Radioen

On air

Mat Groove a Séil  |  Mat Groove a Séil

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ "Mir huelen dat extrem seriö"

Corona-Kris

"Mir huelen dat extrem seriö"

Fënnef Deeg no der Rebellioun am Prisong zu Schraasseg wier d'Situatioun do nach ëmmer ugespaant, sot d'Justizministerin Sam Tanson.

auto_stories

3 min

D'Sam Tanson ass Kultur- a Justizministerin

D'Justizministerin Sam Tanson kéint d'Tensiounen zum Deel verstoen: am Moment si jo keng Visitte méi erlaabt, d'Detenuë kënne just nach iwwer Telefon oder Skype mat de Leit, déi hinnen nostinn, schwätzen.

"Bis elo war do eng limitéiert Unzuel vu Posten, déi d'Detenuë konnte benotzen, mir hunn dat elo ausgebaut op aacht Computeren. Mir probéieren och déi Zäiten, wärend deene si kënne skypen, auszebauen. Mir ginn hinnen d'Moyene fir méi kënnen ze telefonéieren etc. Dat heescht, mir huelen dat extrem seriö, ech kann dat absolut verstoen. Nawell musse mer kucken, datt och Rou am Prisong ass."

Et wier wichteg maximal Precautiounen ze huelen, fir datt de Virus net an de Prisong kéim, sou d'Sam Tanson, well vill Prisonéier zum Krees vun de vulnerabele Persoune gehéieren:

"De Gros vun de Prisonéier gehéiert zu där sougenannter vulnerabeler Populatioun. Et si vill Leit, déi gesondheetlech Problemer hunn, déi Immunschwächten hunn, sief et well si Drogen-Historiquen hunn, sief et well si vläicht einfach och esou gelieft hunn, datt hir Gesondheet ugeschloen ass. Mir wëssen, datt wann de Virus an de Prisong erakënnt, datt et dann eng extrem sensibel Situatioun um gesondheetleche Plang gëtt."

Bis elo wier dat gelongen, seet d'Sam Tanson. Et wier nach keng Corona-Infektioun zu Schraasseg festgestallt ginn. All neien Detenu, deen an de Prisong kënnt, géif siwen Deeg laang isoléiert ginn an et géif gekuckt ginn, ob Symptomer sech entwéckelen. Wann dat net de Fall ass, da géif en "an den normale Regime" kommen, soss géif en Test gemaach ginn.

Kënschtler ënnerstëtzen

D'Artisten an d'Intermittents du spectacle sinn och zu Lëtzebuerg haart vun der Corona-Kris getraff. Dat kulturellt Liewen, sou wéi mer et virun der Kris kannt hunn, läit zu engem groussen Deel brooch. Fir déi Betraffen ze ënnerstëtzen, stëmmt d'Chamber de Mëtteg iwwer en Text of, erkläert d'Kulturministerin Sam Tanson:

"Et sinn zwee verschidde Statuten, eemol fir d'Artisten, eemol fir d'Intermittents du spectacle. D'Artiste kënnen elo bis zum Mindestloun ufroe pro Mount, normalerweis ass dat just d'Hallschecht (well dat als Complement geduecht ass). An d'Intermittenten, déi kënnen elo 20 supplementar Deeg pro Mount ufroen, déi dobäikomme bei déi normal 121 Deeg, déi si d'Joer kënnen ufroen."

Et wier wichteg, déi Kulturschafend ze ënnerstëtzen, fir datt si dës Kris iwwerliewen. D'Kulturministerin freet sech awer doriwwer, datt et trotz de strenge Restriktioune wéinst dem Coronavirus weiderhin eng kulturell Offer gëtt. Et wieren nei innovativ Formater entstanen. Kulturhaiser a Kënschtler hätten digital Weeër fonnt, fir hir Kollektiounen a Wierker dem Public um digitale Wee unzebidden. Dat wiere Projeten, déi och vum Ministère ënnerstëtzt géife ginn.

Aschränkungen am Alldag

Wéinst der Corona-Kris huet d'Regierung eng Partie Restriktiounen en Place gesat, déi en déiwen Aschnëtt an den Alldag vu ville Leit sinn. Mécht et der Ministerin Bauchwéi, esou Decisioune matzedroen? D'Sam Tanson mengt, datt Bauchwéi dat falscht Wuert wier.

"Mee ech fannen, datt ee muss mat enger ganz spezieller Verantwortung un déi Situatioun erugoen. Souwuel als Politiker, natierlech, wann een un d'Fundamenter vun eisem Rechtsstaat fréckele geet. Wéi awer och als Bierger, datt ee sech bewosst ass, wat geschitt a firwat datt dat geschitt. Et ass, Stand haut, liewenswichteg fir eis Gesellschaft, datt mer eis Rechter aschränken. Dat muss ëmmer verhältnisméisseg si mam Zil, dat mer wëllen erreechen."

Dës Aschränkungen dierfte just fir eng gewëssen Dauer gëllen. De Politiker an de Bierger misste sech awer absolut bewosst sinn, wat hei geschitt, esou d'Sam Tanson.