Chamberwahlen 2018 "Mir maachen eng konkret Erneierung"

Den Alex Bodry bleift just nach ee Joer Fraktiounschef, huet awer fest wëlles säi Mandat als Deputéierten duerno bis un d'Enn vun der Legislaturperiod ze behalen. Hie wéilt sech awer och an der kruzialer Phas vun der Verfassungsreform aus deene méi haarden a polemeschen Ausenanersetzungen erauszehalen, déi een als Fraktiounschef noutgedronge féiere muss.

Maurice Molitor / cbi

Alex Bodry
Den Alex Bodry ass Fënneft-gewielte bei der LSAP am Süden.

De Poste vum Fraktiounschef wier nämlech schwéier kompatibel mat der Roll, déi hie wéilt spillen, fir déi reforméiert Verfassung an engem méiglechst breede Konsens duerchzekréien. Hie wéilt déi néideg Distanz zum politeschen Alldag hunn, esou den LSAP-Politiker.

Den Alex Bodry, deen als President vun der Verfassungskommissioun an der Chamber confirméiert gouf, wäert eng Haaptroll spillen an der Informatiouns- an Diskussiounscampagne am Virfeld vum Referendum.

Personell Erneierung: "Mir maache se direkt"

Déi personell Erneierung vun der Partei op de wichtegste Positioune wier ee Grond, firwat hien decidéiert hätt sech den 1. Januar 2020 als Fraktiounspresident zeréckzezéien. Den Député-Maire vu Suessem, Georges Engel, soll de Posten dann iwwerhuelen. Den Alex Bodry ënnersträicht, datt d'LSAP eng Erneierung um ganze Plang bräicht, mee datt fir hien d'Erneierung vun den Iddien déi wichtegst wier. "Mee Iddie ginn no baussen duergestallt a vertrueden duerch eenzel Persounen."

Nodeems d'LSAP een Drëttel vun der Regierungsequipe erneiert huet, an de Generalsekretär Yves Cruchten an de President Claude Haagen gesot hunn, datt si net méi wäerte fir hir Poste kandidéieren, ass et fir den Alex Bodry "eng Selbstverständlechkeet", datt hien net méi déi ganz Mandatsperiod wéilt Fraktiounschef bleiwen. "Aner Parteie schwätze mol vun Erneierung, mir maache se direkt", esou den Alex Bodry. Den 1. Januar 2020 gëtt de Georges Engel, den Député-Maire vu Suessem, neie President vun der LSAP-Fraktioun an der Chamber.

An der Mediathéik:

Invité vum Dag / / Maurice Molitor
Lauschteren

Méi zum Thema

Extraordinären LSAP-Kongress
Regierungsbildung

D'LSAP soll an d'Regierung goen. Dat gouf den Dënschdeg am Centre Barblé zu Stroossen decidéiert. Kritesch Téin koume wéi erwaart vun de Vertrieder vun de Jongsozialisten.

Sammy Wagner
Chamberwahlen 2018

Den LSAP-Parteipresident an den LSAP-Generalsekretär missten aus dem Wahlechec vun de Sozialiste Konsequenzen zéien. Dat fuerdert de Sammy Wagner, den LSAP-Schäffe vu Stengefort.

roeltgen.jpg
Riicht Eraus

Den OGBL-President, André Roeltgen, ass net iwwerrascht iwwer d'Resultater vun de rezente Sondagen. D'LSAP misst iwwer hir sozialpolitesch Ausriichtung nodenken. 

Programm

Net verpassen

  • 17.4. Riicht eraus: Claude Mangen

    Claude Mangen

    E Bléck an d'Vergaangenheet, an d'Aktualitéit an op d'Zukunft vum Kultursecteur zu Lëtzebuerg mam Direkter vum Mierscher Kulturhaus a President vun der Theaterfederatioun.

Dossieren

  • Déi eeleft Editioun vum LuxFilmFest

    Trotz Pandemie gëtt de Luxembourg City Filmfestival organiséiert. Déi 11. Editioun (4.-14. Mäerz) kritt dëst Joer awer eng liicht aner Nues: Filmer ginn deels am Kino deels online gewisen.

  • Drogen a Mënschen

    Zanterdeem et d'Mënschheet gëtt, hunn Droge si begleet. Haut hu vill Drogen e schlechte Ruff. Wisou ass dat esou a wat misst geschéien, fir besser iwwer eventuell Risike beim Konsum opzeklären?

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen