Impfcampagne fir Leit ouni Pabeieren "Mir hu Vertraue missen opbauen"

Eng 120 Leit ouni Pabeiere goufen an de leschten Deeg geimpft. "D'Campagne ass gutt gelaf", seet d'Jessica Lopes vun der ASTI. Déi Concernéiert wiere pro Impfung gewiescht, et hätt awer vill Vertraue par Rapport der Protektioun vu hire perséinlechen Donnéeë missen opgebaut ginn.

Sophie Morang / cbi

Jessica Lopes
Jessica Lopes (Foto: privat)

Lauschteren


"Et ass gutt gelaf", dat ass de Constat vun der Jessica Lopes vun der ASTI. Eng 95 Prozent vun de Leit, déi e Rendezvous haten, wieren och effektiv komm an hu sech impfe gelooss.

"D'Leit waren extrem frou", erzielt d'Jessica Lopes. Schonn am Januar a Februar hätt hir Organisatioun Demandë gehat, wéi Sans-papieren sech och kéinten impfe loossen.

D'Explikatioun dofir gesäit d'Jessica Lopes doran, datt déi Leit dacks ënner prekären Ëmstänn liewen, hier Liewenskonditioune schwiereg sinn, si keng Krankekeess hunn an och keen Accès zum Large-Scale-Testing haten. "Dofir koum et zu der Pro-Impfung Positioun", seet d'Jessica Lopes.

D'ASTI an de CLAE hunn de Kontakt gemaach

D'Leit, déi keng Openthaltsgeneemegung hunn, liewe verstoppt - si hunn keng Adress a keng Matricule. "Iwwer eis konnt den Accès gemaach ginn", seet d'Jessica Lopes: si hätten d'Lëschte mat den Impfdemandë geréiert.

Fir déi Concernéiert wieren du Matriculle generéiert ginn, wat awer keng wierklech Matriculle waren. Si goufe just fir d'Impfung genotzt. "Mir hunn de Leit awer och missen eng Kopie vum Pass froen - dofir huet Vertraue missen opgebaut ginn", erzielt d'Mataarbechterin vun der ASTI.

D'Leit hätten Angscht gehat, datt hir Informatiounen iergendwa géifen an der Direction de l'immigration landen. "Mir hunn awer d'Versprieche vun der Gesondheetsministerin, datt dat net geschitt", esou d'Jessica Lopes.

Am ganze konnten iwwregens eng 120 Leit iwwer déi Aktioun geimpft ginn, mam Vaccin vu BioNTech/Pfizer oder deem vun Johnson&Johnson.

Méi zum Thema

Impfbus
Impfcampagne

E Samschdeg stoung den Impfbus beim e-Lake Festival zu Iechternach. D'Leit, déi sech impfe gelooss hunn, hunn d'Initiativ begréisst, déi hinnen et erméiglecht, hiert Aarbechtsliewen an hir Fräizäit ze vereenbaren, ouni sech ëm Pabeierkrom ze këmmeren.

Impfbus
Impfcampagne

Zanter enger knapper Woch sinn d'Impfbussen ënnerwee fir am Gesondheets- a Fleegesecteur deene Leit ee Vaccin unzebidden, déi sech bis elo net impfe wollten oder konnten. De Moien huet ee vun den zwee Busse beim Altersheem um Houwald Halt gemaach.

Net verpassen

Programm

Dossieren

  • Chamberwalen 2023

    Den 8. Oktober gëtt zu Lëtzebuerg en neit Parlament gewielt. Kann d'Dräierkoalitioun vun der DP, LSAP an déi gréng weider d'Regierung stellen, oder gëtt et ee Regierungswiessel?

  • Gemengewalen 2023

    Den 11. Juni gëtt an de verschiddene Gemenge vum Land en neie Gemengerot gewielt. Wéi eng Sujete dominéieren d'Wal a wéi verleeft de Walkampf an de vereenzelte Gemengen?

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen