Radioen

On air

Kultur um 5  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ "Mir konnten net éischter mat de Buergermeeschtere schwätzen"

Spuerkeess

"Mir konnten net éischter mat de Buergermeeschtere schwätzen"

D'Spuerkeess hätt net éischter kënnen doriwwer kommunikéieren, datt eelef Agencë sollen zougemaach ginn, seet d'Françoise Thoma. Als éischt hätten d'Gremien déi Decisioun missten huelen. Si géif verstoen, datt Buergermeeschtere sech fir dat lokaalt Liewe géifen asetzen. Hir Bank wier awer selwer dofir responsabel, wéi se hir Servicer iwwer dat ganzt Land wéilt organiséieren.

auto_stories

2 min

D'Françoise Thoma ass Direktesch vun der Spuerkeess

D'Decisioun fir eelef Agence vun der Spuerkeess zouzemaachen, géif op laangen Iwwerleeunge baséieren, a si wier drop zeréckzeféieren, datt an de leschte Jore manner Clienten dës Agencë genotzt hätten, esou d'Françoise Thoma.

D'Spuerkeess versteet d'Reaktioun vun de Buergermeeschteren, seet d'Françoise Thoma. Der Direktesch vun der Spuerkeess no hätt et awer wéineg Sënn gemaach d'Gespréich am Virfeld ze sichen: "Wat hätte mer hinne gesot? Mir maachen eventuell zou?"

Servicer anescht ubidden

Et wier d'Responsabilitéit vun der Spuerkeess fir ze kucken, "wéi mir d'Servicer iwwer d'Land flächendeckend wëllen organiséieren". Et wier een elo am Gespréich mat den eenzele Buergermeeschteren, fir "jee no Gemeng eng Léisung ze fannen", déi acceptabel fir d'Leit sur place ass, a mat där si och liewe kënnen.

D'Françoise Thoma verweist op de Spuerkeess-Bus, deen nach Disponibilitéiten hätt fir och op Plazen ze fueren, "wou am Moment vläicht physesch iwwerhaapt keng Agence vun enger Bank ass". Fir Persounen déi sech guer net méi deplacéiere kënnen, géif un engem Service geschafft gi fir bei d'Leit heem ze goen, esou nach d'Françoise Thoma.

Kréie manner Leit e Prêt?

D'Spuerkeessdirektesch seet, si kéint net aschätzen, ob haut manner Leit en Immobilieprêt kréie wéi fréier. Verschidde Leit géife vläicht guer net méi de Wee op eng Bank fannen, well si dovun ausginn, datt si souwisou kee Prêt géife kréien, esou d'Françoise Thoma.

Si begréisst iwwerdeems, datt d'Finanzautoritéit CSSF zanter Kuerzem kann agräifen, wann de Risiko vun enger Immobilieblos besteet. An deem Fall kann d'CSSF de Banke méi streng Reegele bei der Vergab vu Prêten imposéieren.

D'Françoise Thoma mengt och, datt d'Warscheinlechkeet reell ass, datt dës Krittäre gräifen, och wa si keng genee Zuelen nenne wëllt. "Mir hunn an de leschte Méint, zanter datt d'Gesetz gestëmmt gouf, net festgestallt, datt sech iergendeppes verännert huet." Déi Mesure hätt am Moment keen Impakt op d'Clienten, esou d'Françoise Thoma.