Radioen

On air

Kultur um 5  |  Rome - Born In The E.U.

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Mir sinn all Deel vun der Léisung!

Fräie Mikro

Mir sinn all Deel vun der Léisung!

2020 huet eis all kal erwëscht. E Liewe mat Liichtegkeet huet net méi dierfe sinn, Eis Konsumgewunnechten hu mer missen änneren a virun allem eis sozial Kontakter staark aschränken. Wat fir Konsequenzen huet dat op eist Zesummeliewen, freet sech d'Laura Zuccoli, Presidentin vun der ASBL ASTI, der Association de Soutien aux Travailleurs Immigrés, am Fräie Mikro.

auto_stories

3 min

D'Laura Zuccoli ass Presidentin vun der ASBL ASTI, der Association de Soutien aux Travailleurs Immigrés. Foto: Archiv

Mir hunn an der Angscht virum Virus an ëm eis Gesondheet vill Aschränkungen a Kaf geholl. Verhältnesméisseg wéineg gouf bei eis iwwer d'Rechtfertegung vum Beschneide vun eise Grondrechter debattéiert. D'Konsequenze vun de Mesuren, déi geholl goufen, sinn allerdéngs net ze iwwersinn.

Mir hunn eis an den enkste Krees vu Famill a Frënn zeréckgezunn. Dobäi ass vill Leed ronderëm eis bliwwen: eeler Leit si wärend der Isolatioun sozial prekariséiert, Mënsche sinn eleng gestuerwen, vill sinn an Depressioune gefall, hu wichteg medezinesch Interventiounen aus Angscht virum Virus ënnerlooss a sech domat gesondheetlech Risiken ausgesat, anerer si veraarmt, well si hir Aarbecht verluer hunn an domadder och Zukunftsaussiichte fir sech an hir Famill.

Kanner a Jonker - besonnesch déi aus sozial schwaache Milieuen - sinn duerch Homeschooling a Confinement nach méi benodeelegt ginn a krute mat hirer Fräiheet och hir Liichtegkeet, en elementaren Deel vun der fräier Entfalung wärend der Jugend, ewechgeholl. De Gruef tëschent de soziale Schichten am Land weider opgebrach.

Et ass vill Schued entstanen

Konzentréiert op eist eegent Wuel, hu mer opgehalen, eis fir d'Liewensbedéngunge vun de Mënschen an den Entwécklungslänner ze intresséieren. Kricher a Konflikter, déi weider Doud, Verwüüstung an Hongersnout fir d'Zivilbevëlkerung bréngen, si vun eise Schiermer verschwonnen, eisen Interessi u Mënschen op der Flucht ass eis vergaangen, den Elend an de Flüchtlingscampen un den EU-Baussegrenzen ass keen Theema méi.

Am Beräich vum sozialen Zesummenhalt a vun der Solidaritéit ass vill Schued entstanen. Lëtzebuerg, e Land, wou vill verschidde Kulturen zesummeliewen, brauch elo dringend kleng a grouss Initiativen, déi déi sozial Kontakter nees stimuléieren. Wéi z. B. online-Sproochepraxis, wou Mënschen aus verschidde Kulturkreesser sech virtuell mat Awunner vu Lëtzebuerg austauschen, fir eng Sprooch ze trainéieren.

Dat selwecht gëllt fir eng Noperschafts-App, mat där d'Leit am Quartier, am Duerf oder an der Gemeng matenee kommunizéieren, Servicer oder Saachen austauschen an eventuell gemeinsam Aktivitéiten organiséieren.

Eis Erfarung mam Covid soll eis an Zukunft dovunner ofhalen, weider Wunnengsinfrastrukturen ze bauen, bei deenen de Mënsch a säi Bedürfnis no soziale Kontakter vergiess gëtt, bei deene Garagen a Parkplaze méi wichteg si wéi ëffentlech zougänglech Raimlechkeeten, wou d'Leit sech kënnen treffen, matenee schwätzen an zesummen eppes ënnerhuelen.

Mir maachen d'Aen zou

Aus Angscht, selwer eppes ze verléieren, maache mir d'Aen zou virum Misär bei eis an an der Welt. Mir verschléissen eis der Migratioun, obwuel grad dës et nach ëmmer de Gesellschaften erlaabt huet, sech ze erneieren. An engem Europa, dat ëmmer méi al gëtt, ass d'Migratioun iwwerliewenswichteg.

Dofir brauche mer human an humanistesch EU-Immigratiounsreegelen an eng Integratiounspolitik, déi op enger opgeschlossener Wëllkommenskultur an engem respektvollen, toleranten a solidareschen Zesummeliewe baséiert.

Och aus ekologesche Grënn musse mer eis Liewensweis grondleeënd veränneren. An dat musse mer zesumme maachen, alleguer, solidaresch, egal ob aarm oder räich, Lëtzebuerger oder Auslänner, soss gëtt dat näischt. Ouni sozialen a kulturellen Zesummenhalt ass eng nohalteg ökologesch Verännerung net méiglech.

Fir et am Covid-Jargon ze soen: Mir sinn all Deel vun der Léisung!


Mam Zil fir déi ëffentlech Debatt ze fërderen, invitéiert de radio 100,7 am Fräie Mikro Leit aus der Zivilgesellschaft fir aktuell Theemen ze kommentéieren. De Fräie Mikro ass e Gaaschtbäitrag mat Richtlinnen, am Respekt vun eisem Cahier des Charges, ënner der finaler Responsabilitéit vum radio 100,7.Dëse Bäitrag gëtt d'Meenung vu sengem Auteur erëm an net vun der Redaktioun.