De Premier Xavier Bettel hat de 7. Januar op Twitter d'Attack op de Capitol als eng Attack op d'Demokratie an op d'Pressefräiheet kritiséiert. Den Ausseminister Jean Asselborn hat an Interviewe gefuerdert, datt den US-President virun e Strofgeriicht misst gestallt ginn.
The violences against the #Capitol are a heinous attack on the foundations of democracy and the freedom of press. We trust in the strength of the American people and institutions to overcome these times of division & look to President-elect @JoeBiden to take on this task.
- Xavier Bettel (@Xavier_Bettel) January 6, 2021
Ass d'Regierung solidaresch mat den Aussoe vum Lëtzebuerger Ausseminister? A consideréiert d'Regierung den Här Trump als e "Verbriecher"? Ënner anerem dës Froen hätt den Oppositiounsdeputéierte Fernand Kartheiser (ADR) gäre vum Premier a vum Ausseminister beäntwert.
Grënn fir d'Annulatioun
Eng geplangten Entrevue zu Lëtzebuerg, wier vun der Lëtzebuerger Regierung ofgesot ginn, esou CNN. Der New York Times no wier de Stopp vum Mike Pompeo zu Lëtzebuerg schonn wech gefall, nodeems den Ausseminister Jean Asselborn den US-President e "Kriminellen" an e "politesche Brandstëfter" genannt hat, dat nom Stuerem op de Capitol.
Den US-Ausseminister hätt seng lescht Europa-Rees wéinst ofgesoten Entrevue mat EU-Vertrieder gestrach, schreift iwwerdeems d'Agence Reuters, déi Insider zitéiert. Den Hannergrond wier, datt d'Europäer dem Mike Pompeo déi kal Schëller gewisen hätten. Zitéiert gëtt een Diplomat, dee seet, nom Stuerem op de Capitol zu Washington, géif een Treffe mam Pompeo d'US-Alliéierter a Verleeenheet bréngen.
D'Rees vum Nach-US-Ausseminister war eréischt e Méindeg ugekënnegt ginn. Haut an enger Woch gëtt zu Washington den neien US-President Joe Biden vereedegt.