Radioen

On air

Owesconcert  |  Side by Side

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ "Mir kënnen eis keen zweete Waringo-Rapport erlaben"

Monarchie

"Mir kënnen eis keen zweete Waringo-Rapport erlaben"

Et wier am Interêt vu jiddwerengem - och vum Haff - datt Reegelen opgestallt ginn an datt sech dann och doru gehale gëtt, seet de Xavier Bettel. Hie wéilt der Monarchie nämlech net schueden, am Géigendeel.

auto_stories

2 min

De Xavier Bettel steet zu der Monarchie als Staatsform

De Grand-Duc Henri hätt verstanen, datt den Haff sech an Zukunft un déi Reegelen hale muss, seet de Xavier Bettel: "Ech mengen hie weess, datt ech en Alliéierte sinn". Et géif dem Xavier Bettel net drëm goe fir der Monarchie ze schueden.

"Ech verstoppen et net, datt ech zu eiser Monarchie stinn. Ech stelle mech jo virun en an hannert en."

De Xavier Bettel hätt dem Grand-Duc zwar Fidelitéit geschwuer, mee och fir d'Verfassung an d'Gesetzer ze respektéieren. "An dat eent passt bei dat anert", seet de Staatsminister. Et wier awer net einfach gewiescht fir dee Rapport unzefroen an duerchzezéien, gëtt hien zou.

Monarchie als Staatsform net a Fro gestallt

Säin Usaz wier et éischter, d'Monarchie ze moderniséieren, seet de Xavier Bettel:

"Ech schütze gär d'Institutioun. Dat ass och meng Missioun als Regierungschef, deen den Interlocuteur ass och vum Haff. Mir geet et drëms d'Institutioun ze moderniséieren an doduerch och ze stäerken.

De Premier wëllt, datt d'Monarchie weider bestoe bleift. "Ech wëll, datt mer eng Monarchie hunn, déi keng Kriticke vu bausse ka kréien. Datt mer net national oder international do an d'Schlagzeile geroden, well dat eent oder dat anert net funktionéiert."

De Xavier Bettel wier gefrot ginn, ob hien éischter fir de schwedeschen, belschen oder hollännesche Modell wier. "Ech hätt gär e lëtzebuergesche Modell", äntwert hien dorop.

"E lëtzebuergesche Modell, dee funktionéiert, deen transparent ass, wou et Reegele ginn, an déi Reegelen och applizéiert ginn. Wou et wierklech näischt ze verstoppe gëtt a wou een och keng Reprochë gemaach ka kréien. An ech mengen, datt eis Monarchie och Demandeur ass fir an déi Richtung ze goen."

De Grand-Duc trëtt net zeréck

De Xavier Bettel géif fest dovun ausgoen, de Moderniséierungsprozess um Haff mam Grand-Duc Henri duerchzezéien an op en Enn ze bréngen. Hien hätt keng Indikatiounen, datt eppes un de Rumeuren drun ass, datt de Grand-Duc géif drun denken ofzedanken.

De Grand-Duc wier "voll motivéiert" fir déi Transformatioun a Modernisatioun matzemaachen, an et wier "net een Zeeche vu Middegkeet, vu Schwächt oder vu Flemm" do gewiescht.

"Et ass keng einfach Situatioun. Fir keen. Mee de Grand-Duc wëllt mat an déi Richtung goen, an ech hu keen Zeeche kritt, datt et an eng aner Richtung sollt goen."