Radioen

On air

De Moien  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ "Mir si voller Elan"

Esch 2022

"Mir si voller Elan"

An den Ekippen, déi un der Virbereedung vum Kulturjoer schaffen, wier d'Stëmmung eng ganz aner, wéi een no de villen negative Schlagzeile ronderëm Esch 2022 kéint mengen. Dat sot den Escher Kulturschäffe Pim Knaff.

auto_stories

3 min

An de Kulisse vun Esch 2022 géifen d'Leit mat "vill Freed" op dat iwwernächst Joer hischaffen. Dat soll Enn der Woch och op engem Event däitlech ginn, deen éischt Indikatiounen iwwer de Programm wäert liwweren.

De Pim Knaff freet sech, ob net bewosst probéiert gëtt, Esch 2022 an e schlecht Liicht ze réckelen. Et géif hien "net wonneren" wa Verschiddener wéilten, datt Esch 2022 net géif reusséieren. D'Ekipp wier awer "voller Elan", an et hätt ee mat Esch-Belval "ee ganz flotten an attraktiven Aktivitéitspol", ëm dee bestëmmt och vill Leit si géife beneiden.

Parquet soll virun der Defense plädéieren

Deen neien DP-Deputéierte Pim Knaff, dee vu Beruff Affekot ass, wëllt sech a senger neier Funktioun dofir asetzen, datt eng al Reegel a Strofprozesser geännert gëtt. Hien hätt gär, datt an Zukunft den Affekot vum Beschëllegen nom Parquet d'Wuert kritt an net scho virdru plädéiere muss.

"Mir funktionéieren net méi konform zu eisen internationalen Engagementer", seet de Pim Knaff. Am Ausland wier dat anescht gereegelt. "Ech mengen, mir sinn dat eenzegt Land op der Welt, wou den Affekot muss virum Parquet plädéieren, an de Parquet am Fong de Resumé vun der Affär mécht."

De Pim Knaff mengt, datt de Parquet seng Uklo misst ënnermaueren, an dorop misst d'Defense kënne reagéieren an hir Meenung soen. "Fir d'éischt misst een emol am Detail gewuer ginn, wat ee reprochéiert kritt." Dat wier awer net deen eenzege Problem, seet de Pim Knaff.

D'Uelzechtstrooss erëm beliewen

De Pim Knaff ass fir de verstuerwenen Eugène Berger an d'Chamber nogeréckelt. Politik um nationale Plang ass vläicht nei fir hien, um kommunalpolitesche Plang huet hien allerdéngs schonn e puer Joer Erfarung um Bockel: zu Esch/Uelzecht, wou hien zanter 2000 am Gemengen- an zanter 2017 am Schäfferot sëtzt.

Do ass hien nieft der Kultur och zoustänneg fir déi ekonomesch Prospektioun. Et gehéiert also zu sengen Aufgaben, fir nees Liewen an d'Uelzechtstrooss - déi längste Foussgängerzon am Land - ze bréngen. De Pim Knaff ass optimistesch, datt een déi Strooss erëm esou belieft kéint kréien, datt ee kee Leerstand méi op där Strooss hätt.

"Ob mer et elo awer fäerdeg bréngen, datt déi Lokaler op deem Kilometer nach just duerch Commercë besat sinn, dat bezweiwelen ech och. Dat mengen ech net."

Et wier wichteg, datt Leit am Zentrum schaffen, well dat déi wieren, déi herno Aktivitéit fir Restauranten an aner Geschäftsleit géife bréngen. De Pim Knaff schwätzt ënner anerem Startuppen an de Secteur tertiaire un. "Et ass wichteg, datt am Zentrum eppes lass ass", esou den neien DP-Deputéierten.