Radioen

On air

Iwwer Mëtteg  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ "Mir hunn de Phenomen vun de Piraten ënnerschat"

Chamberwahlen 2018

"Mir hunn de Phenomen vun de Piraten ënnerschat"

"Mir hunn de Phenomen vun de Piraten ënnerschat", seet de Marc Baum, den Deputéierte vun déi Lénk. Dat géif méiglecherweis d'Resultat vun déi Lénk bei de Chamberwahlen erklären, dat jo manner gutt ausgefall ass wéi erwaart a wéi an de Sondagë virausgesot. D'Pirate wiere vu villen an der Ëffentlechkeet als eng Lénkspartei wouer geholl ginn, och wa si - senger Meenung no - eng liberal Partei wären, sou de Marc Baum.

auto_stories

3 min

D'Gauche wier awer net en Bloc geschwächt ginn, analyséiert de Marc Baum. D'Sëtzverdeelung wier an de leschten 20 Joer an deem Sënn relativ konstant gewiescht, datt déi dräi Parteien, déi klassescherweis zu der Lénker gehéieren, d'LSAP, déi gréng an déi Lénk, zesummen, ëmmer ëm 20 Prozent geleeën hätten. "Dat ass och dës Kéier de Fall. Dat heescht, déi gréng hu wesentlech méi däitlech kënne vun de Verloschter vun der klassescher Sozialdemokratie profitéieren, wéi mir eis dat eigentlech erwaart haten", seet de Marc Baum.

Oppositiounsaarbecht fänkt scho bei Koalitiounsverhandlungen un

Während de Koalitiounsverhandlunge wäerten déi Lénk e besonnesch strengt Aen op dat halen, wat d'LSAP um sozialpoliteschen an déi gréng um klimapolitesche Plang erreechen, sou de Marc Baum. Et géif een ebe probéieren op déi anzewierken, déi engem am nooste stinn. Et géif an deem Sënn net vill bréngen, op Divergenzen - wéi zum Beispill d'Steierpolitik - hinzeweisen, déi ee mat der DP hätt. Dat wier "Moutarde après dîner", sou de Marc Baum.

Et géif een als déi Lénk awer och genee suivéieren, wat déi gréng a Saache Klimapolitik beweegt kréien: Dat hat d'Partei den Donneschdeg schonn op enger Pressekonferenz ugekënnegt. Klimaschutz ass fir déi Lénk, vun der Wichtegkeet hier, neierdéngs op engem Niveau mat Aarmutsbekämpfung oder Logementspolitik. Dat wier e strategesche Choix, sou de Marc Baum. Dëse Choix géif sech awer och e bëssen aus der Realitéit erginn, d'Ursaachen an d'Folge vum Klimawandel wieren och zu Lëtzebuerg "ëmmer méi krass" ze gesinn. "An ech mengen och, datt e Bewosstsinn bei ëmmer méi Leit entsteet, datt een do muss géigesteieren."

Op deem Punkt hätten déi Lénk sech "inhaltlech virunentwéckelt", déi ekologesch Fro wier enk mat der sozialer Fro verknäppt. "Op där enger Säit sinn et sozial Inegalitéiten, déi d'ekologesch Kris weider accentuéieren. An déi ekologesch Kris trëfft, souwuel innerhalb vun de Länner, wéi och wann een elo de globale Süde kuckt, natierlech déi schwaachste Leit."

Eng fortschrëttlech progressiv lénk Politik misst déi ekologesch Fro mat där sozialer Fro verbannen, sou de Marc Baum.

"Et muss ee Fraen och paritéitesch an der Ëffentlechkeet optriede loossen"

An der Hallschecht vun der Legislaturperiod wäerten déi aktuell Deputéiert vun déi Lénk Marc Baum an David Wagner - am Respekt vum Rotatiounsprinzip - hir Plaz um Krautmaart raumen. Si wäerten dann duerch zwou Dammen ersat ginn. Firwat hunn déi Lénk eppes fäerdegbruecht, wat anere Parteien trotz 40 oder souguer 50 Prozent Kandidatinnen op hire Lëschten, net gegléckt ass, wat war d'Rezept? De Marc Baum erkläert sech dat esou:

"Eis Fraen hu mir och an de Virdergrond gesat. Mir hu gekuckt fir och op den Table ronden eng paritéitesch Besetzung ze hunn. Dat heescht, et geet net duer, 40 Prozent Fraen op de Lëschten ze hunn. Et muss ee se och paritéitesch an der Ëffentlechkeet optriede loossen. An dat hu mir gemaach."