Radioen

On air

Notturno  |  Echt! - Vault-A

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ "Mir maachen zilorientéiert Politik"

Klimapolitik

"Mir maachen zilorientéiert Politik"

Wéinst der Corona-Kris wäert Lëtzebuerg seng Klimaziler fir 2020 wuel awer erreechen. D'Ëmweltministerin Carole Dieschbourg hält eng Hausse vun den Accisen um Sprit dowéinst elo net fir néideg.

auto_stories

4 min

Lëtzebuerg wäert seng Klimaziler fir 2020 wuel erreechen, wat ouni d'Corona-Kris mat grousser Warscheinlechkeet net gegléckt wier. Wéinst dem Lockdown louch de Spritverkaf an de leschte Méint deels ëm bis zu 70 Prozent ënner dem Duerchschnëttsniveau. D'Ëmweltministerin dréckt et esou aus: "D'Probabilitéit, datt mir eis Klimaziler erreechen, ass elo vill méi héich".

D'EU-Kommissioun hat an enger Evaluatioun ufanks des Joers domat gerechent, datt Lëtzebuerg säin Zil vu minus 20 Prozent Zäregasemissioune bis 2020 (am Verglach zu 2005) ëm fënnef Prozentpunkte géif verfeelen - wa keng Mesurë méi geholl géife gi fir deem entgéint ze steieren. An deem Fall hätt Lëtzebuerg op de Kaf vun Emissiounszertifikater missen zeréckgräifen.

Klimabilan 2013-2020

Ouni Corona-Kris an ouni eng weider Hausse vun den Accise wieren 2020 op d'Joer gekuckt méi Zäregasen emettéiert gi wéi 2013. Dat geet aus enger Projektioun vum Statec ervir. D'Carole Dieschbourg verteidegt hire Klimabilan trotzdeem: "Et wier esou gewiescht, datt mir minimal reduzéiert hätten", esou d'Ëmweltministerin zum Klimabilan vun hirer Amtszäit bis haut.

Kloer ass, datt d'Emissiounen zwar vun 2013 bis 2016 deels méi staark reduzéiert goufe wéi néideg. Mee zanterhier sinn d'Emissiounen all Joers - och 2019 - geklommen, wéi dës Graphik vum Ëmweltministère weist:

Bis op Weideres keng Accisen-Hausse

Fir 68 Prozent vun den CO2-Emissiounen, déi dem Grand-Duché zougerechent ginn, ass den Transport responsabel. Lëtzebuerg als Tank-Destinatioun sollt duerch eng weider Erhéijung vun den Accisen um Sprit manner attraktiv gemaach ginn. Déi fir Mäerz annoncéiert Hausse gouf wéinst der Corona-Kris no hanne verluecht.

Wéinst dem Deconfinement hëlt och de Verkéier elo nees zou. Mee wéini eng Hausse kéint kommen, huet d'Carole Dieschbourg net verroden:

"Dat kann een elo nach net soen. Mir gesinn nach net, wéi d'Relance sech erëmspigelt. Mir maachen zilorientéiert Politik hei. Dat heescht, wa mir mierken, datt déi Baisse unhält a mir d'Klimazil erreechen, da brauch een den nächste Schrëtt net direkt maachen."

Leasing: "Kucken, wou mir erauskommen"

Den 29. Mee sot de gréngen Energieminister Claude Turmes op enger Pressekonferenz, datt déi steierlech Avantagë fir Déngschtween am Kader vun der geplangter Upassung vum entspriechende Regime just nach fir Elektroautoe sollte gëllen. De grénge Mobilitéitsminister François Bausch huet deem géintiwwer RTL widdersprach: Zu dësem Zäitpunkt wier dat net realistesch.

D'Carole Dieschbourg ass beméit, déi zwou Positiounen zesummenzebréngen. D'Ministerin verweist drop, datt de Claude Turmes keen Datum genannt hätt, wéini déi steierlech Avantagen dann exklusiv fir Elektroautoe sollte gëllen.

Wéi genee déi geplangten Upassung vum Steierregimm fir Déngschtween kéint ausgesinn, wier awer nach net decidéiert, huet d'Carole Dieschbourg ze verstoe ginn:

"Mir wäerten an den nächste Wochen a Méint ganz konkret dorunner schaffen, ze iwwerschaffe wat aktuell do ass. An da musse mir kucken, wou mir erauskommen."

Klimaschutzgesetz gëtt nogebessert

D'Ministerin huet sech dofir ausgeschwat, fir dem kriteschen Avis vum Staatsrot zum Klimaschutzgesetz op enger Rei Punkte Rechnung ze droen. Notamment andeems déi sektoriell Ziler an d'Gesetz stoe kommen, amplaz an ee groussherzoglecht Reglement.

D'Carole Dieschbourg bedauert awer, datt déi vun hir proposéiert transversal Aarbechtsmethod am Kader vun engem interministerielle Comité op juristesch Awänn stéisst. Do misst een elo no enger Léisung sichen.

Mat an ouni Atomenergie

De Projet vum Klimagesetz gesäit vir, datt Lëtzebuerg fir d'Erreeche vun de Klimaziler net dierf op Atomenergie zeréckgräifen. Dat géif awer net heeschen, datt keen Atomstroum méi dierft importéiert ginn, esou d'Carole Dieschbourg. Haut sinn awer gutt zéng Prozent vum nationale Stroummix Atomstroum.

Nei Vëlosweeër: Méi séier?

D'Ëmweltministerin huet nach annoncéiert, datt si mam Mobilitéitsminister Bausch virum Summer wéilt eng Decisioun huelen, wéi eng vun de geplangte Vëlosweeër méi séier solle realiséiert ginn, wéi bis ewell geplangt. Méi Detailer wollt d'Carole Dieschbourg dozou net verroden.

"Gaardenhaischenaffär"

Zejoert huet der Carole Dieschbourg hiren Image staark gelidden, an der Affär ëm d'Renovatioun vum Déifferdenger Deputé-Maire Roberto Traversini sengem "Gaardenhaischen".

Wann d'Justiz zur Conclusioun kéim, datt d'Autorisatioun vum Ëmweltministère net konform war, da wier domat eng administrativ Decisioun viséiert, déi ebe richteg oder falsch kéint sinn. Si géif sech doduerch net politesch viséiert gesinn, esou d'Ministerin. An hir Motivatioun fir den Ëmwelt- an Naturschutz virunzebrénge wier weider grouss.