Radioen

On air

Espresso Beats  |  Black Pumas - Gemini Sun

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ "Mir sinn alleguer responsabel"

Bëschbränn am Amazonas

"Mir sinn alleguer responsabel"

D'Welt kuckt op Brasilien. Ronn 80.000 Bränn goufen do gemellt. ONGe warnen: Déi Bëschbränn betreffen net just Brasilien, mee och d'Nopeschlänner an eis alleguer.

auto_stories

2 min

Op iwwer 7,4 Millioune Quadratkilometer erstreckt sech déi sougenannte Long vun der Welt. Den Amazonas generéiert Schätzungen no bis zu 20 Prozent vum Sauerstoff weltwäit. Mee rout Flecken op Satellittebiller weisen: net nëmme Brasilien ass concernéiert vun de Bränn, seet d'Gabriela Caceres vun der ASTM, der Action Solidarité Tiers Monde, mee et kéint een de selwechte Phenomen och am Peru gesinn.

Ganz Latäinamerika betraff

Indigen Bevëlkerungen um ganze Kontinent leiden ënner der Exploitatioun vun der Natur, wei zum Beispill de Bëschbränn, sou d'Gabriela Caceres. Dëst betrëfft net nëmmen d'Bevëlkerungen am Amazonas, mee a ganz Latäinamerika.

Bëschbränn a Latäinamerika (15. bis 22. August 2019) Foto: NASA

D'Exploitatioun vu Goldminnen a Bëschrodungen zerstéieren hire Liewensraum. Dacks sinn dës Entreprisen illegal, ginn awer vun den Autoritéiten toleréiert. Ënner anerem de Jair Bolsonaro, President vu Brasilien, wëllt Naturschutzgebidder a Reservater fir indigen Vëlker verstäerkt wirtschaftlech notzen.

Relatioun tëschent EU a Mercosur-Staaten

Och Lëtzebuerg huet eng Verantwortung, sou d'Gabriela Caceres. Duerch ee globaliséierte Marché spillt och d'Demande vun engem europäesche Land eng Roll bei der Fro, wéi den Amazonas als Ressource gehandelt gëtt. Als Beispill nennt si d'Alimentatioun.

Wéinst de Bränn am Amazonas riskéiert d'Fräihandelsofkommes tëschent der EU an de Mercosur-Staaten, also dem Staatebond aus Brasilien, Uruguay, Bolivien a Paraguay, ze kippen. Mercosur soll den Zoll um gemeinsamen Handel vu ganz ville Produiten ofschafen. Den Alexander Feldmann vun Etika, eng Initiativ fir alternativ Finanzéierung, ass skeptesch: op där enger Säit bëllege Soja importéieren an op där anerer Säit Autoen zu méi favorabele Konditiounen ze exportéieren, "dat ass schwiereg".

Eise Konsum huet en Impakt

Brasilien ass ee wichtege Produzent vu Sojabounen a Rëndsfleesch. Vill Bëschbränn goufe vu Bauere geluecht fir méi landwirtschaftlech Notzfläche kënnen unzeleeën. D'Fräihandelsofkommes géif deene Produiten den Zougang zum europäesche Marché vereinfachen. De Problem dobäi ass fir den Alexander Feldmann, datt et an der EU zwar e "relativ héijen Ëmweltschutzstandard" géif ginn, mee datt dofir op anere Plaze "wéinst eis de Bësch brennt".

Den eegene Konsum hänkt ëmmer vun der Produktioun of, sou also och dovun, wéi den Amazonas als Ressource behandelt gëtt. Fir den Alexander Feldmann ass dowéinst net nëmme Brasilien an der Verantwortung: "Mir sinn hei och responsabel, mir alleguer."