Radioen

On air

Iwwer Mëtteg  |  Black Marble - Somewhere

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ "Mir kënnen eis esou Extrawurschten net méi leeschten"

#openlux

"Mir kënnen eis esou Extrawurschten net méi leeschten"

D'Auswäertung vun de Lëtzebuerger Firmeregëstere géif weisen, wéi staark Lëtzebuerg nach ëmmer zur aggressiver Steiervermeidung bäidréit. Dat seet de Sven Giegold: de gréngen Europadeputéierte plädéiert fir een Ëmdenken zu Lëtzebuerg, mee och an der EU méi allgemeng. Ugefaange mat enger méi strikter Kontroll vun de Firmeregëstere selwer.

auto_stories

4 min

Lëtzebuerg wier effektiv eent vun de wéinegen EU-Länner, déi schonn ee relativ transparent Regëster mat den effektive Beneficiairë vu Firme geschaf hunn, erkennt de Sven Giegold un.

Méi Iwwerpréiwung néideg

Aner Länner, dorënner Däitschland, géife sech nach schwéier doen. Europawäit missten nach Efforte gemaach ginn, zum Beispill beim Iwwerpréiwe vun den Informatiounen, déi d'Societéiten uginn:

"Zum Beispiel die Eigentümer der Firmen sind nicht immer korrekt ausgewiesen. Die sollten immer korrekt ausgewiesen sein. Da hat Transparency International ganz erstaunliche Differenzen zwischen den Angaben der gleichen Firma in Amerika und in Luxemburg gefunden. Und zum Zweiten sollte man all die Eigentümer einmal polizeilich gegen Datenbanken von Wirtschaftskriminellen laufen lassen, um sicher zu stellen, dass Kriminelle keine Firmen unterhalten können."

D'Roll vun Affekoten, Nottären an Domiciliatiounsgesellschafte gesäit de Sven Giegold och kritesch. Dës hunn d'Aufgab d'Identitéit an d'Honorabilitéit vun hire Cliente ze iwwerpréiwen, a sollen am Zweiwelsfall ee Verdacht op Geldwäsch bei den Autoritéite mellen. Dat geschitt an de meeschte Länner awer ganz seelen.

Den Europadeputéierte gesäit hei een Interessekonflikt als Ursaach. Wann een Nottär wéilt e Geschäft maachen, da wier seng Préiwung vläicht net esou streng wéi wann eng ëffentlech Plaz dat géing maachen.

Lëtzebuerger Steiermodell bleift intakt

D'OpenLux-Recherchë vun den internationale Medien, dorënner dem franséische Monde an der Süddeutschen Zeitung, hätten déi Zitat "erschreckend Envergure" vum Lëtzebuerger Geschäftsmodell oppe geluecht, fënnt de Sven Giegold.

Iwwer Firmen, déi dacks net méi wéi eng Adress am Grand-Duché hunn, géife Verméigen am Wäert vun iwwer 6.500 Milliarden Euro verwalt ginn:

"Luxemburg hat sein Steuersystem bewusst so gestaltet, dass es eben besonders dazu geeignet ist Einkünfte, die in einem Teil Europas erwirtschaftet wurden, durch Luxemburg durchzuschleusen in Länder, in denen es dann unbesteuert bleibt - also in Steueroasen etwa in der Karibik. Und diese Gestaltung des Steuersystems zum Zwecke der aggressiven Steuervermeidung, das ist schädlich."

Et wier net illegal, mee obwuel d'EU-Kommissioun zënter dräi Joer Ännerunge fuerdert, géif Lëtzebuerg deem net nokommen.

Och an enger Evaluatioun vun der EU-Kommissioun stoung zejoert, datt déi Lëtzebuerger Steierreegele fir aggressiv Steierplanificatioun genotzt ginn.

De Sven Giegold kritiséiert, datt et zu Luxemburg fir vill Zorte vu Gesellschaften, fir vill Akommeszorten keng Steiere gëtt. "Also etwa für Vermögenszugewinne und schon gar nicht, wenn das Geld weiter geschleust wird", sou de Giegold. Deem kéint Lëtzebuerg virbeugen.

Och Léisungen um europäesche Plang si gefuerdert

Anescht wier et, wann Immobilien aus dem Ausland vu Societéiten zu Lëtzebuerg gehale ginn.

Datt d'Revenuen zum Beispill aus de Loyeren an anere Länner dacks net besteiert ginn, wier net d'Schold vum Grand-Duché, seet dozou den däitschen Europadeputéierten, deen hei seng eege Regierung kritiséiert. Et wier "Blödheit" vun der däitscher Regierung, keng anstänneg Quellesteier ze erhiewen.

Lëtzebuerg kéint also villes a sengem eegene Steiersystem verbesseren, mee eng ganz Rei Léisunge kéinte just op europäeschem Plang fonnt ginn, mengt de Sven Giegold. Do géif dann awer ënner anerem de Grand-Duché dann nees blockéieren:

"Wenn es um konkrete Gesetzesvorschläge für eine gemeinsame Steuerpolitik in Europa geht, wie die Digitalsteuer oder die Steuertransparenz nach Ländern, dann sagt Luxemburg "Nein' im Rat. Und das ist eben höchst fragwürdig. Man sagt auf der einen Seite, Europa soll es ändern, aber in Europa stimmt man dann gegen die Vorschläge der EU-Kommission."

De gréngen Europadeputéierten ass iwwerzeegt, datt den Drock op déi Lëtzebuerger Steierpolitik wéinst der Corona-Kris awer staark wäert klammen: "Wir können uns diese Extrawürste nicht mehr leisten."