Radioen

On air

Iwwer Mëtteg  |  The National - New Order T-Shirt

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ "Mir mussen d'Handbrems zéien"

Klimasommet zu New York

"Mir mussen d'Handbrems zéien"

Nom Klimasommet zu New York virun der UNO-Generalversammlung gouf et Kritik un de Staats- a Regierungscheffen. Klimaexperte soen, hir Versprieche géifen net duergoen, fir de Klimawandel ze stoppen. Mir hu mam Lëtzebuerger Staatsminister Xavier Bettel geschwat, deen och um Klimasommet deelgeholl huet.

auto_stories

5 min

Philip Crowther: Här Staatsminister, Merci datt Dir Iech Zäit geholl hutt.

Xavier Bettel: Et ass eng Freed.

D'Greta Thunberg, déi jonk Aktivistin aus Schweden, huet um Climate Action Summit zu New York d'Regierungs- a Staatscheffe kritiséiert, si géifen net genuch maachen. Fillt Dir Iech ugesprach?

Jo, ech fille mech ugesprach, mee de ganze Sall huet sech ugesprach gefillt. Verschiddener wëllen et net eescht huelen, verschiddener maachen, wéi wa si et net géife verstoen.

Mee tatsächlech, mir gesinn, datt dausende vu jonke Leit - mee net nëmme jonk Leit - dausenden a Millioune vu Bierger, sech d'Fro stellen "wéi geet et weider?". Mir hunn eng Verantwortung, net nëmmen ze kucken, datt et de Bierger haut gutt geet, mee datt d'Bierger och muer nach eng Liewensqualitéit hunn, déi fir eis wichteg ass. Am Moment soen d'Experten, datt mir eis am gaange si selwer futti ze maachen. Dowéinst musse mir d'Handbrems zéien an eis déi Froe stellen, déi haut wichteg sinn: wéi geet et weider?

Mir si bei deenen, déi wierklech Ambitiounen hunn, mee ech gesinn, datt bei verschiddenen anere Länner een déi Impressioun net huet. Ech hunn Riede gelauschtert vun anere Staatscheffen, déi soen "Jo, et ass net schlëmm, wann dat eent oder anert geschitt". Mir sinn hei fir nozelauschteren, ech respektéieren, wat den een oder anere seet, mee ech deelen net onbedéngt d'Meenung vun deem een oder aneren, dee mengt, datt dat wierklech kee Problem wier.

D'Ekonomie ass wichteg, mee eis Ëmwelt muss op der Balance wierklech op d'mannst sou wichteg sinn, soss hu mir op eng Kéier keng Ëmwelt méi an dowéinst ass et wichteg, datt mir haut wierklech Aktiounen huele fir eis Zukunft gemeinsam ze gestalten.

Dir schwätzt vun anere Länner, hutt awer keng Nimm genannt. Wéi eng Länner hunn Iech hei enttäuscht?

Ech sinn net hei fir "Bashing" ze maachen, fir ze soen, wie gutt oder wie schlecht ass. Ech si just frou, datt mir zu deene gehéieren, déi Ambitiounen hunn, dofir och gëschter meng Interventioun bei der UNO. Gëschter waren déi Länner drun, déi eppes maache wëllen. Alleguerten déi bilateral Meetingen, déi mir hunn, si meeschtens mat Länner, déi eppes wëlle maachen, oder Initiativen, mat deene mir eis wëlle bedeelegen.

Ech wëll just drun erënneren, datt mir um europäeschen Niveau als Lëtzebuerger eng Koordinatiounsroll hunn a wierklech zu deene gehéieren, déi wierklech och en europäesche Plang wëllen hunn. Ech sinn och wierklech frou, datt d'Ursula von der Leyen, d'Presidentin vun der Europäescher Kommissioun, gesot huet, datt mir och misste kucken, wéi eng Mesuren et kéint gi vis-à-vis vun der Wirtschaft, vun deene Länner, déi sech un näischt halen.

Mir kenne gro a schwaarz Lëschten a mir wëssen, wat dat heescht. Firwat maache mir net schwaarz Lëschten, déi sech un näischt hale bei den Ëmweltcritèren? Da kënne mir kucken, wéi eng Méiglechkeeten een do huet, wann et anescht net geet, wirtschaftlech déi Länner och dozou ze bréngen, datt se gesinn, datt et eng Minutt virun 12 ass.

Dir hutt gëschter hei zu New York hei op der Bühn iwwer d'Lëtzebuerger Pläng geschwat fir géint de Klimawandel ze kämpfen. Et gëtt e Klimaplang vu Lëtzebuerg, dee soll zu Bréissel presentéiert gi virun Enn vum Joer. Wéini gëtt dee Klimaplang zu engem Klimagesetz?

Wann e mol fäerdeg ass da gëtt e presentéiert an dann ass d'Chamber, déi dat decidéiert. Et ass net u mir. Mir preparéieren d'Aarbecht an et ass d'Chamber, déi d'Texter stëmmt.

A wéi no si mir drun?

Wa mir fäerdeg sinn, gitt Dir et gewuer.

Wat konkret Pläng ugeet fir CO2-Emissiounen erofzekréien: wéi eng Secteure sollen do Ärer Meenung no besonnesch vill Aarbecht leeschten?

Dat sinn alles Punkten, déi am Klimapakt herno zeréckbehale ginn. Wann d'Aarbecht bis fäerdeg ass, wäerte mir deen als Regierung och zeréckbehalen an e wäert da presentéiert ginn. Dir gitt da gewuer, wat déi verschidden Aktiounen a Piste sinn, déi mir zeréckhalen.

Ass et am Moment Är Impressioun, datt déi dräi Haaptparteien sech op deem Punkt eens ginn, oder ginn et do Meenungsverschiddenheeten, wat de Klimaplang an en eventuellt Klimagesetz ugeet?

Mir hu gemeinsam Ziler, mir hunn e gemeinsame Koalitiounsaccord an ech sinn do, fir ze kucken, datt dat och während deenen nächste véier Joer och ëmgesat gëtt. Dat ass meng Missioun, meng Aarbecht a mir hunn all gemeinsam Ziler, déi mir eis ginn, an do gëllt et net ee géint deen aneren ze sinn, mee all zesummen.

Villmools Merci fir d'Gespréich.

Merci och.