer Plateau méi kléng a méi no un d'A7 ze leeën, géif net Creos decidéieren. "All déi Saache ginn am Kader vun der Emweltimpakt-Etude gekuckt", sou den Alex Michels.